Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Nyuko Asbl geet nei Weeër
Kultur Neiegkeeten

Nyuko Asbl geet nei Weeër

Nodeems d‘Nyuko Asbl am August hiren Direkter un de „Luxembourg-City

What the Fakt – De Roland Emmerich kritt 63 Joer
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De Roland Emmerich kritt 63 Joer

Hien ass ee Regisseur den säi Publikum an Angscht viru

ADR-Wahlkongress: Den Erfolleg baséiert op dräi Sailen
Kultur Neiegkeeten

ADR-Wahlkongress: Den Erfolleg baséiert op dräi Sailen

Eppes iwwer honnert Memberen, Kandidaten a Militanten haten um Samschdegowend

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill

Ufank Dezember ass d’Komedie „100 Dinge“ vum a mam Florian David Fitz an d’Kinoe komm. Et ass ee Film, deen engem virun Aen hält, wat am Liewe wierklech wichteg ass a wéi schnell een d’Bedeitung vun eigentlech niewesächlechen Aktioune vergësst.

„Oh nee, net nach esou een däitsche Film den mir, wéi esou vill aner Filmer och, weist, wéi ech zou mir a mengem Gléck fanne soll“, majo genau dat hu mir och ufanks geduecht. Schnell ass een awer vum Géigendeel iwwerzeegt ginn, an esou huet de Florian David Fitz et fäerdeg bruecht mat vill Witz a Charme, mee och déiwe Gedanken, de Mënsche virum Ecran esou kuerz virun de Feierdeeg matzedeelen, datt Géigestänn eis net glécklech maachen, mee eis just ëmmer méi an de manipulative Bann vun der Konsumgesellschaft zéien.

100 Saachen – méi soll een net brauche fir frou ze sinn. An esou schléissen déi zwee Entrepreneuren a bescht Frënn Paul an Toni wärend enger alkoholräicher Nuecht eng Wett of, datt si hire ganze Besetz an enger Hal ewech spären. Déi nächst 100 Deeg dierfen si ëmmer um Mëtternuecht jeeweils eng Saach zeréck huelen, déi hinne vu besonnesch groussem Wäert ass.

100 DInge

Wat een am Soff net alles esou mëscht. Eng Foto aus dem Trailer zum Film.

Moies frei erwächt de Paul an den Toni plakeg an enger eideler Wunneng. No enger éischter Schockphas komme bemol elementar Froen op. Ass een Handy wierklech méi wichteg wéi eng ënnescht Box? Wéi iwwerzeegen ech een anere Mënsch vu mir, wann ech ëm just mäin Charakter presentéiere kann? Sinn materiell Saache vu gréisserer Bedeitung wéi Zäit mat der Famill a Frënn?

Déi zwee jonk Kärelen, deenen et ni un eppes gefeelt huet an déi sech op hir eegen Aart a Weis duerch Objeten a Statussymboler definéieren, mierke schnell, datt dës ufänglech als Spaass geduechte Wett wuel dach net esou einfach gewonne ka ginn.

100 Dinge

Kee Besëtz méi, an awer eng wonnerbar Zäit verbréngen. Wéi soll dat wuel goen? Eng Foto, aus dem Trailer zum Film.

Als Spectateur gëtt een wärend 111 Minutten dauernd mat witzeg spannenden Zeenen, am Kontrast zu immens nodenklechen Ofschnëtter konfrontéiert. Nodeems eis Grousselteren de Krich iwwerlieft hunn an am beschte Fall hire wichtegste Besëtz an enger Valis mathuelen duerften, ware si mat manner wéi 100 Géigestänn glécklech um Liewen ze sinn. Hautdesdaags besëtzt den Duerchschnëttsbierger awer ronn 10.000 Objeten an ass trotzdeem net zefridden.

Passend zu dëser besënnlecher Zäit leeë mir Iech un d’Häerz dëse Film ze kucken. Wien nach kee Cadeau huet iwwerleet sech da vläicht, ob een häerzlechen Owend mat den Elteren, dem Partner oder de beschte Frënn – Zäit an Erënnerungen, déi een esou net méi zeréck kritt – net méi wäertvoll ass, wéi eppes Materielles.

Hannergrond

Et ass déi drëtt Regieaarbecht vum Florian David Fitz. Dës ëfteren stoung hie scho mat sengem Schauspillerkolleg Matthias Schweighöfer virun der Kamera, an esou ass et net verwonnerlech, datt déi zwee Hären elo nees zesummen optrieden.

D’Inspiratioun zum Film koum dem Regisseur a Schauspiller duerch den Documentaire „My Stuff“ vum Petri Luukkainen, wou hien 2013 d’Phänomen vun dem gesellschaftlechen Experiment, wou de Mënsch sech mat wéineg Besëtz erausfuerdere soll, opweist.

Ähnlech Sujeten 100 Dinge, Filmrezensioun, Florian David Fitz, Matthias Schweighöfer, Petri Luukkainen, Privatbesëtz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel