Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Plainte géint zwee Agente vun der CNS wéinst Verontreiung
Neiegkeeten

Eng Plainte géint zwee Agente vun der CNS wéinst Verontreiung

Déi national Gesondheetskeess (CNS) huet lescht Woch misse feststellen, datt

Nëmmen e Mëssverständnes?
Neiegkeeten

Nëmmen e Mëssverständnes?

Eng Regentin an eng Damm déi et gäre „riicht eraus“

Giel Gileten: elo läit de Ball am Lager vum Macron
Neiegkeeten

Giel Gileten: elo läit de Ball am Lager vum Macron

Nom 2. Akt vun de „giele Gileten“, wou et zu

Firwat den 12 Stonnen-Aarbechtsdag retabléieren?

D‘Gewerkschaft LCGB verlaangt d‘Salariéeën dauerhaft ze entlaaschten

Firwat den 12 Stonnen-Aarbechtsdag retabléieren?

Zanter dem 27. Mäerz, konnten all déi Entreprisen dären hire Fonctionnement als essentiell fir den Erhalt vun de vitalen Interesse vum Vollek an dem Land bewäert ginn ass, eng Auswäitung vun der deeglecher Aarbechtsdauer op 12 Stonnen (maximal 60 Stonnen an der Woch) ufroen. Wärend dës Dispositioun den 11. Mee sollt op en Enn goen, huet d‘Regierung de selwechten Dag, an ouni dës Noutwennegkeet ze motivéieren oder sech mat de Sozialpartner beroden ze hunn, nees agefouert.

Mam Deconfinement an enger gradueller Reprise vun de Wirtschaftsaktivitéiten, muss de LCGB dëse Beholl vun der Regierung op dat schäerfst denoncéieren a fuerdert, datt dës Mesure direkt zréckgeholl gëtt. Vun Ufank un huet de LCGB ënnerstrach, datt eng Derogatioun zur legaler Aarbechtszäit eng Moossnam a leschter Instanz duerstellt. Vu datt d‘Salariéeë midd an ausgebrannt sinn, an esou och méi fragiliséiert sinn, wat Feeler oder Erkrankung ubelaangt, huet d‘Gewerkschaft säit Enn Mäerz eng Verstäerkung vun den Ekippe revendiquéiert fir déi noutwenneg Pausen ze garantéieren.

Bezunn op dës Feststellung, begréisst de LCGB, datt d‘Regierung déi lescht Woch am Kontext vun der Annonce zum Antrëtt an d‘Phas 2 vum Deconfinement, d‘Regierung Ofstand vun der Lëscht vun deenen Aktivitéite geholl huet, déi entspriechend dem groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz (Noutstandserklärung) als „essentiell“ anzestufen sinn. Dat huet eng Auswäitung vun der Aarbechtszäit op 12 Stonnen den Dag, bei maximal 60 Stonnen an der Woch mat sech bruecht. Dës Derogatioun hätt den 11. Mee missen op en Enn goen.

Et ass mat Entsetzen, wou de LCGB muss feststellen, datt de Regierungsrot gëschter (11. Mee) eesäiteg decidéiert huet, dës Derogatioun weiderzeféieren. De LCGB Kontestéiert mat aller Vehemenz d‘Absence vun all Sozialdialog säitens der Regierung. Et ergëtt sech dorausser, datt elo alle Entreprisen déi vum groussherzogleche Reglement genannt ginn, dorënner déi aus dem Handel, dem Bau, der Befërderung vu Persounen, de Gardiennage, de Botzsecteur, d‘Post an natierlech alles aus dem Fleegesecteur, hei d‘Dier grouss opgemaach kruten, fir d‘Retarden opzehuelen, déi wärend dem Confinement entstane sinn.

Matgedeelt vum LCGB, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser.

Illustratioun: © Alex Iby / unsplash

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Derogatioun, LCGB, Noutstandsgesetz, Regierungsrot, Sozialdialog
Nächsten Artikel Virrechten Artikel