Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘ASTI militéiert fir en Zesummeliewen an d‘Integratioun
International Neiegkeeten

D‘ASTI militéiert fir en Zesummeliewen an d‘Integratioun

Lëtzebuerg ass multikulturell a säi Räichtum huet et virun allem

money
D‘Vereenegung vun de Banke a Banquiere gesäit de Secteur an Nout
International Neiegkeeten

D‘Vereenegung vun de Banke a Banquiere gesäit de Secteur an Nout

D‘ABBL, eng vun den Aflossräichste Patronatsvertriedungen zu Lëtzebuerg, stellt dréche

Keng Loscht op Haass, Rassismus a Sexismus? (An eegener Saach)
International Neiegkeeten

Keng Loscht op Haass, Rassismus a Sexismus? (An eegener Saach)

Et muss een sech net mat engem Sticker, T-Shirt oder

Däitschland: 1 Millioun Opluetstatioune bis 2030

Virum haidegen „Auto-Sommet“ am Kanzleramt, huet sech déi däitsch Bundeskanzlerin zu engem däitlechen Ausbau vun den Opluetstatioune fir e-Autoe bekannt. An hirem wëchentleche Podcast „Bundeskanzlerin direkt“ huet sech d‘Angela Merkel fir 1 Millioun Opluetstatiounen ausgeschwat.

Bei dësem zweeten Auto-Sommet soll et awer net nëmmen ëm d‘Opluetstatioune goen. Et wäert hei och ëm d‘Fërderung vun alternativen Undriffsméiglechkeete goen. Dat méiglecherweis iwwert den Ëmwee vun enger Kaf-Primm. Un dëser soll sech awer net eleng d‘Regierung bedeelegen, hei soll och d‘Automobilindustrie hire Beitrag leeschten. Zu den neien Undriffsméiglechkeete gehéiert nieft der Elektromobilitéit och de Waasserstoff.

Am Kontext vun de Gespréicher, muss sech och iwwert d‘Auswierkunge vum Mobilitéitswandel op d‘Aarbechtswelt ënnerhale ginn. Aus dësem Grond sinn och d‘Zouliwwerer vun der Autoindustrie ageluede ginn, well dës eng Roll bei der Transformatioun vum klassesche Verbrennungsmotor zur Elektromobilitéit spille kënnen. Dem Angela Merkel wier et wichteg, datt Däitschland seng gutt ausgebilte Fachleit mat an eng klimafrëndlech Zukunft hëlt.

Wann dat alles sécherlech ganz lueflech ass, esou muss een awer ze bedenke ginn, datt et sech hei eenzeg ëm eng politesch, also net verflichtend, Ausso handelt. Et hänkt hei villes vum Wëlle vun der Autolobby of an déi huet e groussen Afloss op déi däitsch Politik. Zudeem muss gewosst sinn, datt fir d‘Klimaziler vun der EU ze erreechen, et bei eisen Nopere bis 2030 misst bis zu zéng Milliounen e-Autoen op de Stroosse ginn.

Dat wäert net ze realiséiere sinn, zumindest net mat der däitscher Automobilindustrie, déi zwar am Elektro-Segment gutt Fortschrëtter gemaach huet, trotzdeem wäit hannert der Konkurrenz läit. Och d‘Präisser an d‘Reechwäite sinn, den Ament zumindest, wéineg „uspriechend“. Et ass awer wichteg fir de Standuert Däitschland, hei dergéint ze steieren. A wann esou en elektrescht Gefier manner Autonomie wéi e Bensinner huet, brauch et méi Opluetstatiounen…

mat indymedia/ber

Foto: Markus Distelrath / Pixabay

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Auto-Sommet, Automobilindustrie, Däitschland, Elektromobilitéit, Opluetstatiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel