USA: „Monsanto hätt viru méigleche Risike misse warnen!“ esou de Kläger
Wann hien iwwert déi méiglech sanitär Risiken informéiert gi wier,
Wann hien iwwert déi méiglech sanitär Risiken informéiert gi wier,
Et fält aktuell villes vum Himmel an et ass net
Mat dëser Fro huet sech de Statec auserneen gesat. An
E Bouf vun 11 Joer, dee sech geweigert huet seng Kummer opzeraumen, esou wéi hien dat gefrot war, huet sech eng Waff vu sengem Grousspapp gekroopt, seng Groussmamm mat engem Schoss an de Kapp ëmbruecht, an huet uschléissend sech erschoss. Esou déi lokal Median am Arizona.
D‘Yvonne Woodward, 65 Joer al, ass an hirem Haus zu Litchfield Park (am Nordoste vu Phoenix) erschoss ginn, wéi se zesumme mat hirem Mann, d‘Televisioun gekuckt huet. D‘Koppel hat déi exklusiv Opsiicht vum Kand, an huet den Dag domatter verbruecht, de Bouf ze froen seng Kummer opzeraumen, wat dësen obstinéiert refuséiert huet. Dat ass den Oflaf vum Dag, wéi de Grousspapp en der Police erkläert huet.
Laut dem Spriecher vum Sheriff vun der Grofschaft Maricopa, hätt d‘Koppel op der Couch gesiess wéi de Bouf aus dem Hannergrond opgetaucht ass, an der Fra eng Kugel an de Kapp geschoss huet. Dat mat enger Handfeierwaff déi sengem Grousspapp gehéiert huet. Dem Mann säin eischte Reflex war et dem Bouf nozelafen, mee hien huet sech dunn awer als éischt ëm seng Fra gekëmmert.
D‘Kand schéngt dës Geleeënheet genotzt ze hunn, fir sech an der Kummer ze erschéissen. „Et huet näischt drop higewisen, datt den Enkel hätt kënnen eng Gefor fir sech oder anerer sinn“, preziséiert de Spriecher vum Sheriff. Et ass eng Enquête opgemaach ginn, fir d‘Ëmstänn vun dëser, och fir Amerika, net alldeeglecher Dot opzeklären.
mat AFP