Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Qatar: Gaaschtaarbechter dierfen ouni d‘Erlaabnes vum Patron ausreesen
internet dating sydney

Qatar: Gaaschtaarbechter dierfen ouni d‘Erlaabnes vum Patron ausreesen

Um Dënschdeg ass am Qatar e Gesetz ugeholl ginn, mat

dating sites broome wa
internet dating sydney

Dem Trump seng Aussepolitik (eng Erklärung)

Fir de Locataire am Wäissen Haus, leeft et aussepolitesch den

Haut stellt d‘EU-Kommissioun hire Klimaplang vir
internet dating sydney

Haut stellt d‘EU-Kommissioun hire Klimaplang vir

Lëtzebuerg huet schonn e Klimaplang, esouguer ee Klimaschutzgesetz soll 2020

12. Lëtzebuerger Wäibaudeeg: Vum Glyphosat, Green Deal a Klimawandel

12. Lëtzebuerger Wäibaudeeg: Vum Glyphosat, Green Deal a Klimawandel

Fir eng 12. Kéier huet de Wënzerverband, an Zesummenaarbecht mam Institut Viti-Vinicole an a Presenz vum Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, d’Lëtzebuerger Wäibaudeeg zu Wuermer organiséiert. Nieft politesche Riede stoung besonnesch dat neit Glyphosatverbuet an den Impakt vum Klimawandel op de Wäibau an d’Qualitéit vum Wäin am Virdergrond.

De Romain Schneider huet als éischt déi gutt Zesummenaarbecht mam Beruffsstand gelueft, huet dunn drop opmierksam gemaach, datt sech den Ausstig vum Glyphosat zwar als schwiereg, awer machbar erweist. Privatwënzer a Membere vun Domaines Vinsmoselle hunn Initiative ergraff a wëlle schonn an dësem Joer komplett a fräiwëlleg op den Herbizid verzichten.

Ma do freet sech de Minister an hofft, datt och de Client an all Wäigeck dëse Schrëtt ze schätze weess. Scho virun 10 Joer hate Lëtzebuerger Wënzer een immense Kraaftakt vollbruecht an hunn Insektiziden géint den Drauwewéckler komplett duerch biologesch Alternativen ersat.

Weider gaangen ass et mat der neier gemeinsamer Agrarpolitik vun der Europäescher Unioun. De Minister huet de momentane Stand matgedeelt a betount, datt d’Ëmsetzung um nationalen Niveau am Dialog mat de Beruffsvertriedungen duerchgefouert gëtt.

Lëtzebuerger Wäibaudeeg

Romain Schneider, Minister fir Landiwrtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung © Landwirtschaftsministère

Wirtschaftlech, ekologesch a sozial nohalteg?

Am Green Deal huet d’EU sech dat éiergäizegt Zil gesat, de ganze Kontinent bis 2050 klimaneutral ze gestalten. D’Landwirtschaft an de Wäibau steet hei viru groussen Erausfuerderungen. Wichteg ass dem Romain Schneider, datt d’Moossname vun nohalteger Natur sinn an nieft den Ëmwelt- a Klimaaspekten och d’Wirtschaft a sozial Komponente berécksiichtegen.

Nei Ubaumethoden a Strategie ginn an den nächste Joren noutwenneg fir engersäits den Ëmweltoploen gerecht ze ginn, anerersäits awer och sech de Folge vum Klimawandel unzepassen. Datt d’Wënzer a Wäibaueren sech der Entwécklung oppe géigeniwwer stellen, ass immens ze begréissen. Mat dräi Fuerschungsprojeten, déi vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung sollen nei Methoden zum ëmweltschounende Wäibau entwéckelt a getest ginn.

Ofgeschloss gouf de Virmëtteg mat enger facetteräicher Diskussiounsronn tëscht internationale Leit vum Fac, Wëssenschaftler an nationalen Experten zum Thema Upassungsstrategien zum Klimawandel. Um Nomëtteg louch de Fokus op der Digitaliséierung an den Asaz vun Dronen, fir esou Krankheeten un de Riewe festzestellen. Zënter 3 Joer setzt een mat Erfolleg sougenannt Sprëtzdronen an.

Ähnlech Sujeten Drauwen, Dronen, Green Deal, Institut Viti-Vinicole, Landwirtschaftsministère, Lëtzebuerger Wäibaudeeg, Riewen, Romain Schneider, Wäibau, Wënzer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel