Giel Gileten Akt III: Revendicatioun-Guerilla
De franséische President, Emmanuel Macron, knapps datt hien den enttäuschende
De franséische President, Emmanuel Macron, knapps datt hien den enttäuschende
Nieft de gesondheetleche Problemer, ervirgeruff duerch de Coronavirus Covid19, déi
De Label SuperDrecksKëscht® ass een Zeeche vu Qualitéit a setzt eng ekologesch Gestioun vum Offall viraus. Just Entreprisen an Institutiounen aus dem privaten an ëffentleche Beräich, déi d’Konzept erfëllen erhalen de Label an droe soumat zum Schutz vun der Ëmwelt bäi.
(v.l.n.r.) Arny Jakobs, Beroder fir Entreprisë vun der SuperDrecksKëscht; Colonel Yves Kalmes, Kommandant vum Militärzentrum zu Dikrech; Dr. Klaus Schu, Direkter vun der SuperDrecksKëscht © EMA
D’Kollaboratioun mat der Lëtzebuerger Arméi huet 1994 ugefaangen. Nodeems dem Militär ee méi nohaltegen Ëmgang mat der Ëmwelt an déi ekologesch Gestioun vum Offall un d’Häerz geluecht ginn ass, huet d’Kooperatioun sech an de leschte Jore weiderentwéckelt a souguer verstäerkt.
De Recyclingzenter am Militärzentrum gouf an enger Zesummenaarbecht mat den Ëmweltberoder vun SuperDrecksKëscht® opgebaut, fir esou de Kritären esou effikass wéi méiglech ze entspriechen. Och an Zukunft wëll een eng ekologesch Responsabilitéit iwwerhuelen an nohalteg Beméiungen ustriewen.
Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Arny Jakobs, Beroder fir Entreprisë vun der SuperDrecksKëscht; n.b.; n.b.; Colonel Yves Kalmes, Kommandant vum Militärzentrum zu Dikrech; n.b.; Dr. Klaus Schu, Direkter vun der SuperDrecksKëscht; n.b.; n.b.; n.b. © EMA