Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iechternach: Feierlaun beim Séi.
https://moien.lu/who-is-dating-zoe-saldana/

Iechternach: Feierlaun beim Séi.

Fir déi mëttlerweil 35. Kéier, konnt een och erëm leschte

https://moien.lu/namibian-online-dating-chat/
https://moien.lu/who-is-dating-zoe-saldana/

Prominenz um Maart: Rollentausch fir e gudden Zweck

E Samschdeg, de 15. Juni huet de Lëtzebuerger Maarteverband (LMV)

surprise
Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?
https://moien.lu/who-is-dating-zoe-saldana/

Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?

Wann een iwwert Politikverdrossenheet schwätz, gi gäre gewësse Léisungen ëmmer

135 Joer Escher Pompjeeën: D‘Buch zu der Geschicht

135 Joer Escher Pompjeeën: D‘Buch zu der Geschicht

Um Freideg Nomëtteg hunn d‘Auteure Michel a Jeanny Krieps-Dell dem Inneminister Dan Kersch d‘Buch „Die 135 jährige Geschichte der Escher Feuerwehr“ am klenge Krees iwwerreecht. E Buch dat sech integral op historesch Fakte bezitt, a wäit méi wéi e Geschichtsbuch an zwee Bänner ass.

Mer verroden dann och net ze vill, wa mir, wéi et de Minister selwer sot, drop hiweisen, datt een eigentlech geplangt hat, esou e Buch eppes éischter ze maachen. Rieds war vum 125. Gebuertsdag, du vum 130. Jubiläum. Mee wéi et esou am Liewen ass, éischtens kënnt et anescht, zweetens wéi een denkt.

D‘Waarden huet sech gelount an et sinn, wéi scho gesot zwee Bänner, an déi dierf een och als Bestanddeel vum Escher Patrimoine betruechten. Deem dierft och de gebiertegen Escher an haidegen Inneminister net widderspriechen. Den Dan Kersch huet den Auteuren dann ee grousse Merci ausgeschwat, a versprach, datt dat Wierk seng verdéngte Plaz géif erhalen.

Am Zesummenhang mam Buch, huet de Minister Dan Kersch, dann och nach drun erënnert, datt ee sech längst Gedanken iwwert e Pompjeesmusée mécht, an dat net nëmmen am Kader vun der Reform vun de Rettungsdéngschter. A wie weess, esou ee richtege Musée, do kéint een och direkt d‘Police an d‘Douane mat aplangen. Da wieren se jo emol vereent…

D‘Zäit, an dat ass eppes wat een am Buch och wäert feststellen, bleift net stoen. Hautdesdaags ass et net méi esou einfach Fräiwëlleger ze fannen. Dat huet vill Ursaachen, a léisst sech einfach esou un engem Punkt festmaachen. Dofir jo och déi wichteg Reform. A jo, de Minister huet duerchaus Recht drop hinzeweisen, datt den Zesummenhalt net méi deen ass, deen et emol war.

An trotz allem gëtt no vir gekuckt, d‘Welt hält jo elo net einfach op mat dréinen. Op déi Fräiwëlleg Pompjeeë kann ee wuel och an Zukunft net verzichten, och wann de „Beruff“ méi professionell opgestallt an ausgeriicht muss ginn. Mee haut, wou een als Koppel zu zweet op d‘Schaff geet, et ëmmer manner Patrone ginn, déi de Fräiwëllegen ënnerstëtzten…

Escher

© Martine de Lagardère/moien.lu

Zu den Auteuren an dem Buch

De Michel Krieps, e Mann vun deem een onverhuele behaapte kann, datt hien enger Pompjee-Dynastie entstaamt – de Grousspapp war 1901 an de Corps agetrueden, an och de Papp an de Pätter ware Pompjeeën – huet 62 Joer vun der Geschicht als Aktiven „matgeschriwwen“. Mat der Ënnerstëtzung vu senger Fra Jeanny, konnt de Projet dann och realiséiert ginn.

Fënnef ganzer Joer ass vill an intensiv geschafft ginn. Erauskomm sinn 2 Bänn, an et ass wierklech näischt ausgelooss ginn. A well béid Auteuren och sécherstelle wollten, datt et och ee gutt Buch gëtt, hunn se sech vum däitschen Historiker Dr. Andreas Gniffke berode gelooss. Hien huet d‘Korrektur an d‘Lektorat iwwerholl. D‘Gestaltung vum „Cover“ huet de Nico Thurm iwwerholl.

Hëllef ass et och aus der Famill ginn, an de Paul Dell zeechent Verantwortlech fir d‘Restauratioun an d‘Digitaliséierung vun de Biller. Op dëser Plaz dierf een dann och de ville Partner (déi sinn all am Buch berécksichtegt ginn) e grousse Merci soen, ouni déi et wahrscheinlech net ze stemme gewiescht wier.

Hinne sollt dann och al Interessent um Buch e Merci soen, well zwee Bänner fir ganzer 49 Euro, dat wäert een esou net méi zu Gesiicht kréien. Zudeem sollt ee sech, wann et een déi zwee Bänner wëll hunn, bäi maachen. Et ass eng limitéiert Editioun, an et ginn der exakt 750. (ISBN: 978-99959-0-346-6)

Erhältlech ass d‘Wierk bei der Libraire Diderich, der Librairie ABC an dem Optiker Poensgen. Mee och an der Libraire Alinea an der Beaumont-Strooss oder bei allen Librairie vum Grupp Ernster kann een – bis da keent méi do ass – dat wierklech gelongent Wierk kafen. Am Internet kritt een et net.

Foto: Den Inneminister Dan Kersch (Mëtt) mat den Auteure Michel a Jeanny Krieps-Dell. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dan Kersch, Dr. Andreas Gniffke, Escher Pompjeeën, Jeanny Krieps-Dell, Michel Krieps, Nico Thurm, Paul Dell
Nächsten Artikel Virrechten Artikel