Search

You may also like

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!
Neiegkeeten

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!

E Freideg hunn d‘adr an d‘Piraten bekannt ginn, datt si

Loutrengen: Zivilcourage mat déidlechem Ausgang
Neiegkeeten

Loutrengen: Zivilcourage mat déidlechem Ausgang

D‘Diagnose fir e Mann vun 29 Joer, deem mat engem

Kufa’s Urban Art: D’Editioun 2020 gëtt verréckelt
Neiegkeeten

Kufa’s Urban Art: D’Editioun 2020 gëtt verréckelt

D’Kulturfabrik an d’Stad Esch musse leider matdeelen, datt duerch d’Coronakris

125 Joer Luxlait: De Romain Schneider zu Besuch um Rouscht!

Gëschter huet den Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau an ländlech Entwécklung d’Installatioune vu Luxlait um Rouscht besicht. Heibäi ass et virun allem ëm den Echange mat de Representante vun der Lëtzebuerger Firma gaangen.

Zesumme mam President Marc Reiners an dem Direkter Gilles Gérard si konstruktiv Diskussiounen zustane komm. Dobäi ass och d’Wichtegkeet vun der Partnerschaft ënnerstrach ginn.

Luxlait ass eng landwirtschaftlech Associatioun, déi ganzer 360 Bauere regruppéiert an de gréisste Mëllech-Transformateur vum Land ass. „Dës Mëllech-Kooperative schaaft eng essentiell Sail am lëtzebuergesche Landwirtschaftssecteur“, preziséiert de Romain Schneider an weist op den innovative Charakter vun der Entreprise.

Mat enormer Erfarung a Wëssen entwéckelt sech Luxlait ëmmer weider, sou datt och d’Gamm vun de Produiten ëmmer erëm ugepasst a geännert gëtt. Fir de Minister ass et evident dës Entreprise finanziell ze begleeden. Zu gudder Lescht huet hien de Representante felicitéiert fir den 125. Gebuertsdag vun der Entreprise. Fir de Minister gëtt et keen Zweiwel, datt dës flott Aventure och nach an den nächsten 125 Joer mat Succès weider geet.

(v.l.n.r.) Gilles Gérard, Direkter vu Luxlait; Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau an ländlech Entwécklung © Luxlait

Related topics 125 Joer, Gilles Gérard, Luxlait, Mëllech, Romain Schneider
Next post Previous post