Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Keng Revolutioun a keng Experimenter
Kultur Neiegkeeten

Keng Revolutioun a keng Experimenter

Si si Staatspartei, äerzkonservativ an houfreg drop. Den Transfert vun

Chamberwahlen: D‘Kommuniste stellen sech als konsequent Oppositioun op
Kultur Neiegkeeten

Chamberwahlen: D‘Kommuniste stellen sech als konsequent Oppositioun op

Si wuel eng vun de klengste Parteien am Land, an

Zwou Gewerkschaften, ee Géigner?
Kultur Neiegkeeten

Zwou Gewerkschaften, ee Géigner?

Laut dem OGBL wieren se zu hirer 2.500 Militante gewiescht,

KUKI 2019: Kultur- a Konschtfestival zu Kielen

Kultur- a Konschtfestival e Sonndeg zu Kielen

KUKI 2019: Kultur- a Konschtfestival zu Kielen

Kommt op de KUKI a kuckt Iech déi flott Konscht zu Kielen un! Rendez-vous ass dëse Sonndeg, den 19. Mee zu Kielen, wou Kultur a Konscht op dësem vun der Kielener Kulturkommissioun organiséierte Festival openeentreffen – an dat mat Programm an Ausstellunge vun 11:00 bis 19:00 Auer.

Entdeckt iwwer 140 Kënschtler mat hiren eenzegaartege Wierker am ganzen Duerf. Ënnert den Artiste befanne sech beispillsweis d’Sonja Ackermann (Bijouen/Molerei), de Guido Mayers (Fotographie), de Jeannot Buchler (Skulptur), Anns’ Art (Keramik) oder de Michael Sanctobin (Graffiti).

D’Konschtausstellung ass wéinst der héijer Unzuel u Kënschtler op e puer Plazen opgedeelt: an der Galerie bei der Kierch, an der Kierch, am Musekssall, um Site vum Brennereimusée an am Duerfkär. d’Sculptrice Elsa Leroy wäert am ale Pompjeesbau bei der Kopleschterstrooss ze fanne sinn. Vun 18:00 bis 19:00 Auer ginn ShadoWhisperS mam Projet “Metal & Pipes” als Ofschloss e Concert an der Kierch zum Beschten. Des Weidere wäert et an der Ollemer Strooss e speziellt Graffiti-Event ginn.

Fir weider Animatioun suergen de Stelzentheater Circolo mat Ringelschlingel, d’Brigade d’Intervention Musicale (B.I.M.) souwéi de musikaleschen an artistesche Spektakel Zykatok & Zeukariol. Fir d’kleng Butze gi vu 14:00 bis 18:00 Auer Glitzertattooss am Musekssall a Gesiichtsmolerei um Site vun der Brennerei ugebueden – gratis, versteet sech.

Ëm d’Iessen a Gedrénks këmmere sech den FC Kielen, d’Keespelter Musek souwéi d’Frënn vum Brennereismusée. Do dernieft ginn et nach tierkesch an iranesch Spezialitéiten an eng Kaffisstuff vum Club Senior.

Praktesch Informatiounen:

Parking (P+R): Busnavette um Parking “Kichechef op der Cap” an an der Industriezon tëscht Kielen an Ollem (Arrêt Eck Juddegaass – Rue de Mamer)

Weidere Parking am Duerf beim Schoulkomplex

Linn 260 vun der Stad aus

De ganze Plang fannt Dir hei

Weider Informatiounen um Site oder op hirer Facebook-Säit

KUKI

D’Lëscht mat de Kënschtler vum KUKI 2019

Ähnlech Sujeten Kielen, Konschtfestival, KUKI, Kulturkommissioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel