Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Israel wëll Al-Jazeera erausgeheien
Kultur Neiegkeeten

Israel wëll Al-Jazeera erausgeheien

Gëschter huet de Premierminister vun Israel, de Benjamin Netanyahu, annoncéiert,

Fir dëse Lëtzebuergesch-Quiz brauchs du Nerven aus Stol!
Kultur Neiegkeeten

Fir dëse Lëtzebuergesch-Quiz brauchs du Nerven aus Stol!

Wéi all Freide presentéiere mer och haut eisen neie Lëtzebuergesch-Quiz!

Gëtt et eng Präventioun géint de Suicide?
Kultur Neiegkeeten

Gëtt et eng Präventioun géint de Suicide?

Sech d‘Liewen huelen ass éischter seelen eng geplangten Dot. Experten

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen
This is my bed © Fondation EME
10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen
Projet "Joy" © Fondation EME
10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen
Musék mat Jonk an Al © Fondation EME
10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen
Looss alles eraus © Fondation EME
10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen
Gospel & Friends © Fondation EME
10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen
Concert an enger Maison du Soin (2011) © Fondation EME

Scho säit 2009 ass et d’Missioun vun der Fondatioun EME, fir Mënschen een Zougang zur Musek ze erméiglechen, déi vum kulturelle Liewen ausgeschloss ginn. Dës sozial Initiativ mat heelendem Charakter ënnerstëtzt een interaktiivt Musek-Erliefnis a bréngt divers Gruppen zesummen, fir un de räichhaltegen Offeren deelzehuelen. Kommende Weekend feiert d’Fondatioun EME säin 10. Gebuertsdag a luet Iech all häerzlech an!

Scho säit der Erëffnung ass et d’Ziel vun der Philharmonie ee musikalescht Erliefnis fir jiddwereen ze bidden. Aus finanziellen a soziale Grënn ginn awer ëmmer nees bestëmmt Persounegruppen dru gehënnert, fir un den Offeren deelzehuelen. Esou koum d’Iddi zur Fondatioun EME op, déi sech fir d’Solidaritéit an d’Inklusioun vun alle Mënschen asetzt.

Déi éischt Tester mam OPL hunn een enorme Succès bewisen, wouduerch d’Stëftung mëttlerweil op eng beandrockend Unzuel vu Projeten zeréckblécke kann. Mat der Zäit hunn d’Zilgruppen sech ëmmer méi ausgeweit, wouduerch si souwuel d’Spideeler, d’Psychiatrien, Altersheimer, Flüchtlingsheemer, mee och Leit aus dem Prisong a vill weider Persoune bei hiren Atelieren a Concerte mat abezéien. D’Fondatioun kann dobäi op phenomenal 600 Evenementer, mat 15.000 Participanten am Joer 2018 zeréckblécken! D’Finanzéierung vun de Projete gëtt hei eleng duerch Spenden, Noléiss a Schenkungen erméiglecht.

Mat der Zäit huet d’Stëftung, duerch hir dankbar Participanten, déi immens opgebléit sinn, geléiert, datt hir Aarbecht vun enormer Bedeitung ass. Sou sollten hir Projeten iwwert eng länger Dauer lafen an et si Partnerschafte mat verschiddenen Ariichtunge fir Sonnerpedagogik an diversen Institutiounen agaangen. Donieft huet sech och d’Netzwierk u professionelle Museker, déi mathëllefe wollten, dauernd vergréissert, wouduerch eng ambitionéiert Equippe aus méi wéi 100 Persounen eru gewuess ass, aus de Beräicher Musek, Danz, Erzielkonscht a Schauspill.

eme

Emotional Biller vun de leschten 10 Joer sinn an der Philharmonie ze gesinn © Fondation EME

Mat Diversitéit iwwerzeegen, mat Passioun agéieren

Der Fondatioun EME ass et besonnesch wichteg, jiddwerengem eng uspriechend Offer ze bidden, an och op geographeschem Niveau keen auszeschléissen. Doduerch lafen d’Atelieren duerch dat ganzt Land of, vun Ëlwen bis Diddeleng a Réiden bis Iechternach. An dësem Sënn sinn och sech widderhuelend Projete vu Bedeitung, wouduerch sech d’Zilgruppe schonn am Virfeld op d’Evenementer freeë kennen.

Ervir hiewe kann een hei beispillsweis d’Workshops am August 2015 zu Weilerbaach. Et war eng Zäit, an der vill Flüchtlingen an d’Land komm sinn an esou goufen d’Refugiéeën direkt an de Fräizäitaktivitéite mat ageschloss. Och mam Djembé-Projet „Joy Caravan“ huet d’Stëftung ronn 120 Kanner an eeler Leit zesumme bruecht fir d’Leidenschaft fir d’Musek ze deelen. Heirauser ass schliisslech d’Aktioun „Gospel & Friends“ erugewuess, wou jiddwereen säin Talent bäidroe kann.

Duerch de large Programm ginn net nëmme Leit beweegt, mee och Séile geheelt. Den therapeutesche Charakter vun der Musek ass grad hei immens gräifbar. Bei dëser Geleeënheet huet d’Dominique Hansen, Direktesch vun der Fondatioun EME d’Geschicht erzielt, vun engem klenge Jong, dee säi ganzt Liewe kee Wuert gesot huet. Um Enn vum Dag huet hien de Museker vu sech aus Äddi gesot, wat souwuel d’Educateuren, wéi och déi Responsabel zum staune bruecht huet.

Musek beréiert a verbënnt. Aus dësem Grond ass et kee Wonner, datt d’Stëftung ëmmer méi Uklang zu Lëtzebuerg fënnt an ee schonn no kuerzer Zäit d’Wichtegkeet vun hirer Aarbecht versteet. Do gëllt et natierlech säin 10. Gebuertsdag grouss ze feieren! Mat Hëllef vu Sponsoren a Fräiwëllegen huet d’Fondatioun EME fir dëse Weekend eng grouss Feier mat räichhaltegem Programm an der Philharmonie geplangt.

Ee Beneficeconcert am groussen Auditoire

Nolauschteren, fir besser ze verstoen“, sou ass de Motto vun der Fondatioun EME. Och um Gebuertsdagsweekend hunn d’Organisateuren sech eng afale gelooss, fir d’Nolauschteren an de Mëttelpunkt ze stellen. Freides, den 8. Februar spillt den OPL een immense Programm, deen den Nolauschterer op eng Rees iwwert den Atlantik entféiert. Ee Concert an F wäert de Kirill Gerstein um Piano spillen, den mat der Néngter Symphonie vum Antonín Dvořák ofgeronnt gëtt.

De Beneficeconcert geet um 20:00 Auer un. Den Erléis vun den Ticketen geet ganz un d’Stëftung.

Den EME Family Day

Samschdes, den 9. Februar kritt een, a verschiddene Beräicher vun der Philharmonie, een Abléck an d’Atelieren, un deenen een natierlech aktiv deelhuele kann! Um 13:30 Auer mëscht d’Philharmonie seng Dieren op a start eng véierel Stonn duerno scho mat den éischte Programm-Punkter.

Mat dobäi ass ënnert anerem de Projet „Looss alles eraus“, woubäi Jugendlecher gehollef kréien, hire kreative Prozess mat Raptexter an Danz ze fërderen. Dësen immens erfollegräichen Atelier animéiert jonk Mënschen dozou – wéi den Titel et scho seet – alles eraus zeloossen an esou nei Perspektiven gewisen ze kréien. Zesumme mam Sylvia Camarda an David Galassi gëtt dësen phenomenalen Atelier virgestallt.

De ganze Programm fannt Dir um Site vun der Fondatioun EME, op Facebook an hei:

EME

Ähnlech Sujeten 10. Gebuertsdag, Alter, Fondation EME, Handicap, Inklusioun, Kultur, Philharmonie, Prisong, Psychiatrie, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel