Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat geschitt mat Syrien nom Ofzuch vun den US-Truppen? (Analys)
Neiegkeeten

Wat geschitt mat Syrien nom Ofzuch vun den US-Truppen? (Analys)

Nodeems den Donald Trump beschloss huet seng Zaldoten aus Syrien

Coronavirus: D‘Gewerkschaften ergräifen d‘Wuert
Neiegkeeten

Coronavirus: D‘Gewerkschaften ergräifen d‘Wuert

Géintiwwer der besuergnesserreegender Verbreedung vun der duerch de Coronavirus Covid19

Accisen um Diesel ginn an de Keller
Neiegkeeten

Accisen um Diesel ginn an de Keller

E Méindeg huet d‘Administratioun vun der Douane an den Accisen

11 Moossname fir d‘Entreprisen ze stäipen

11 Moossname fir d‘Entreprisen ze stäipen

An der leschter Plenière vun der Handelskummer, hunn déi 25 gewielte Memberen aus den diversen ekonomesche Secteuren, ënnert de Leedung vum President Luc Frieden iwwert déi aktuell sozio-ekonomesch Kris an hiren Impakt op d‘Lëtzebuerger Entreprise beroden. An dësem Kontext huet d‘Assemblée 11 direkt Moossname virgeschloen, fir d‘Entreprisen an dësen Zäiten ze stäipen.

Hir Recommandatioune sinn:

  1. eng Weiderféierung vun der Flexibiliséierung vum partielle Chômage (Kuerzaarbecht) an dat bis zur normaler Reprise vun den Aktivitéiten, mee op mannst bis Enn 2020;
  2. eng Erliichterung bei de fixe Käschten an Ënnerstëtzung bei de Liquiditéiten;
  3. déi ugebueden Avancen eréischt zeréckzefuerdere wann nees besser Zäiten do sinn;
  4. eng Ëffnung vun de Geschäfter an de Restauranten, déi sanitär Restriktiounen ëmsetze kënnen;
  5. d‘Schafe vum engen ekonomesche Stabiliséierungsfong;
  6. ee System fir de Report no hanne vun de Verloschter aféieren;
  7. ee „Package“ schafe fir de Konsum an den am schwéierste betraffene Secteuren ze ënnerstëtzen;
  8. déi éischt geschafe Plaz an enger ganz klenger Entreprise (TPE), vun de Patronatscotisatiounen ze entbannen;
  9. de Regime vun der Sozialversécherung vun den Independanten un deen vun de Salariéeën unzegläichen;
  10. d‘Prozedur vun de Faillitten nach emol iwwerpréiwen;
  11. d‘schafe vum engem Guichet Unique fir d‘PMEen.

Illustratioun: © Claudio Schwarz / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Exitstrategie, Handelskummer, Recommandatioune
Nächsten Artikel Virrechten Artikel