Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen
International Neiegkeeten Stories

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen

Et gi gläich e puer Initiativen, déi der Plastiksfläsch wëllen

Pirate fuerderen d‘Aféierung vun engem Lobbyregëster
International Neiegkeeten Stories

Pirate fuerderen d‘Aféierung vun engem Lobbyregëster

De President vun der Chamber huet um Muere vum 20.

EU-Kommissiounspresident am Spidol
International Neiegkeeten Stories

EU-Kommissiounspresident am Spidol

Entspriechend dem Communiqué vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker senger Spriecherin Mina

1961 hunn d‘Steemetzer zu Berlin hir Aarbecht opgeholl

...et war allerdéngs net esou, datt do iergendeen d‘Absicht gehat hätt eng Mauer ze bauen

1961 hunn d‘Steemetzer zu Berlin hir Aarbecht opgeholl

Berlin an Däitschland gedenkt haut den Affer vum Mauerbau am Joer 1961. Eng Moossnam déi vun der SED ënnert dem Walter Ulbricht geholl gi war, fir d‘Vëlkerflucht ze verhënneren. Et soll dann och haut nees Geselle ginn déi sech d‘Mauer zréck wënschen.

Nach am Juli 1961 hat den SED-Chef Walter Ulbricht getéint: „Keen huet d‘Absicht eng Mauer ze bauen“. Dat war glat gelunn an ass als eng vun de gréisste Ligen an d‘Geschichtsbicher agaangen. Si sollt um Enn 155 Kilometer laang sinn an huet Berlin iwwer 28 Joer zu enger gedeelter Stad gemaach. Mam Enn vun der DRR, den 9. November 1989, ass dann och déi onséileg Mauer gefall.

D‘Bernauer Strooss zu Berlin gëllt am kollektive Gediechtnes als Symbol vun der däitscher Deelung, wat net zulescht der Weltbekannter Foto vum DDR-Zaldot geschëlt ass, dee kuerz nom 13. August iwwert de Stacheldrot an de Westen, an esou an déi vermeintlech Fräiheet gesprongen ass. Onvergiess och déi vill Biller vun de Leit, déi iwwert d‘Fënsteren an de Weste gelaangt sinn.

Berlin

De Walter Ulbricht bei der Pressekonferenz um 15. Juli 1961: „Keen huet d‘Absicht eng Mauer ze bauen“. © Bundesarchiv

Wéi d‘Mauer héichgezu gouf, huet d‘Haiserfront am Oste geleeën, den Trottoir deen awer war am Westen. Dat huet op ville Plazen zu drolegen Handlunge gefouert an d‘SED weider ënner Drock gesat. Bleift nach ze ënnersträichen, datt och wann den 13. August 1961 als „Dag vum Mauerbau“ bezeechent gëtt, et op dësem Dag eigentlech just ëm d‘Ofrigele vun der Sektoregrenz gaangen ass.

Et war gewosst

Et ass dann awer och net esou, wéi wann déi westlech Alliéiert näischt vun de Pläng déi d‘SED do opgestallt huet gewosst hätten. Si ware sech bewosst datt et zu drastesche Moossnamen un der „Grenz“ komme géif. Si hunn allerdéngs een op „iwwerrascht“ gemaach, wéi si esouwuel den Zäitpunkt wéi d‘Ausmooss vun de Pläng erkannt hunn. Eppes dogéint ënnerhuele goung och net.

D‘Regierung vun der DDR hat de westlechen Alliéierten d‘Zougangsrechter zu an innerhalb vu Berlin net beschnidden, firwat déi Grond hate militäresch anzegräifen. Esou en Agrëff hätt och kaum Aussicht op Erfolleg gehat. De 7. August hat de russesche Ministerpresident Nikita Sergejewitsch Chruschtschow eng Verstäerkung vun der Arméi un der Westgrenz ugeuerdent.

Berlin

Eigentlech, esou d‘SED geleeten DDR-Regierung, waren d‘Aarbechter eenzeg an eleng fir de Bau vu Wunnengen an der Stad. © Stöhr / Bundesarchiv

Zu dësem Ament hat déi westlech Allianz näischt wat si dem „Warschauer Pakt“ hätten entgéint stelle kënnen. Wéi et also um 13. August Eescht gouf, ass dem deemolege Bundeskanzler Konrad Adenauer näischt iwwreg bliwwen, wéi seng Landsleit zur Rou a Besonnenheet opzeruffen. Eenzeg de Buergermeeschter vu Westberlin, Willy Brandt, huet energesch géint d‘Moossnam protestéiert.

Foto: E Gepanzerte Waasserwerfer am August um Brandenburger Tor zu Berlin. Wien sech bi dohinner net fir eng Säit festgeluecht, an déi och opgesicht hat, war vum System „gefaangen“. © Helmut J. Wolf /Bundesarchiv

Ähnlech Sujeten 1961, Berlin, DDR, Konrad Adenauer, Mauerbau, Nikita Sergejewitsch Chruschtschow, SED, URSS, Walter Ulbricht, Willy Brandt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel