Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’ULC zum VW-Dieselskandal: d’Rechter vun de Konsumenten net vergiessen!
Neiegkeeten

D’ULC zum VW-Dieselskandal: d’Rechter vun de Konsumenten net vergiessen!

Beim Oberlandesgeriicht zu Braunschweig huet ee Mammutprozess géint Volkswagen ugefaangen.

best dating sites for minors
san diego dating site
Neiegkeeten

Editorial: Wann een net méi mat mécht

Eigentlech misst een et hautdesdaags kengem méi erklären, mee dem

Doppingverdacht beim Spiller vum CS-Fola bestätegt
Neiegkeeten

Doppingverdacht beim Spiller vum CS-Fola bestätegt

Déi Lëtzebuerger Antidopping-Agentur (ALAD) huet um Méindeg d‘Virwërf géint den

1. Mee beim LCGB: selbstbewosst ewéi nach ni!

1. Mee beim LCGB: selbstbewosst ewéi nach ni!

Et war nach roueg um Mëttwoch de Moien zu Réimech op der Esplanade, éiert ëmmer méi gréng gekleete Leit sech beim groussen Zelt virun der Schwämm zesummefonnt hunn. De Gewerkschaftsbond LCGB huet den 1. Mee op “hiren” Dag agelueden. Thema war ënner anerem Europa, de sozialen Equiliber souwéi déi lescht Sozialwahlen.

D’Fest vum 1. Mee stoung un, a soumat huet den LCGB hir Memberen op “hire” Feierdag – den Dag vun der Aarbecht – mat engem gutt gefëllte Programm an Animatioun invitéiert. Mat engem éischten Highlight ass et dunn och scho lass gaangen: dem LCGB-President Patrick Dury hunn Honnerte vu Leit bei senger Ried gespaant nogelauschtert. An ugesiichts de gudde Resultater bei de Sozialwahlen weist ee sech beim LCGB selbstbewosst.

“Haut ass Muer” – de Slogan vum LCGB. © Melvin Hatto/moien.lu

Lëtzebuerg: Europa am Klengen

Bei senger Ried gedenkt de Patrick Dury dem kierzlech verstuerwene fréiere Staatschef Grand-Duc Jean a bezeechent hien als aussergewéinleche Mënsch, deen ëmmer versicht huet, ee perséinleche Bezuch zu de schaffende Leit ze hunn. Den LCGB stellt dësen 1. Mee an Éieren a Gedenken un de Grand-Duc Jean, deen duerch seng Mënschlechkeet a säin Asaz fir ëmmer an Erënnerung wäert bleiwen, esou de Patrick Dury.

Am Fokus vun der Ried waren och déi bevirstoend Europawahlen Enn des Mounts. Zwar hätt een nächst Woch mam Europadag en neie Feierdag bäikritt, ma e Feierdag eleng dierft net duergoen, fir datt Europa net a Schierbelen zerfale soll. Den LCGB bekennt sech zu Europa a weist sech besuergt, datt europawäit ëmmer méi Populisten am Opkomme sinn.

Et wier absolut inakzeptabel, datt 100 Joer nom Enn vum éischte Weltkrich a 75 Joer nom Enn vum zweete Weltkrich Intoleranz, Rassismus a Friemenhaass sech nees a verschidde Käpp breet maachen. Insbesonnesch am Soziale bräicht et dem LCGB no eng Ëmsetzung vum europäesche Projet, Lëpsebekenntnisser ginn do net duer.

Esou dréckt den LCGB sech fir e gemeinsamt Europa aus a fuerdert, datt am Kader vun dësem Europawahlkampf déi europäesch Iddi vum Mateneen nees an de Virdergrond gesat gëtt. Ouni Europa géif et kee Fridden a keng Fräiheet ginn, an ouni dës fundamental Saile kéint et net zu méi sozialer Gerechtegkeet kommen. An eigentlech géif dëst och Lëtzebuerg betreffen – wier Lëtzebuerg dach e Stéck wäit Europa am Klengen.

Wéi demokratesch ass d’Fundament an eisem Land?

Et gëtt och drun erënnert, datt bei de leschte Sozialwahle vu ville Säite kritiséiert ginn ass, datt nëmmen e knappen Drëttel vun de Wieler hiert Wahlrecht benotzt huet. D’Representativitéit vun der Chambre des Salariés wier dowéinst oft a Fro gestallt ginn. Ma de Patrick Dury dréit mat senger Fro de Spiiss einfach ëm: Wéi representativ ass d’Chambre des Députés dann? Ware leschten Oktober nëmmen 234.000 Leit berechtegt un dëse Wahlen deelzehuelen.

An deem Kontext, als Moossnam fir Lëtzebuerg méi demokratesch ze maachen, fuerdert den LCGB dat aktiivt a passiivt Wahlrecht fir alleguerten d’Matbierger hei am Land. Dëst och, fir de Gruef tëscht Secteur Privé a Fonction Publique net weider auserneegoen ze loossen. Déi reegelrecht Zwouklassepolitik wier duerch absolut näischt gerechtfäerdegt – sozial Gerechtegkeet geséich anescht aus, echaufféiert sech de Patrick Dury.

LCGB

“Do huet en nawell recht.”, dëst huet een ëfters lénks a riets op den Dëscher héieren, wéi de Patrick Dury seng Ried gehalen huet – vill Zousproch also fir den LCGB-President. © Melvin Hatto/moien.lu

E globaalt Steierkonzept fir e gerechten Equiliber

D’Regierung huet decidéiert, de soziale Mindestloun ëm 100 Euro Netto eropzesetzen. Zwar wier dëst e Schrëtt an déi richteg Richtung, ma et géif awer nach laang net duergoen. Deemno misst de Mindestloun esou ugepasst ginn, datt ee sech domat net méi un der Aarmutsgrenz erëmfënnt.

Esou stellt den LCGB der Regierung eng Rei Fuerderungen, wéi beispillsweis dat automatescht a reegelméissegt Upasse vun der Steiertabell un den Index oder e globaalt Steierkonzept, dat d’Belaaschtung vun de Betriber an de Salariéen nees an e gerechten Equiliber bréngt. Et géif ee sech nämlech froen, wou déi steierlech Entlaaschtunge fir d’Salariéen an d’Pensionnaire bleiwen, nodeems d’Regierung decidéiert huet, d’Betriber steierlech ze entlaaschten.

“Zu Esch ass Een lass marschéiert, fir den LCGB dout ze maachen…”

Am Kontext vun de Resultater bei de Sozialwahlen virun e puer Woche weist ee sech beim LCGB mat breeder Broscht. Gläichzäiteg wier een sech awer och der grousser Verantwortung bewosst, déi ee säitens de Salariéen operluecht krut. Dës Resultater wieren ouni den onermiddlechen Asaz vun hire Kandidaten a Memberen net zustane komm a stellen eng gesond Basis fir d’Entwécklung vun der Gewerkschaft duer, esou de Patrick Dury.

Och nach drop higewisen huet de Patrick Dury op de gefouerte Wahlkampf, deen een ouni “Gepiddels mat aneren” bestridden hätt. Et hätt ee sech – am Géigesaz zu aneren – op déi eege Stäerkte konzentréiert.

“Zu Esch ass Een lass marschéiert, deen den LCGB wollt dout maachen.” – d’Leit hu fir d’éischt missten driwwer rätselen, wien de Patrick Dury mat dëser Uspillung gemengt soll hunn. Kuerz duerno ass awer deene meeschten d’Späicherliicht opgaangen. Den LCGB-President weist sech houfreg, datt een déi national Representativitéit net nëmme behalen, ma och ausgebaut hätt, an den LCGB “esou staark an esou lieweg wéi nach ni” wier.

Zum Ofschloss an no engem “Vive den LCGB! Vive d’Membere vum LCGB!” ass et ënnert de Leit keen Hale méi ginn a si si mat Applaus opgestanen – huet ee sech op dësem speziellen Dag e Stéck wäit selwer gefeiert an uschléissend e schéinen Dag bei summerlechen Temperaturen, gudder Stëmmung a leckerem Menü zesumme mat Famill a Frënn ausklénge gelooss.

Wann den Nowuessreporter virun all deenen anere schonn op der Plaz ass… © Melvin Hatto/moien.lu

Foto: Als President vum LCGB weist de Patrick Dury sech hisiichtlech de gudde Resultater bei de Sozialwahlen selbstbewosst bei senger Ried vum 1. Mee. © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten 1. Mee, Gewerkschaft, LCGB, Patrick Dury
Nächsten Artikel Virrechten Artikel