Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Cargolux verstäerkt seng Präsenz an Afrika
International dating cross culturally

gute frage online dating

Um Méindeg huet d‘Cargolux bekannt ginn, datt si ab September

Elektresch Trottinett als Eko-Trend… a wat seet de Code de la Route?
International dating cross culturally

Elektresch Trottinett als Eko-Trend… a wat seet de Code de la Route?

Den Hype ronderëm déi elektresch Trottinett impaktéiert scho gewalteg eis

NATO-Partner Tierkei iwwerfält Syrien
International dating cross culturally

NATO-Partner Tierkei iwwerfält Syrien

Et hat et laang a breet ugekënnegt, elo huet de

USA: 11 Doudeger no Schéisserei an enger Synagog

USA: 11 Doudeger no Schéisserei an enger Synagog

E Mann vu 46 Joer huet e Samschdeg, an enger Synagog vu Pittsburgh (Pennsylvania), ee vun de schrecklechsten antisemiteschen Ugrëff vollbruecht, deen d‘USA an de leschte Joerzéngte kannt hunn. Den Täter huet während dem Service op Sabbat eelef Gleeweger ermuert.

De Robert Bowers, esou vun de lokalen Autoritéiten als identifizéiert, ass Mueres géint 10 Auer an d‘Synagog „Tree of Life“ (Bam vum Liewen) agedrongen. Laut de Medien hätt den Täter geruff: „All d‘Judde musse stierwen“, an hätt dunn d‘Feier op d‘Leit am Tempel erëffnet, déi eng Gebuert zelebréiert hunn.

„Mir ware matten am Service, wéi mir Kaméidi an der Entrée héieren hunn“, erzielt de 60 järege Stephen Weiss, e Member vun der Kongregatioun, der Dageszeitung Tribune Review. „Ech hunn d‘Geräisch vun eng Waff erkannt“.

De Bilan ass erdréckend: 11 Affer a 6 Blesséierter, véier dovunner Polizisten. Bei der Dot gouf kee Kand ëmbruecht. Dës Dot ass direkt als antisemiteschen Akt denoncéiert ginn. Den direkter vun der Anti-Defamation League (ADL) Jason Greenblatt, huet gesot, datt et sech hei wahrscheinlech ëm déi déidlechst Attack géint déi jiddesch Communautéit an den USA handelt.

Och den Donald Trump huet direkt reagéiert: „Et dierf guer keng Toleranz fir den Antisemitismus, oder soss reliéisen Haass ginn“. Hie huet ugekënnegt sech a kierzt op Pittsburgh ze beginn, an ugeuerdent datt d‘Fändele bis den 31. Oktober, als Zeeche vum „feierleche Respekt“ op Hallefmast musse gesat ginn.

Dem Täter bléid d‘Doudesstrof

Virun der Synagog gi Mahnwaachen organiséiert. Mat enger Käerz an der Hand hunn sech vill Awunner op der Plaz zesummefonnt fir den Affer ze gedenken. Op den Täter, dee sech der Police erginn hat, komme schwiereg Zäiten duer, an et ass an dësem besonnesche Fall net dovunner auszegoen, datt him d‘Doudesstrof erspuert bleift.

Den US-Justizminister, Jeff Sessions, huet matdeele gelooss, datt de Robert Bowers, ënnert anerem wéinst antisemiteschem Verbriechen ugeklot gëtt, an hien d‘Doudesstrof riskéiert. Kuerz nom Jeff Sessions, huet sech de federale Justizministère fir de West-Distrikt vu Pennsylvania ausgedréckt.

Aus dem Communiqué ass ze enthuelen, datt géint de Robert Bowers 29 Uklopunkte fir federal Verbriechen zréckbehale gi sinn. Dorënner eelef Punkte wéinst „Behënnerung vun der Ausféierung vu reliéisem Glawe mat Doudesfolleg“. Dozou kommen nach emol eelef Uklopunkte fir d‘Notze vun enger Waff mat der Absicht e Mënsch ëmzebréngen.

D‘Police war gezwongen d‘Feier op den Tireur ze erëffnen, dee mat engem Stuermgewier an dräi Handfeierwaffen ausstafféiert war. D‘Polizisten hunn de Robert Bowers net „verpasst“. Blesséiert, konnt den Täter verhaft an uschléissend an e Spidol iwwerstallt ginn.

Synagog

Mat Käerzen an der Hand hu sech Awunner vum Quartier „Squirrel Hill“ virun der Synagog versammelt, fir den Affer ze gedenken. © Brendan Smialowski/AFP

Fir den Direkter vun der ëffentlecher Sécherheet vu Pittsburgh, Wendell Hissrich, ee schwéieren Dag. „D‘Zeen am Gebai ass onbeschreiflech schrecklech. Et ass eng vun de schlëmmsten Zeene vun engem Verbriechen, op déi ech mech am mengem Liewe beginn hunn, an ech war scho bei Fligeraccidenter derbäi“.

D‘Kongregatioun „Bam vum Liewen“ ass virun 150 Joer zu Pittsburgh gegrënnt ginn. D‘Synagog befënnt sech am Quartier vu „Squirrel Hill“, dem Häerz vun der grousse jiddescher Communautéit an dëser amerikanescher Groussstad.

„Ech si just traureg. Ech weess net wat ech iech soe soll (…) et hätt net dierfe passéieren, Punkt. Et hätt net dierfen an enger Synagog passéieren“, esou de Jeff Finkelstein, President vun der „Jewish Federatioun of greater Pittsburgh“, géintiwwer CNN.

D‘Welt trauert mat

Dës Attack kënnt zu engem Zäitpunkt, wou de „Klima“ an den USA zolidd ugespaant ass, dat esouwuel am politeschen Debat, wéi och op gesellschaftlechem Niveau. An der leschter Woch ware Päck mat Sprengsätz un demokratesch Perséinlechkeete geschéckt ginn, an den Donald Trump gëtt reegelméisseg vu senge Géigner bezichtegt, Ueleg op d‘Feier ze schëdden.

De Republikaner, dee sech an engem éischten Ament iwwerluecht huet de Wahlmeeting – am Kontext vun de Midterm elections – vum Samschdeg ofzesoen, huet gesot: „Mir wäerte schwéieren Häerzens dohinner goen, mee mir ginn. (…) Haut den Owend muss ech absolut den Toun änneren“.

Géintiwwer senger Fangemeinschaft huet den Donald Trump gemengt: „Mir mussen eis op d‘Säit vun eise jiddesche Bridder a Schwëstere stelle fir den Antisemitismus an d‘Muecht vum Haass ze bekämpfen“. Seng Duechter Ivanka, dat zum Judaismus konvertéiert ass, huet sech och zum Virfall ausgedréckt: „Amerika ass méi staark wéi d‘Dot vun engem perversen a fanateschen Antisemit“.

An Israel ass et de Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu, deen déi schrecklech Dot veruerteelt huet. Aus villen Haaptstied, wéi Berlin, Paräis, an Ottawa ass Solidaritéit a Matleed fir d‘Communautéit an d‘Bierger vu Pittsburgh ausgedréckt ginn. Esou vun de Vereenten Natiounen ass kondoléiert ginn.

Eng ganz Rei Stied aus den USA hunn e Samschdeg annoncéiert, Moossnamen ze ergräifen, fir d‘Gebietshaiser, d‘Tempel a soss reliéis genotzten Infrastrukturen ze schützen.

mam Dustin Franz an dem Charlotte Plantive/AFP

Foto: D‘Synagog vun der Communautéit „Tree of Life“ zu Pittsburgh (Pennsylvania), an där op Sabbat 11 Mënsche vum Robert Bowers erschoss goufen. © Jeff Swensen/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Antisemitismus, Donald Trump, Pennsylvania, Pittsburgh, Synagog, Tree of Life
Nächsten Artikel Virrechten Artikel