100 Kilometer propper Baachen: Um 28. Mäerz gëtt gebotzt!
Um Samschdeg, den 28. Mäerz 2020 steet déi grouss Botz
Um Samschdeg, den 28. Mäerz 2020 steet déi grouss Botz
Ab e Sonndeg, den 3. November 2019 wäert déi nei
Wéi schonn 2016, mécht och dëst Joer keng Ausnam an
Ënnerdeelt an d’Beräicher Privathaushalt, Handel, Grousskichen a Gastronomie sollen d’Resultater Usätz liwweren, fir der Liewensmëttelverschwendung entgéint ze wierken. Dobäi gëtt ënnerscheet tëscht vermeidbaren (Iessensreschter, lass a verpaakt Liewensmëttel) an net vermeidbar Liewensmëtteloffäll (Schuelen, Schanken,…).
70.800 Tonne ginn insgesamt all Joer an de 4 uewe genannte Beräicher entsuergt, wouduerch een op déi 118 kg pro Awunner pro Joer kënnt. Am Verglach zu de Jore virdrun ass de Gesamtvolume säit 2016 ëm 4,8 % geklommen, wat een duerch déi steigend Bevëlkerungszuel erkläert. D’Pro-Kapp-Opkommes ass allerdéngs ëm 3,8 % erofgaangen.
Zu Lëtzebuerg ginn nämlech pro Joer 53.270 Tonne Liewensmëttel iwwert de Restoffall, d’Biotonn an de Kompost entsuergt, wat ronn 75 % vun de gesamte Liewensmëtteloffäll sinn. All Awunner produzéiert esou am Schnëtt 88,5 kg Liewensmëtteloffäll am Joer, wouvun 23,5 kg pro Kapp – oder 14.200 Tonnen insgesamt – vermeidbar wieren.
Der Ëmweltverwaltung ass och opgefall, datt de vermeidbaren Undeel u Liewensmëtteloffäll am Reschtoffall ëm ronn 37 % zeréckgaangen ass. Grënn heivir kéinten déi gesteigert Sensibilitéit an aner Gewunnechten, wéi beispillsweis d’Kompostéieren an d’Trenne vu Biooffall, sinn.
An der Gastronomie bestinn d’Liewensmëtteloffäll virun allem aus net vermeidbaren Zoubereedungsreschter (Eeërschuelen, Fett, Schanken, …). Dobäi komme vermeidbar Reschter vum Dësch, iwwerschësseg Moolzechten a Verloschter am Stock.
Am Duerchschnëtt kënnt een an dësem Beräich op 5.250 Tonne Liewensmëtteloffäll am Joer. Vun ëmgerechent 8,9 kg pro Joer op de Kapp wieren 7,1 kg vermeidbar.
Kantinne, Spideeler, Schoulen, Altersheemer an ähnleches kommen am Joer op duerchschnëttlech 7.100 Tonne Liewensmëtteloffäll – 12 kg pro Kapp pro Joer, wouvun 9,6 kg vermeit kënne ginn. Ma, dës nei Zuele weisen e Réckgang vun den Offäll an hirem Hierkonftsberäich vun 8 % op, wat op Nofro op een erhéicht Bewosstsinn zum Thema Liewensmëttelverschwendung an d’Initiativen an dësem Beräich zeréckzeféieren ass.
Zu gudder Lescht huet een den Handel méi genee ënnert d’Lupp geholl. An éischter Linn entstinn d’Liewensmëtteloffäll bei deene Produiten, déi als net méi verkeeflech agestuuft ginn (verduerwe Liewensmëttel, Halbarkeetsdatum ofgelaf, …).
Ma am Duerchschnëtt koum ee bei der Etüd op 5.150 Tonne pro Joer (ouni Liewensmëttelspenden). Pro Awunner ergi sech 8,7 kg am Joer, wouvun 7,85 kg vermeidbar wieren.
Weider Informatiounen zur Etüd ginn et op: