Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Beim ACL gëtt elo e Gang eropgeschalt
International dating restaurant in pune

https://moien.lu/when-freshman-dating-seniors/

Am Kader vun der Internationaler Motor Show vu Lëtzebuerg huet

Fête de la Musique 2017 – E feste Rendez-Vous
International dating restaurant in pune

Fête de la Musique 2017 – E feste Rendez-Vous

Och dëst Joer huet d’Diddelenger Gemeng bei der Fête de

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!
International dating restaurant in pune

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!

Mir sti kuerz virun den Europawahlen an esou huet elo

15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!

15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!
© Tamino Petelinšek/STA
15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!
© Tamino Petelinšek/STA
15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!
© Tamino Petelinšek/STA
15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!
© Tamino Petelinšek/STA

Um vergaangene Mëttwoch huet de Premierminister Xavier Bettel an der slowenescher Haaptstad Ljubliana un der Zeremonie „Mosaic of the Future“ deelgeholl. Heibäi ass de 15. Gebuertsdag vum Bäitrëtt vu Slowenien an d’EU gefeiert ginn. De Minister huet heibäi ënnerstrach, datt et him eng grouss Éier ass un dësem wichtege Moment deelhuelen ze kënnen. Ënnert Lëtzebuerger Presidence vum Rot ass nämlech deemools d’Decisioun vum Bäitrëtt getraff ginn.

Bei senger Ried huet de Minister Bettel déi positiv Bäiträg ervir gehuewen, déi Slowenien der EU säit sengem Bäitrëtt garantéiert. Ouni Zweiwel huet d’Land sech net nëmmen als stabil Ekonomie, mee och als pro-europäeschen, zouverlässegen a wäertvolle Partner erausgestallt. Donieft stécht Slowenien och als Stëmm zur Fërderung vun der europäescher Integratioun eraus. An der EU huet d’Land seng Plaz fonnt an stäerkt esou d’Famill vun den Natiounen. Esou erkläert de Xavier Bettel et a sengem Discours.

„Wéi och Slowenien ass Lëtzebuerg iwwerzeegt vun der dréngender Noutwennegkeet den internen Zesummenhalt vun der EU ze stäerken. Mir mussen eis op d’Prinzipien an déi fundamental Wäerter konzentréieren, déi un der Wuerzel vum europäesche Projet leien“, sou de Minister. An dësem Kontext wier et och essentiell enk mat de slowenesche Partner zesummen ze schaffen. Och déi kleng Länner mussen hir Kraaft bündelen a matenee kooperéiere fir esou erfollegräich déi gemeinsam Interessien ze vertrieden.

Fir um europäeschen Niveau de Fortschrëtt ze realiséieren ass ee progressive Leadership noutwenneg. Dobäi ass de Xavier Bettel zouversiichtlech, datt Slowenien sech senger Roll unhuele wäert an am gemeinsamen Interessi bei der zukünfteger Presidence vun der EU am Joer 2021 handele wäert.

Bei dësem Evenement war och een Aarbechtsiesse mam slowenesche Premierminister, dem Marjan Šarec virgesinn. Heibäi ass virun allem iwwert déi bilateral Bezéiung diskutéiert ginn, wéi och iwwert déi gemeinsam Prioritéite fir d’Zukunft vun der EU.

Gëschter ass eise Premier dunn op Sibiu a Rumänien gereest fir um informellen europäesche Rot deelzehuelen. Ziel waren hei éischt Diskussiounen zum strategeschen Agenda vun der EU an der Period 2019-2024.

Fotoen: © Tamino Petelinšek/STA

Ähnlech Sujeten EU, Ljubliana, Mosaic of the Future, Slowenien, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel