Search

You may also like

Naturschutzgebitt a Vulleberéngungsstatioun: D’Schlammwiss a Coronazäiten
Stories

Naturschutzgebitt a Vulleberéngungsstatioun: D’Schlammwiss a Coronazäiten

Bedéngt duerch d’Coronapandemie kënne momentan weder geféiert Wanderungen duerch d’Schlammwiss,

Eeler Leit – Loosst eis vun hinne léieren
Stories

Eeler Leit – Loosst eis vun hinne léieren

Den Alter ass e perséinlechen, sozialen a kierperleche Phenomen, deen

money
Washington zitt am Handelskrich e neie Register
Stories

Washington zitt am Handelskrich e neie Register

Washington huet en neien „Doudesstouss“ géint Peking ausgefouert a verëffentlecht

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt

Am Joer 2000 hat ech 16 Joer an d’Liewen war schiel fir net ze soe schäiss. Deemools op der 4ième war ech op Scientifique an hunn et an der Mathé awer net gepackt, an Zack duerchgefall. Ech sinn an eng nei Klass komm, wou ech kee Mënsch richteg kannt hunn, ausser vu Gesinn. Et war wierklech net esou einfach sech u nei Leit an un nei Saache ze winnen. Dat ganzt éischt Trimester hunn ech gekrasch, well ech mech onwuel gefillt hunn.

Ween hätt do geduecht, datt ech meng bescht Frënn an dëser Klass géif kenne léieren an datt 17 Joer duerno, mäi ganze Frëndeskrees op dës Renconter opgebaut ass. Hätt ech do nëmme gewosst datt ech schlussendlech kee Grond hat, rosen ze sinn. An iwwerhaapt, ech hu sou villes net gewosst an dowéinst hunn ech eng Lëscht gemaach mat all deene Saachen déi ech elo, mengem 16 järegen Ech vun deemools, erklären well.

1. Mat 30 gëtt alles besser

Et ass dir esou onmoosseg wichteg wat d’Leit iwwert dech an däin Ausgesinn denken. Wann s de bis déng 30 Joer erreecht hues, ass dir dat alles egal. Du wäerts am Jogging akafe goe ouni geschminkt ze si. Du wäerts all Minutt déi s du moies méi laang leie bleiwe kanns genéissen an net extra um sech Auer opstoe fir deng Hoer glat ze zéien. Endlech wäerts de déi Musek lauschteren déi s du wierklech gutt fënns an net déi sougenannte cool Musek. Beim Danzen toobs du dech richteg aus, egal ob et lächerlech ausgesäit. An du wäerts zwar net méi dräi Mol d’Woch danze goe mee wann s de gees, dann dees de eng Jeans Box un a platt Schong. Mini Kleed a féissquälend Talleke bleiwen doheem. Déi Weekender wou s de keng groussaarteg Pläng hues genéiss du doheem ouni der Froen ze stellen ob s de net méi beléift bass.

2. Drénk kee Gin

Mat 16 Joer spillt Alkohol keng grouss Roll an dengem Liewen, du hues es nach nie geschmaacht mee an Zukunft wäerts de Schampes an Äerdbier Margherita super fannen. Wat s du awer ni solls drénken ass Gin, weess de dat ass deen Apero deen déng Eltere gär drénken. An Zukunft wäert Gin erëm a ganz an der Moud sinn, d’Leit wäerte bereet si 15 Zacken dofir auszegi fir e klenge Schotz dovu gemëscht mat Botanik. Mee vergiess net, du verdréis et einfach net, Gin deet dech katzen, fir d’Éischt a fir d’Lescht!

3. Pass op, Kreditkaarten kënne fies sinn

Du brauchs kee neien Outfit all Kéiers wann s de an de Melu gees – dat ass iwwerbewäert! Mat Kreditkaarten ass et einfach schnell vill Geld aus ze ginn ouni et wierklech ze mierken, et deet och guer net wéi ze bezuelen. Leider kann et no engem Mount eng Surprise gi beim Zréckbezuelen. A stell der mol vir du häss all déi Suen déi s du fir zéng där selwecht schwaarz Mini Räck ausginn hues gespuert da kéint däin 33 järegen Ech sech eng Gucci Marmont leeschten. Denk doriwwer no!

4. Du gëss e Party Louder

Och wann dat 16 järegt Sarah dreemeresch an zeréckhalend war, huet dat 20 järegt Sarah alles nogeholl wat nozehuele war. Du wollts dach ëmmer  beléift sinn a mat 20 gëss de iwwerall agelueden a fir näischt era gelooss. Däi Gedrénks muss du bal ni bezuelen, einfach nëmme wëlls de léif ausgesäis. Dat wäert dir gutt gefalen. A stell der mol vir, wat s de do spuers, do kanns du dir glat zéng nei Räck bestellen. Iergendwann ginn dir d’Aen awer op an du wäerts mierken, datt dat Erausgoen zimlech Iwwerflächleches ass, an déi Leit, déi s de do ronderëm dech hues, deene geet et nëmmen drëms eraus ze goen, egal ob s du mat gees oder net. Et wäert dech also net éiweg glécklech maachen.

5. Du wäerts vill Fräsche kussen, éiers du däi Prënz fënns

Däin éischte Kuss kennt nach, du muss bëssi Gedold hunn. No dësem éischte Kuss wäerts du vill Kusse verdeelen an dat wäert dir och Spaass maachen. Leider gëss du och enttäuscht, wat ganz normal ass. Du wäerts ganz schlëmme Libeskommer kréien a mengen, datt et ni méi gutt gëtt. Männer wäerten dech beléien nëmme fir dech an d’Bett ze kréien. Du wäerts dir de Kapp zerbriechen, an all Saz vun all Schwarm wäerts analyséieren. Mee ech muss dir elo eppes verroden, wann s du um dräi Auer moies eng SMS kriss à la „An du?“, dat bedeit wierklech net, datt déi Persoun well wësse wéi et dir geet, ausser et ass déng Mamm déi d’SMS geschéckt huet.

Iergendwann kennt awer den Dag wou s de op Internet surfs op dengem Handy, ech weess dat kléngt elo verréckt mee Dank iergendwellech Geeks kann een an Zukunft mam Handy op den Internet goen an däin Nokia 6410 mat Kouhmuster Cover wäert net méi um neiste Stand sinn. Soit, du wäerts mat engem Typ schreiwen dee Laurent heescht. Treff dech mat deem (och wann e Vegetarier ass) an du wäerts gesinn datts de nieft em wäerts trëppelen an engem ganz schéine wäisse Kleed.

6. Vill Saache wäerte schif lafe, mee d’ass net schlëmm

Mat der Mathé hues du näischt um Hutt. Si ass däi gréisste Feind, mee bon du hues jo missen op Artistique goen an do stinn all d’Sciencen um Programm. D’Mathé wäert dir e Stréch duerch d’Rechnung zéien, Ironie vum Liewen, an du wäerts schonn erëm setze bleiwen. Du decidéiers schaffen ze goe fir déng Première d’Joer drop nozehuelen. An dengem neie Lycée bréngs du et fäerdeg, hal dech un… nach eng Kéier duerch ze falen. Ech weess, ech weess, wien kann nëmmen sou domm sinn ëmmer erëm bei der selwechter Aufgab ze scheiteren? Awer du wäerts net fir näischt duerch fale well alt erëm eng Kéier schléiss du ganz wichteg Frëndschaften. Du kriss et hin deng aal a nei Clique ze verbannen, des Leit wäerte wéi Famill fir dech ginn.

Ech verroden der och datt s du et, kee weess wéi, fäerdeg bréngs déng Première ze packen. E Mol de Mount an der Moyenne wäerts du awer dovun dreemen erëm an deem Examen do ze setzen, sorry, dat wäert dech fir ëmmer verfollegen.

7. Du bass net fett, du bass schéin

Du denks elo datt s de mega déck bass an du gefäls dir net sou richteg. Gleef dach dengem Papp deen dir seet datt s de schéi bass, de Mann hat Rescht.  An Zukunft wäerts du ni méi esou schlank si wéi elo, an deng al Fotoe kucken an denke, wéi léif s de dach waars.

8. Du bass staark

D’Liewen ass kee Picknick a fir dech nach zwee Mol manner. Jo, dat nervt mee bon wat soll ech der soen, dat ka keen änneren. Kapp héich a gëff dech drun! Du wäerts fir alles wat s du wëlls, kämpfe mussen, fir déng 1ère, fir déng Bezéiung, fir eng gutt Aarbecht ze fannen déi Spaass mécht, géint ganz schlëmm Trauer. Mee du packs et, well du bass saustaark a positiv agestallt.

9. Du gëss erwuessen

Absolut! Erwuessen, esou wéi déi al Leit hält, mat allem Drum und Dran. Dat kléngt iergendwéi erschreckend ech weess. Du wäerts super gutt ginn a Check Leschte maachen, Paperassen, du wäerts eng Liewensversécherung kréien, een Immobiliëprêt. Spaass kléngt anescht an du wäerts dir och oft Gedanken doriwwer maache wéis du dat alles solls reegelen. Maach dir kee Kapp, erwuesse sinn huet och seng gutt Säiten, well als Erwuessene kann een Decisiounen huelen an du hëls d’Decisioun zwee léif Muppen z’adoptéieren. Mega!

10. Du verwierklechs deng Dreem

Du gëss Leadsängerin vun enger Rockband. Dat kléngt wéi e Witz well mat 16 kanns de nach net wierklech sange mee dat léiers du iergendwann an et wäert dir esou vill Spaass maache mat dénge Meedercher op der Bühn ze stoen an deng eege Lidder schreiwen a sangen. Deng Band wäert sech leider opléisen an dat mécht dech super traureg. Mee Haaptsaach du hues geléiert datt Musek eng grouss Roll an dengem Liewe spillt an datt s de net brauchs ze fäerten un eppes ze gleewe wat onméiglech kléngt. Mat vill Wëllen an Arabescht kann een eigentlech alles packen.

Léiwe fréieren Ech, alles gëtt gutt.

Related topics Slice of Life, Teenager, Top 10
Next post Previous post