Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen
Kultur Neiegkeeten Stories

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen

De Poopst Franziskus huet 4.000 vun der Gesellschaft ausgeschlosse Mënschen

money
D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn
Kultur Neiegkeeten Stories

D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg hunn

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?
Kultur Neiegkeeten Stories

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?

  Et ass d’Stad vum Stol a wuel eng vun

150 Joer Philharmonie Dikrech – Wat eng musikalesch Geschicht!

150 Joer Philharmonie Dikrech – Wat eng musikalesch Geschicht!
© Laurent Mehlen/moien.lu

Den Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen (L.) mam President vum PMD, de Robert Bohnert (R.)© Laurent Mehlen/moien.lu

Gëschter Owend war de Vernissage fir „150 Joer Philharmonie Municipale Dikrech“, kuerz PMD, am Kulturhaus zu Dikrech. A Kollaboratioun mam Dikrecher Photo-Club, dem Dikrecher Geschichtsmusée an dem Kulturhaus huet d’Philharmonie eng Ausstellung mat Biller vun de leschte grousse wichtegen Evenementer organiséiert, bei der een un staark Amenter aus der Vergaangenheet erënnert gouf.

Gestart gouf hei mat enger Ried vum zoustännege President, dem Här Robert Bohnert. An dëser Ried goufe fir d’éischt all déi Persounen, déi leider bei dësem wichtege kulturellen Ereegnes verhënnert waren, wéi beispillsweis eise Premierminister Xavier Bettel. entschëllegt.

Et gouf betount, datt dëse Vernissage e passend Enn vun de leschten 150 Joer Dikrecher Musek ass. Dobäi gouf dann och ee grousse Merci un all d’Ënnerstëtzer, wéi der Dikrecher Gemeng, den Sponsoren an den Museksveräiner, déi annerhalleft Joerhonnert laang gehollef hunn, eng gutt musikalesch Qualitéit ervir ze bréngen. Insgesamt hunn d’Organisateuren an hier ënnerstëtzend Hänn zwee Deeg un dësem Vernissage geschafft, fir dëst Event ze realiséieren. Mee och de Vernissage selwer ass hei betount an presentéiert ginn.

Ausgestallt gëtt hei alles aus der Geschicht vun der Dikrecher Musek an der PMD. Heirënner waren dann och mat déi éischt Plakater an Instrumenter, déi souwuel musikalesch, wéi och historesch begeeschteren. Verschidde Persounen an Institutiounen, wéi och Veräiner, hunn fir dëse Vernissage un d’PMD räichlech Material geléint oder souguer verschenkt.

Beim sichen no Ausstellungsgéigenstänn sinn dobäi déi verschiddenste Sammlerstécker un den Dag komm, déi deels nach aus dem 19 Joerhonnert stamen. En extra ervir gehuewent Unikat ass dobäi, an dat vun engem gewëssen Här Baichel, den 1890-1920 Dirigent war a Museksstécker, wéi och Gedichter vu verschiddene Perséinlechkeeten opgeschriwwen huet. Hei ass och en wëssenschaftlechen Artikel derzou verfaasst ginn. Eng weider Rei un Dokumenter ass hei vun engem Här Nic Pesch, den sech mat anere Museker géint den Nationalsozialismus am Zweete Weltkrich ausgeschwat hat.

Mee net nëmme Persounen an Instrumenter sinn fir den Vernissage mat immenser Wichtegkeet betount ginn, mee och Eventer, wéi Theateren, Béierfester, Kavalkaden an villes méi. Dëse Vernissage sollt also den Abléck an d’Veräinsliewen, wéi och an d’Geschicht vum PMD ginn. Och ob den 19. Januar gouf hei higewisen, wou an der Aaler Seerei zu Dikrech en Gala Concert vum PMD organiséiert gëtt.

No dëser Ried gouf dunn e Merci un den President vum PMD vum Här Kanivé René vun der Gemeng ausgeschwat, ewéi och eng Felicitatioun un déi ganz Equipe vun der Organisatioun vum Vernissage. Dobäi gouf och nach emol ob déi spektakulär vergaange Vernissage higewisen, déi och sou munch Kandheetserënnerungen ervir bruecht hunn. Allerdéngs ass et ze bedaueren, datt d’PMD well laang net méi bei der Dikrecher Kavalkade gespillt huet, an der Hoffnung, datt sech dat 2019 ännere wäert.

Mam Schlusswuert vun der Invitatioun ob en Patt an puer Schnittercher, konnt elo och d’Wierker um Vernissage fräi bewonnert a genoss ginn. Weider Informatiounen zum Programm an den nächste Méint fann Dir ënner www.pmd.lu.

Ähnlech Sujeten 150 Joer, Al Seeërei, Dikrech, Musék, PMD, Vernissage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel