Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer
Vergaangenen Dënschdeg huet d’Inneministesch Taina Bofferding d’Representante vum Service vun
Vergaangenen Dënschdeg huet d’Inneministesch Taina Bofferding d’Representante vum Service vun
D’Nordstad ass mat Ettelbréck an Dikrech eng wichteg Achs fir
De Weltdag vun der humanitärer Hëllef ass eng gutt Geleeënheet
Wéi all Joers Mëtt Juni versammele sech Ritter, Gaukler a Museker ëm d’Useldenger Buerg a begi sech soumat op eng spannend an ënnerhalsam Rees an d’Räich vum Mëttelalter. Déi historesch Veranstaltung a mëttlerweil schonn 13. Editioun vun Useldeng am Mëttelalter fënnt de Weekend vum 15. a 16. Juni 2019 zu – wou och soss – Useldeng statt.
Eng héich Unzuel un Händler mat hiren historesche Stänn souwéi fläisseg Handwierker verschafen interesséierte Besicher en Abléck a bal ausgestuerwe Beruffer. Wie sech e Bild vum Liewen zu deenen Zäite maache wëll, dee brauch nëmmen an d’Zelter eran ze kucken, wou déi edel Ritter a rau Wikingergeselle sech breet gemaach hunn.
Museker, Gaukler a Jongleuren aus der Tschechescher Republik, Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg souwéi den allgemenge Pöbel animéieren d’Gäscht a suerge fir gutt Laun. Och fir dat klengt Rittervollek ass vill gebueden: lescht Joer haten déi Jonk eng grouss Auswahl mat Keramik-Atelier, Kanner-Ritter-Turnéier, Karussell, Leemhütte bauen a villes méi.
Och beim Zier suerge mëttelalterlech Spezialitéite fir en zefriddene Mo. Souwuel fir de Kolleg vum Fleesch wéi och fir de Vegetarier ass eppes dobäi.
Samschdeg, de 15. Juni 2019 vun 11:00 bis 01:00 Auer
Sonndeg, de 16. Juni 2019 vun 10:00 bis 19:00 Auer
Den Entrée fir Erwuessener kascht 6 Euro, mat Verkleedung nëmmen 2 Euro.
Kanner ënner 12 Joer souwéi Leit mat Handicap komme gratis eran.