Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pipo Peng: Märeler Park
do teachers hook up

Pipo Peng: Märeler Park

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

https://moien.lu/crowdfunding-dating-app/
do teachers hook up

retired dating

Um haidege Samschdeg feiert de Groussherzog Jean säin 98. Gebuertsdag.

D‘Vereenten Natioune wëllen de Kampf géint de Plastik ophuelen
do teachers hook up

D‘Vereenten Natioune wëllen de Kampf géint de Plastik ophuelen

D‘Presidentin der Generalassemblée vun de Vereenten Natiounen, d‘Maria Fernanda Espinosa,

100 Joer Hiewane-Verband Lëtzebuerg: Et bléist e frësche Wand

En Neie Logo fir eng besser Hiewanebetreiung an der Zukunft

100 Joer Hiewane-Verband Lëtzebuerg: Et bléist e frësche Wand

Den 8. Februar huet den Hiewane-Verband Lëtzebuerg (ALSF) säi ronne Gebuertsdag gefeiert, a sech zum Jubiläum en neie Logo gegënnt. De Verband setzt sech verstäerkt fir besser Konditiounen esouwuel bei der Preparatioun vun de Gesetzer, wéi bei de Salairen an, well leider net all d‘Fraen zu Lëtzebuerg de Service vun Hiewanen am vollen Ëmfang an Usproch huele kënnen.

Hiewane-Verband

Dobäi sollten all schwanger oder gebärend Fraen, mee och Mammen a Pappe mat hiren neigebuere Kanner d‘Hëllef vun enger Hiewan an Usproch huelen dierfen. Et ass erwisen, datt duerch eng gutt Betreiung vill Virdeeler opzeweise sinn: manner Fréigebuerten a Keeserschnëtter, mee och sougenannt „vaginal operativ Gebuerten“ an postpartal Depressiounen, kënne besser begleet ginn.

Zudeem sollte schwanger Frae fräi entscheede kënnen, ob si hiert Kand léiwer an der Klinik oder doheem op d‘Welt brénge wëllen. Wat d‘Hausgebuerte betrëfft, esou kéint de Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg d‘Konditioune verbesseren. E „Gebuertshaus“ wéi et der schonn am Ausland huet, géif dem Land gutt zu Gesiicht stoen. De Verband setzt sech och fir eng Zäitgeméiss Betreiung an.

Hiewane-Verband

Eng Presidentin déi nach e puer Schluechte mam Gesondheetsminister ophuele muss. D‘Nadine Barthel setzt sech onermiddlech fir besser Konditiounen am grousse Ganzen an, mee och am besonnesche fir d‘Schafe vun engem Gebuertshaus. © ALSF

Well de Beruff net déi Unerkennung huet déi him eigentlech sollt zoustoen, setzt sech ALSF fir en héijere Stellewäert vum Beruff an, a plädéiere fir eng Extensioun vun der Formatioun op 4 Joer, esou wéi d‘Aféierung vun engem Bachelor-Diplom, fir datt och an Zukunft, nach jonk Mënschen sech fir dëse wichtegen a verantwortungsvolle Beruff entscheeden. An deem Sënn alles gudds.

Matgedeelt vun der ALSF, aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Eng kleng awer äerdeg Equipp. Den Hiewane-Verband huet e Freideg säin 100. Gebuertsdag gefeiert. Béi dëser Geleeënheet ass de neie Logo virgestallt, an eng Rei Fuerderungen a Richtung Gesondheetsminister virgeluecht ginn. D‘Redaktioun vu moien.lu, gratuléiert den Damme fir de Jubiläum. © ALSF

Ähnlech Sujeten ALSF, Gebuerten, Gebuertshëllef, Hiewan, Hiewane-Verband, Nadine Barthel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel