Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No Katowice, d‘EU mat engem Versuch et besser ze maachen
https://moien.lu/kharkiv-dating-website/ list of latest dating sites

sweet dating quotes

D‘Negociateure vun den EU-Memberlänner an dem Europaparlament hunn sech e

10 ways to know if you are dating a sociopath
https://moien.lu/kharkiv-dating-website/ list of latest dating sites

Chamberwahlen: Lëtzebuerger Sprooch a Patriotismus beonrouegen d‘ASTI

Wann ee bedenkt, datt 2013 nach all eis politesch Parteien

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn
https://moien.lu/kharkiv-dating-website/ list of latest dating sites

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn

Wat d’Lëscht vun den Avisen zum Gesetz zur Promotioun vun

10 Lëtzebuergesch Bicher, déi s de gelies muss hunn

10 Lëtzebuergesch Bicher, déi s de gelies muss hunn

Gutt Literatur ass net nëmmen am Ausland ze fannen, heiansdo huet een se direkt virun der Nues. Déi lëtzebuergesch Literatur ass wierklech ofwiesslungsräich: se huet net nëmmen eng Sprooch, se léisst sech a keen Tirang stiechen a se stécht voller Iwwerraschungen.

Mä dofir muss ee se mol kennen. Haut stellen ech Iech déi zéng lëtzebuergesch Bicher vir, déi ee, menger Meenung no, gelies soll hunn. Wat flott un dëse Bicher ass: se sinn alleguerten komplett verschidde, et ass also fir jiddereen eppes dobäi.

 

Jhemp Hoscheit: Klangfaarwen
(Edition Guy Binsfeld)

Dëst Buch ass net nëmme fir ze liesen, et ass och e Genoss fir d’Oueren.

Schonn als klengt Kand, hu Geräischer dem Michel Sicher Angscht gemaach. Mä mat der Zäit huet hien ugefaangen se ze sammelen, et si seng Frënn, wann net souguer seng Verbündet, ginn. D’Geräischer hunn en ni am Stach gelooss, am Géigesaz zu de Mënschen.

Elo, als erwuessene Mann, huet hien déi néideg Distanz fir verschidden Erliefnisser nach eemol Revue passéieren ze loossen. Seng Geschicht beréiert ee ganz vill. De Michel ass elo op der Sich no Äntwerten, d’Rätsel ëm seng Kandheet a säi Papp muss endlech geléist ginn, soss fënnt hien keng Rou. Schrëtt fir Schrëtt kënnt hien der Léisung méi no, seng al Frënn d’Geräischer spillen dobäi eng wichteg Roll.

D’Erzielung vum Här Hoscheit ass esou intensiv, dass d’Geschicht u sech scho bal zur Niewesaach gëtt. All Wuert, all Geräisch, all Erënnerung ass esou genau beschriwwen, dass een d’Biller, a souguer d’Geräischer ganz genee viru sech huet. Ganz grousse Kino, dat ass ee Genoss. Héiert et selwer!

Isabel Spigarelli: Nichts zu danken
(Editions Saint-Paul)

An dësem Buch geet et ëm ee Verspriechen, Famill an d’Liewen.

D’schwaarzt Schof aus der Famill ass erëm do. Hie wëll ee, fir hie wichtegt, Verspriechen aléisen. D’Haaptfigur huet keen Numm, hien gëtt an dëser philosophescher Erzielung ëmmer nëmmen M. genannt. An dat passt, et ass nämlech net säin Numm, deen hien ausmécht, et si seng Doten. An déi maachen, menger Meenung no, een Held aus him.

Den M. besicht seng Groussmamm regelméisseg am Altersheem, hien entféiert se all Kéiers op eng nei fantastesch Rees. D’Geschicht ass scho bal eng Hommage un d’Liewen, eng Liibeserklärung un ee geléiftene Familljemember.

Ee Märchen. Mä gëtt et een Happyend? Wéi wäit däerf een fir ee Verspriechen goen, wou läit d’Grenz? Bedeit d’Liewen Verspriechen oder verspriechen? Dat ass Usiichtssaach, an u jidderengem selwer erauszefannen. Dëst Buch hëlleft awer, dee richtege Wee ze fannen.

Béatrice Peters: Fremde Heimat
(Editions Saint-Paul)

Auslänner, Integratioun an d’Sproochbarriär sinn an dësem Land wuelbekannt a brandaktuell. D’Madamm Peters weist eis hei mat dësem Buch déi zwou Säiten vun der Medaille, ech géif et souguer ganz nëtzlech fannen, wann d’Buch vu ville Lëtzebuerger gelies géing ginn. D’Autorin huet an dësem Roman ganz realistesch geschriwwen, wéi et an eisem klengen Ländchen ausgesäit, wéi d’Gesellschaft tickt, wéi d’Lëtzebuerger sech deelweis behuelen a wéi d’Awanderer, déi sech integréiere wëllen fillen.

Et war deelweis erschreckend, mä dat ass gutt, dat mécht eis wakereg a méi oppe fir eis Matmënschen! Ee vun eisen Haaptpersonnagen ass den Jo, hien kënnt mat senger Famill aus Portugal, deen aneren ass d’Katarina, eng Lëtzebuergerin, déi him hei zu Lëtzebuerg vill hëlleft, a soumat ee wichtegen Deel zur Integratioun bäidréit. Hatt fuerdert den Jo op de richtege Plazen, hatt gesäit net den Auslänner an him, hatt erkennt säi Potenzial.

De Kontrast tëscht deenen zwou Nationalitéiten a Kulturen ass bemierkenswäert, a schrëftlech vun der Autorin ganz gutt ëmgesat. Et versteet een déi zwou Säiten.

Mat de Joren kënnt den Jo un d’Iwwerleeën, d’Sprochbarriär an de lëtzebuergeschen Ëmgang mat sengen auslännesche Kollegen a Matmënschen stéisst him batter erop, hie wëll eppes dorunner änneren. Onbedéngt! Den éischte Schratt ass eng nei politesch Partei, déi sech fir d’franséisch Sproch asetzt. Mä ob dat eppes gëtt? Spléckt dat d’Land net nach méi an zwee Deeler? Un Iech et eraus ze fannen.

Jay Schiltz: Aschengänger
(Edition Guy Binsfeld)

Wann een d’Noriichten reegelméisseg verfollegt, kritt een Angscht.

Politik, Krich, Mënschefeindlechkeet a ganz vill aner Themen bestëmmen eis d’Liewen. Aschengänger, dës philosophesch Erzielung iwwert Ausschwitz soll, nee muss, als Erënnerung gelies ginn. Wann engem déi fuerchtbar Noriichten Dag fir Dag net duerginn, fir sou munches z’iwwerdenken, da kann dës Geschicht engem och als Warnung déngen …

D’Buch ass mat senge knapp honnert Säiten relativ kuerz, mä ech fannen dat geet och duer. All Saz beréiert zudéifst, dëst trauregt Stéck Geschicht däerf a soll sech net widderhuelen, et sinn ze vill onschëlleg Leit gestuerwen. Mamme, Pappen, Bridder, Schwësteren, Mënschen wéi Du an ech.

Ech géif et souguer ganz gutt fannen, wann een och an de Schoule vum Jacob Aschengänger géing erzielen. Hien sensibiliséiert. Och wann d’Geschicht u sech fiktiv ass, sou fillt sech dat net sou un, et mécht keen Ënnerscheed, well genee esou ass et geschitt. Aner Nimm, aner Persounen op deenen selwesche Plazen, dat ass leider eng Tatsaach. An eisem Interêt hoffen ech, dass mir eppes aus dëser Vergaangenheet geléiert hunn.

Roland Meyer: den décken dommen dudu

(op der Lay)

Mobbing ass leider nach ëmmer een aktuellt Thema.
An dësem Kannerbuch fir Erwuessener kucke mir dem Didier iwwert d’Schëlleren a geheien ee Bléck a seng Gefillswelt. Fir de Schoulpsycholog schreift hien Tagebuch op sengem Laptop, de Lieser kuckt him dobäi iwwert d’Schëller.

A wat een do liest, gefält engem net wierklech.

Et ass eng Lektioun fir d’Liewen, zemools wann ee Kanner am Teenageralter huet. Aplaz de Kanner hier Reaktiounen ëmmer op d’Pubertéit ze drécken, géif ech léiwer Verschiddenes hannerfroen. Sécherheetshalwer.

Den Didier ass zimlech eleng, seng Elteren hunn net vill Zäit, hien huet net vill Kollegen an hien ass déck. Sou naiv wéi en ass, ass hien dat perfekten Mobbingzil. Op senger Sich no Opmierksamkeet geréit hien leider un déi falsch Matschüler, si dréien de Spiiss ëm, op eemol ass den Didier
d’schwaarzt Schof aus der Schoul.

D’Geschicht geet villäicht méi oder wéineger gutt aus, dat ass allerdéngs relativ, ännert et dach näischt um Didier senger Situatioun.

Gast Grober: De Griss
(op der Lay)

Am Gast Groeber sengem Jugendbuch léiere mir de Griss an eng Grupp Kanner kennen. D’Luss a seng Frënn hunn eng Kartongshütt am Griss sengem Gaart a klauen Äppel vu senge Beem. Duerch ee Wiederongléck verléieren d’Kanner d’Hütt, et kënnt zu engem zaarten, éischte Kontakt mat deem ale Kauz. Si wëssen, wat am Duerf iwwert hien geschwat gëtt, mä d’Kanner hu Courage an hieren eegene Kapp.

Si wëllen de Griss kenneléieren, a sech een eegent Bild vun him maachen. Dat erstaunt net nëmmen d’Kanner, mä och de Lieser. Hien ass nämlech net esou, wéi eis dat vum Duerf, vun den Erwuessene vermëttelt gëtt. Seng Geschichten iwwert Australien erfreeën d’Kanner, regelméisseg treffe si sech bei him, fir méi gewuer ze ginn. Mä beemol huet den alen Här net méi esou vill Zäit, an de Kanner eppes wichteges matzedeelen … Wat dat wuel ass?

Wat eis de Griss léiert? Et ass een ni ze al, fir seng Zukunft nees an de Grapp ze huelen, a fir säi Gléck ze kämpfen.

Henri Lindlbauer: Der Schatten von Whitechapel
(Editions Saint-Paul)

Jack the Ripper-Bicher ginn et wéi Sand um Mier, mä dëst Buch ass et awer der Wäert. Et kënnt aus eisem Land, a verbënnt Mystery an Thriller gekonnt mateneen.

De Rick Maybrick, Proffessor op der Londoner Universitéit ass op de Spueren vum Jack the Ripper. Säi Kolleg ass ee mysteriéisen Dout gestuerwen, op der Sich nom Märder, muss de Rick am Ripper seng Vergaangenheet tauchen. Erschwéiert gëtt dat Ganzt duerch dem Rick seng Blackouter a seng Déjà-Vu’en, oft ass dem Lieser net kloer, ob hien verschiddenes halluzinéiert, oder tatsächlech erlieft. Seng Spueresich an der Géigewaart vermëscht sech mat der Vergaangenheet, de Rick kënnt der Äntwert ëmmer méi no, mä aner Froen dränge sech op.

Wie war Jack the Ripper?
Ass et ieren hie selwer?
Kann dat méiglech sinn?
Oder gëtt e verréckt?

Dem Shirley Harrison säi Buch ‘Das Tagebuch von Jack the Ripper’, huet dem Här Lindlbauer als Virlag gedéngt fir säi Buch esou authentesch wéi méiglech ze gestalten. Duerch dës Ëmsetzung kritt de Lieser Loscht, sech nach méi mat dëser Thematik ze befaassen, eent ergëtt dat anert, a beemol ass een och mam Ripperféiwer infizéiert. D’Athmosphär am Buch ass zimmlech düster, dat ass net verwonnerlech. ‘t ass nawell alles esou detailléiert beschriwwen, dass een d’Blutt scho bal riche kann.
D’Buch ass een absolute Muss fir jiddereen, dee geckeg no dësem Buchgenre ass!

Tullio Forgiarini: Lizardqueen
(Editions Guy Binsfeld)

Frënn vu makabere Geschichten a schwaarzem Humor sollen dëst Buch onbedéngt liesen, eisen Haaptpersonnage ass nämlech dout. Awer sou richteg.
Ewéi wann dat net genuch wier, heescht d’Mona mat Nonumm Biblisch, duerch säi Fräidout ass nach net entscheed, wou hatt seng lescht Rou fënnt.
Fënnt hatt se iwwerhaapt?

Op der Sich no Äntwerten an éiwegem Fridden begéint hatt allerlee komësche Gestalten, an net jiddereen ass him frëndlech gesënnt.
Entscheedunge gi getraff an himmlesch Frëndschafte geschloss. Dem Mona säi Kampf tëscht Himmel an Hell ass wierklech speziell an näischt fir schwaach Nerven, et kéint ee beim Liesen nämlech deem een, oder aneren Zombie begéinen … Wann Dir schonn eng Virstellung vu Gott hutt, gëtt se no dësem Buch iwwert de Koup geheit. Näischt ass esou wéi et schéngt.

Réckblécker mam Mona weisen dem Lieser, firwat hatt sech fir de Fräidout entscheed huet, hatt hat et wierklech net einfach a sengem kuerze Liewen.
Den Dout ännert näischt dorunner. Lizardqueen ass dat zweet Buch, wat den Här Forgiarini op Lëtzebuergesch geschriwwen huet, villäicht léisst sech d’Buch dofir och ganz einfach liesen. Iwwert eng Verfilmung géif ech mech freeën! An ech si mir sécher, net nëmmen ech.

Francis Kirps: Die Klasse von 77
(Verlag Andreas Reiffer)

An dëser Geschicht verschléit et eis an 70er Joeren, d’Buch huet säin Ufank mat enger lëschteger Niklosgeschicht an engem klenge Familjeproblem. Mir erliewen wéi een Afloss de Punk op ee Grupp Boufen huet. Si léieren de Punk net nëmme kennen, si hu wëlles en ze liewen, zu deem Zweck plangen se selwer eng Band ze grënnen. Ugefaangen huet dat Ganzt, nodeems eis Haaptfigur vu sengem Cousin eng Kassett vun de Ramones kritt huet. Hier Démarchen sinn oft net allzee Eescht ze huelen, d’Kanner hunn eréischt néng, zéng Joer, mä hier Motivatioun dee Projet professionell ze maachen, dréit dozou bäi, dass d’Buch sou gutt gelongen ass. D’Kanner si bësse speziell, intelligent a kannereg anengems, dat suergt fir déi néideg Komik an Ofwiesselung am Buch. Souguer ee Paschtouer ass mat vun der Partie, hier Liddertexter sinn och net vu schlechten Elteren.

D’Buch liest sech ganz einfach, et huet ee gudde Rhythmus an et kënnt zu kenger Zäit aus dem Takt, et wëll een et einfach net méi aus der Hand leeën. Just fir sech ee Pak Gummibärecher sichen ze goen a gutt Musek anzeleeën…

Sabrina Notka: Unter Büchern
(Editions Guy Binsfeld)

Den Haaptpersonnag aus dësem Buch ass d’Buch selwer, dat ass wierklech ongewéinlech. Mir léieren hatt vu vir bis hanne kennen, mat vill Witz a Selbstironie stellt hatt sech vir. Mir kommen ëm nawell zimmlech no andeems mir puer Aufgabe vun him erfëllen.
D’Buch erzielt vun Ebooks, Copyright, Dréckereien, Pflanzen, de Geschäfter, de Lieser, de Lieszeechen, der Jury an nach vu ganz vill méi!
Dat Ganzt gëtt duerch vill liesenswäert Zitater begleet, et schwätzt mat engem, a wëll de Lieser och kenneléieren, an dobäi hëllt et kee Blaat virun de Mond.

Dat ass och gutt esou!

 

D’Jessica Mersch ass eng lëtzebuergesch Buchbloggerin. Dir fannt de Blog de Bichergeck och op Facebook

Ähnlech Sujeten Bicher, Lëtzebuerg, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel