Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Der Tote in der Staumauer“ vum Edmond Schmitt
Kultur Stories

„Der Tote in der Staumauer“ vum Edmond Schmitt

Et ass de Summer 1945. Um Enn vu senge Kräft

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch
Kultur Stories

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch

Wéi bosseg et ass, wann deng Gewerkschaft als Aktionär indirekt

Wanteraktioun 2018/2019: Ee Réckgang an alle Beräicher!
Kultur Stories

Wanteraktioun 2018/2019: Ee Réckgang an alle Beräicher!

Säit 2001 organiséiert d’Lëtzebuerger Regierung all Joer d’Hëllefaktioun am Wanter,

10 Lëtzebuergesch Kannerbicher, déi s de net verpassen däerfs

Et gi ganz vill Kannerbicher zu Lëtzebuerg. Nieft de villen Iwwersetzungen fënnt een ënnert anerem och ee gudde Koup Lëtzebuergescher. Ech fannen, dass mir Erwuessener eis roueg och mat dëser Lektür kënne befaassen, se hëlleft eis sech z’erënneren, se vermëttelt Wäerter an d’Kand an eis, gëtt net esou séier vergiess. Dat ass wichteg! Dofir géif ech Iech gären meng Top Ten vun de Lëtzebuerger Kannerbicher virstellen!

 

D’Linn Lynn vum Luc Marteling
Kremart

D’Linn Lynn ass nawell ganz speziell. Wann ee sech méi genee mam Buch befaasst, versteet een, dass dës Linnen d’Liewen erëm spigelen – et ass net nëmmen e Stréch! Linne sinn nämlech iwwerall ze fannen, mir passen just net richteg drop op… Se sinn d’Reendrëpsen, déi vum Himmel falen, se sinn d’Häerztéin, se sinn d’Rillen am Buedem, iwwert déi mir trëppelen, se sinn de Wee, dee mir ginn.

D’Linn Lynn zitt sech ewéi ee roude Fuedem duerch déi ganz Geschicht, duerch eis Erliefnisser an Erënnerungen. Hatt begleet eis duerch d’Zukunft.
Hoffe mir alt, dass mir direkt där richteger Linn noginn …

No dësem Buch gesitt Dir déi einfachst Linnen mat aneren Aen!

Mammendag vum Christiane Kremer an Anne Mélan
Kremart

D’Buch huet e wichtege Message un eis Gesellschaft. D’Madamm Kremer brécht mat engem Tabu: iwwert gläichgeschlechtlech Bezéiungen gëtt net wierklech vill geschwat. A scho guer net an engem Kannerbuch! Et rifft net nëmmen zu méi Toleranz op, mä och zu engem bessere Versteesdemech a Mateneen. Zu Mënschlechkeet.

Et ass héich Zäit ginn!

D’Sarah ass op der Sich no engem ganz besonneschem Kaddo.
Hëllef kritt hatt vum Joey, sengem beschte Kolleg. Deen huet nämlech keng Mamm, mä zwee Pappen, villäicht fält him dowéinst éischter eppes an. An dat mécht et och. Dem Sarah seng Mamm kritt nämlech eppes, wat hautdesdaags och ëmmer manner gëtt… Nämlech Zäit, richteg wäertvoll Zäit fir sech selwer, déi hu mir dacks batter néideg, mir huelen eis se just net.

D’Illustratiounen am Buch sinn ganz intensiv geroden, heiansdo huet een den Androck, se géifen sech déif an eis Séil kucken. Se loossen de Lieser, genee wéi d’Geschicht net méi lass.

Den Eppes vum Jhemp Hoscheit
Editions Guy Binsfeld

Den Eppes léisst eis ee klenge, grousse Bléck op d’Wegwerfgesellschaft geheien. Et muss nämlech net alles an d’Poubelle geschmass ginn, soubal et net méi der Moud entsprécht, oder Schréipsen huet. Secondhand ass in!

D’Buch huet vill Text, an och d’Illustratiounen sinn een zweete Bléck der Wäert. An der Geschicht geet et ëm ee klenge Spillroboter, deen um Tipp geland ass, well en almoudesch an notzlos ginn ass. Zwou kleng Feldmais, d’Surri an d’Ulma fannen hien op enger Wiss an huelen en mat heem.
Mat Batterien erwächen si de klengen Roboter erëm zum Liewen, an nennen hien Eppes. Déi dräi gi Frënn, si erliewen allerlee.
Et geet allerdéngs esou wäit, dass déi zwou Mais sech permanent a Gefor bréngen, fir vum Eppes gerett ze ginn. Op der Sich no Opmierksamkeet, sinn se nawell zimlech kreativ a fantasievoll.

Et ass interessant ze liesen, wéi laang den Eppes dësen Theater matbréngt a wéi d’Geschicht ausgeet. D’Buch thematiséiert domat net nëmmen d’Wegwerfgesellschaft hautesdags, mä och Frëndschaft, Famill an Doheem, alles Wäerter déi wichteg sinn. Fir eis kleng Nolauschterer, an zemools fir d’Erwuessener!

D’Sidonie Seel vum Andy Steffen an Linda Scholtes
Editions Saint Paul

Nom éischte, séiere Bléck op de Buchcover, hunn ech fonnt, datt d’Sidonie ee grousse Glach mam Struwwelpéiter huet. Dat ass awer net esou. D’Sidonie ass wierklech eenzegaarteg! Hatt ass laang an dënn. Riisegrouss, méi Seel wéi Meedchen. Hatt erlieft wierklech allerlee, et sinn eelef kuerz Geschichten, déi mir mam Sidonie erliewen.

Mir begleeden hatt an den Zoo, gi mat him an de Bësch, an d’Vakanz, mir gi mat him fëschen, mir erliewen eng Aventure no där anerer.
Den Text harmoniséiert wierklech perfekt mat den Illustratiounen, déi vun der Madamm Scholtes sinn.

Hatt hëlt seng Gréisst mat Humor, hatt mécht dat Bescht aus senger Eenzegaartegkeet. Hatt léisst sech net aus der Rou bréngen, seng Liewensfreed ass richteg ustiechend. Dat klengt Meedchen ass net nëmmen laang, mir hunn och laang Freed un dësen Geschichten.
Iwwerzeegt Iech selwer!

Susi Jomes vum Simone Bleser an Joëlle Peters
Editions Saint Paul

D’Susi ass fir eis ganz kleng Kanner, d’Buch ass mat sengen haarden Kartongssäiten perfekt, ab zwee Joer. Sou kleng wéi d’Buch ass, sou grouss ass d’Moral, déi eis den Text vermëttele soll.

D’Susi, déi kleng Seechomes, huet Gebuertsdag! Dat ass ee Problem, hatt weess nämlech nach net, wat hatt sech fir de Gebuertsdag soll wënschen.
Fir op déi richteg Iddi ze kommen, besicht hatt all seng Frënn. Natierlech hunn déi och, deen een oder anere Virschlag, et ass awer nach net dat richtegt fir d’Susi dobäi…

De Schluss vun dëser klenger Geschicht ass scho bal eng Lektioun fir d’Liewen. Säi Kolleg, den Emil Eil, weess nämlech wat dee beschte Kaddo fir d’Seechomes ass. An dat iwwerzeegt och all Erwuessenen …

D’Illustratiounen goufen vun der Madamm Peters gezeechent, se hunn dat gewëssent Extra, ech si mir sécher, dass sou munchen sech géif freeën, wann d’Biller, zemools den Emil, bei engem an der Wunneng géingen hänken.

Dem Lila säi Laachen vum Patricia Petruccioli
Editions Schortgen

Dass Laachen gesond ass, ass wuel bekannt. Leider verléiere mir dëst e bëssen mam Alter, mir huelen den Alldag dacks ze eescht.

D’Lila verbréngt seng Vakanz bei sengem Bopa, ufanks gefält him dat net ganz gutt, den ale Mann huet nämlech zimlech dacks schlecht Laun.
Him ass d’Laachen vergaangen … Mä dat klengt, liewensfrout Meedchen weess sech ze hëllefen. Mat klengen, awer efficacen Laachübungen, haucht hatt sengem Bopa nees Liewensfreed an, e gëtt ee ganz anere Mënsch. De Mann vu fréier.

Duerch déi ënnerschiddlech Geschichten déi d’Lila sengem Bopa erzielt, vermëttelt d’Buch och nach vill aneres. Toleranz, Versteesdemech, Léift an Hoffnung. De Lieser kann d’Übungen och bei sech doheem ausféieren, a wann et och net wierklech senges ass, d’Kanner musse bestëmmt laachen.
Missioun erfëllt!

Piratekapitänen vum Roland Meyer
Op der Lay

De Barry Lee, den Haaptpersonnag aus dësem Buch weist eis, dass d‘Fantasie ouni Grenzen ass. Hien mécht et sech zur Aufgab, sengem beschte Frënd, dem Pit, all Dag eng nei Geschicht z’erzielen. Am léifsten erzielt hien dem Pitt vu sengem Papp, deen ee Piratekapitän ass, a momentan op enger zéng joerelaanger Rees an Uruguay ass. Natierlech weess de Lieser, datt Verschiddenes wierklech net ka sinn, mä de Barry Lee gëtt d’Wourecht eréischt zum Schluss gewuer, a se wäert wéidoen… Wéi wäert hien domat ëmgoen? Verléiert hien säin Talent Geschichten ze erzielen, oder mécht dat hien méi staark? Wéieng Auswierkungen huet de Boufen hier Frëndschaft op dës Verännerung am Barry Lee sengem Liewen? An iessen Goldfësch wierklech Nutellasschmieren?

Zu Lëtzebuerg ginn et villäicht keng Piratekapitänen, mä richteg schéin, flësseg geschriwwen Kannerbicher.

Tel Mo vum Roland Meyer
Op der Lay

Den Tel Mo, ass dem Här Meyer säin neist Kannerbuch fir Erwuessener.
Dëst ass een ganz interessant Konzept, erwuessen ass een nämlech schonn mat zwielef oder drësseg, dat hänkt vu Charakter zu Charakter of…

D’Buch ass op jidde Fall keng „Gutt Nuecht“-Geschicht, et erfëllt een och net mat Freed, et ass éischter erschreckend, wat dee jonken Telmo schonn mat sengem zwielef Joeren erlieft huet. Et stëmmt een nodenklech, et ass eng Geschitt, déi eis erzielt, wéi eng Reaktiounen, verschidden Aktiounen ausléisen kann. D’Geschicht spillt sech an zwou Zäiten of, de Lieser gëtt gewuer, wéi dem Telmo säi Liewen mat senger Mamm doheem war, a wéi et zu dem Ëmstand komm ass, dass hien an de Foyer geflunn ass. Et ass tragesch. All dat Leed, an deem jonken Alter.
Wéi wier dem Telmo säi Liewen verlaf, wann hien genuch Léift kritt hätt?
Wa säi Papp bei der Famill bliwwe wier, wann e Versteesdemech, Akzeptanz an Toleranz kennegeléiert hätt? Wéi vill Ënnerscheed hätt dat gemaach? Et ass un eis ze spekuléieren, an ze reflektéieren!

D’Blizzy vum Tessy Glodt
Eegeverlag

Retrofans kommen bei dësem Buch op hier Käschten, d’Illustratiounen hunn een Hauch vun den 90er Joren. D’Madamm Glodt huet dës Geschichten deemools fir de Radio geschriwwen, elo sinn se an engem Buch veréiwegt ginn. Et ass een zweesproochegt Buch, d’Texter sinn op Lëtzebuergesch a Franséisch. Et si véier, ganz ënnerschiddlech Kuerzgeschichten, véier verschidde Welten.

Mir liesen vun Bicherwierm, Jeansboxen, Moustiquen, Kriibsen, Raupen, an nach ganz villen aneren ofwiesslungsräichen, wëssenswäert Saachen.

Richteg flott ass, dass no all Geschicht eng ‘Wosst de schonn?’-Säit kënnt, déi d’Thematik vum jeeweilegen Text méi genee a kandgerechten Hannergrondinformatiounen erkläert.

Adama
Zoom Editions

Dëst Kannerbuch ass op Franséisch, d’Geschicht huet éischter een trauregen Hannergrond, deen een och nodenklech stëmme kann.
Déi méi däischter gehalen Illustratiounen verstäerken dësen Androck nach.
Et geet ëm den Adama. Enges Dages ass seng Schoulbänk eidel, seng Matschüler a Frënn stelle sech vill Froen, se maachen sech Suergen.
Ass hie krank? Lues awer sécher, kënnt d’Wourecht un d’Liicht.
Zesumme mat senger Famill ass hien gezwongen sech ze verstoppen, well säi Papp ee Pabeier net huet, gëtt déi ganz Famill dem Land verwisen.
Dat wëllen a kënnen seng Frënn net zouloossen, zesummen mat Famill a Léierpersonal mobiliséieren si sämtlech Hiwwel, fir dass dat net geschitt.
D’Flüchtlingsthematik gëtt an dësem Buch gutt duergestallt.
Et geet ëm Zesummenhalt, Integratioun, sech fir eppes asetzen.
Richteg gutt.
Dëst Buch misst och an de Schoulen gelies ginn, et hëlleft bestëmmt ze sensibiliséieren.

Bonus:

D’Geschicht vun der Schnéiflack an der Faarfdrëps
Kremart

Dëst Bouf gouf aus dem italieneschen, an eis Sprooch iwwersat, ech fannen, et ass derwäert fir an dësem Artikel ernimmt ze ginn, et ass nämlech ee richtegt Konschtwierk. Et ass voller Léift a Poesie.

Et verléiert ee sech an all deene klengen Detailer, an de Faarwen, an den Ornamenter, an an der Faarfdrëps hierem Wee. Natierlech och an der Schnéiflack hierem, se sinn nämlech allen zwee matenee verbonnen.
Jo, et kann ee souguer soen, dass si zesummen d’Gléck fannen…
Dëst Buch kann een déi zwee Weeër kucken, een immens schéine Kontrast ass, dass déi eng Säit hell, déi aner Säit donkel ass.
De Lieser ka sech wierklech net sat un den Illustratiounen mat all sengen Detailer kucken, d’Buch ass ee richtegt Schmockstéck!

 

Ähnlech Sujeten Kultur, Literatur, Top 10
Nächsten Artikel Virrechten Artikel