Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hong Kong: Einstweileg Verfügung géint d‘Demonstranten
https://moien.lu/speed-dating-sport/

Hong Kong: Einstweileg Verfügung géint d‘Demonstranten

Um Dënschdegowend, nodeems de Fluchhafe vun Hong Kong schonn den

online dating site in switzerland
https://moien.lu/speed-dating-sport/

dating utrecht

Et war gëschter scho fir déi 14. Kéier, dat bei

dislike
Findel: Keng Eenegung a Siicht
https://moien.lu/speed-dating-sport/

Findel: Keng Eenegung a Siicht

Wéi een um Freidegmoie gewuer ginn ass, huet den Direkter

Si halen eis Stad propper – 120 Joer Service Hygiène

Si halen eis Stad propper – 120 Joer Service Hygiène

De 15. Abrëll huet d’Stad Lëtzebuerg op de Vernissage vun der Fotosausstellung iwwert de Service Hygiène um Knuedler agelueden. Am Kader vum 120-järege Bestoe vum Service Hygiène goufen eng zwanzeg schwaarz-wäiss Fotoen aus dem Aarbechtsalldag ausgestallt. Et kann ee se nach bis den 31. Mee kucke goen.

De Stater Schäffe Patrick Goldschmidt (DP) an de Marc Weber, Chef vum Hygiènesdéngscht, hu bei hire Rieden d’Aarbechter gelueft, déi all Dag am Asaz sinn fir eis Stad propper ze halen. Dës Ausstellung gëllt als Startschoss fir eng gréisser a fënnef Joer a fir eng Rei Sensibiliséirungscampagnen, déi deemnächst lancéiert ginn, sou de Patrick Goldschmidt. Et wier wichteg de Leit ze weisen, datt hannert enger propperer Stad och eng staark Botzequipe steet.

Firwat 1932 vill Päerd an d’Stee koumen

D’Fotoserie beliicht d’Entwécklung vum Hygiènesdéngscht am Laf vun der Zäit. D’Fotothéik vun der VDL huet d’Fotoen zur Verfügung gestallt.

Den eigentlechen Ursprong vum Hygiènesdéngscht geet op den 18. Mäerz 1898 zeréck. Op d’Arelerstrooss koum en Tipp, eng Lagerhal an e Päerdsstall. 1899 huet de Gemengerot du beschloss, d’Personal vun der Stad offiziell mat der Verwaltung vum Dreck ze beoptragen. Well 1901 den “ancien dépôt des outils des latrines” och op d’Arelerstrooss geplënnert ass, gouf de Site am Volleksmond “Piffhaff” genannt.

Hygiène

120 Joer Stater Hygiènesdéngscht, dat ass net näischt. An datt dëse Service nach net privatiséiert ginn ass, esou wéi d‘Elektrizitéitswierk, ass ee grousst Gléck fir d‘Awunner. © Martine de Lagardère/moien.lu

An den Zwanzeger-Jore goufen dunn nach Büroen an Atelieren um Piffhaff bäigebaut. Dëst huet et erlaabt, méi efficace ze schaffen. Ëm 1932 waren d’Päerd um Piffhaff net méi sou vill gefrot. Am Joer virdru krut d’Stad Lëtzebuerg nämlech als eng vun den éischten europäesche Stied e Gefier mat gréisserer Luedfläch – déi meescht Päerd goufen doropshi versteet.

Vu rullende Poubellë bis zum Recyclingszenter

Tëscht 1982 an 1984 si vill Poubellë mat Rieder opgepäppelt ginn. Dëst soll d’Aarbecht e gutt Stéck méi einfach maachen. Kuerz virdrun ass och e wëchentleche Plang agefouert gi fir den Dreck anzesammelen.

Well an den Achzeger-Jore sech e méi staarkt Ëmweltbewosstsinn bei de Leit bemierkbar gemaach huet, ass 1987 de Recyclingszenter um Site op der Arelerstrooss installéiert ginn. E weidere Schrëtt Richtung méi respektvollen Ëmgang mat eiser Ëmwelt ass 2010 mat der Aféierung vun de bronge Poubellë fir biodegradabelen Offall gemaach ginn.

Hygiène

De Chef de Service, Marc Weber, huet nach emol un déi wichteg Aarbecht vu senge Leit erënnert, a weist drop hin, datt dat wat vill Leit als „Selbstverständlech“ hinhuelen, ebe grad net Selbstverständlech ass. © Martine de Lagardère/moien.lu

Um Service Hygiène schaffen de Moment 340 Leit, equipéiert mat 135 Maschinnen, dorënner 36 Drecksautoen, zéng Stroossekierer an 32 Camionnetten. Aktuell gëtt un der Planifikatioun vun engem neie Site geschafft.

E bësonnesche Gaascht mat groussem Archiv

Ënnert de Visiteure war ënner anerem eng stellvertriedend Ekipp vum Hygiènesdéngscht, déi mat hirer oranger Kleedung bei guddem Wieder direkt opgefall ass. Beim zweeten Hikucken ass awer nach eng aner Persoun opgefall: de Jean-Pierre Welter. De Jean-Pierre Welter ass Pensionnaire an huet 38 Joer laang um Hygiènesdéngscht geschafft. Hien hat en décke Classeur dobäi, deen hien interesséierte Gäscht gäre gewisen huet. Am Classeur waren net nëmme Fotoen, mee och nach eng Rei original Dokumenter wéi Bréiwer a Pläng.

Déi eng oder aner Anekdot ass et dunn och zum Beschte ginn. Sou huet den Här Welter gezielt, datt säi Papp 1932 och schonn do geschafft huet. Oder datt am 2. Weltkrich déi Däitsch all d’Maschinne geklaut hunn – bis op eng. Et war eng mat Holzgas ugedriwwe Maschinn, déi manner performant wor – déi hat esouguer Problemer fir de Bierg erop op Zéisseng ze kommen. Fréier ass et och just eng Equipe fir alles ginn. D’Aarbechter ware beispillsweis ausgebilt, fir bei de Pompjeeën ze hëllefen oder d’Doudelued an d’Graf erofzeloossen.

Hygiène

Vill an Interessantes hat eis de Jean-Pierre Welter ze erzielen. Hien ass ee vun de notabelen Zäitzeien, an huet nach villes vun deem wat op de Biller gewise gëtt, materlieft. © Martine de Lagardère/moien.lu

De Jean-Pierre Welter wäert fir déi grouss Ausstellung a fënnef Joer méi staark agebonne ginn. Hien huet haut nach Kontakt zu Aarbechtskollegen a fillt sech nach ëmmer mat senger aler Aarbecht verbonnen. Am léifste wéilt den Här Welter eng Amicale grënnen.

Et iwwerrascht also wéineg, datt hien de President vum FC Hygiena ass. De Club spillt an der Betriibsliga an huet säi Sëtz – dräimol dierf ee roden – op der Arelerstrooss!

Foto: Fréier hu se nach gestanen an d‘Kierbiischt gestäipt fir op d‘Gruppefoto ze kommen. Haut ass een do schonn ee ganze Schratt méi wäit. D‘Kierbiischt leeft (bal) vum selwen a muss net méi festgehale ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten 120 Joer Service Hygiène, Hygiènesdéngscht, Patrick Goldschmidt, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel