Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Ajatollahe relancéieren d‘Wirtschaft
Neiegkeeten

D‘Ajatollahe relancéieren d‘Wirtschaft

Bannent de leschte 24 Stonnen hunn déi am Iran zoustänneg

En Accord fir d‘Stolwierk vun Diddeleng?
Neiegkeeten

En Accord fir d‘Stolwierk vun Diddeleng?

E Freideg huet ArcelorMittal annoncéiert, datt et an den Dossieren

EU-Sommet: D‘Unioun kann de Briten näischt ausschloen
Neiegkeeten

EU-Sommet: D‘Unioun kann de Briten näischt ausschloen

D‘Spatzen hunn et vum Daach gepaff. Groussbritannien bleift an der

1sur4.lu – Wëll psychesch Erkrankunge keng Seelenheet sinn…

1sur4.lu – Wëll psychesch Erkrankunge keng Seelenheet sinn…

Am Laf vum Liewe leit, statistesch gesinn, 1 vu 4 Persounen iergendwann ënnert psychesche Problemer. Domat gehéiert dat mentaalt Leiden zu den wäit verbreetste Erkrankungen, an d’Konsequenze sinn an alle Liewensaspekter, sief et am sozialen oder professionelle Beräich, spierbar, Jo, et ka souguer zur Exklusioun kommen. Aus dësem Grond wäert 1sur4 eng Sensibiliséierungscampagne zu dësem eeschten Thema lancéieren.

Am Kader vun der akademescher Seance, déi en Donneschdeg de 24. Oktober um 18:00 Auer an de Lokaler vu Lalux (9, rue Fischbach zu Leideleng) stattfënnt, wäert ATP Asbl seng Sensibiliséierungscampagne Aarbecht an psychesch Krankheeten: 1sur4 starten. Dat Ganzt leeft ënnert dem héije Patronnage vu S.A.R. der Groussherzogin Maria Teresa, an Zesummenaarbecht mam Gesondheets- a Familljeministère.

Scho säit zwee Méint gëtt d’Campagne an der grousser Ëffentlechkeet duerch Plakater an de Busser, sou wéi Kuerzfilmer am Kino, verbreet. D’Internetsäit www.1sur4.lu wäert allerdéngs eréischt ab dem 24. Oktober zougänglech sinn.

1sur4

ATP begleet zënter 30 Joer Persoune bei der Rehabilitatioun an um Wee, zeréck an d’Aarbechtsliewen. Donieft erliichtert d’Asbl den Accès op Aarbecht a vergréissert de Spektrum un ugepassten Offeren. Zerbriechlech Persoune sollen net zeréck gelooss ginn an zeréck an een aktiivt Liewe fannen. Dofir appelléiert ATP un all Bierger, op d’Unzeeche vu psycheschen Erkrankungen opzepassen. Schliisslech kann et eis all treffen.

Méi Engagement fir déi mental Gesondheet

Déi eege mental Gesondheet geet eis all un. Wärend Problemer an dësem Beräich fréier oft ënnert den Teppech gekiert gi sinn, oder Betraffener eleng gelooss goufen, interesséiere sech mëttlerweil Acteuren aus de verschiddenste Beräicher fir dat psychescht Wuelbefannen – sief et d’Educatioun, d’Justiz oder d’Aarbechtswelt.

Trotz dem engagéierten Handelen an der Politik op nationalem an internationalem Niveau, gëtt et just ee luese Fortschrëtt an der Recherche zu de psycheschen Erkrankungen an der Integratioun an dat soziaalt a professionellt Liewen. Déi sozial Psychiatrie huet zwar seng Erfarunge gemaach, mee d’Etüden si leider wéineg verbreet. Esou bleift nëmmen de Wonsch, sech fir eng besser Integratioun an eng Wiederaféierung an d’Gesellschaft vun der betraffener Persoun ze engagéieren.

Ähnlech Sujeten 1sur4, Familljeministère, Gesondheetsministère, Mental Gesondheet, Psychesch Erkrankungen, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, Sensibiliséierungscampagne
Nächsten Artikel Virrechten Artikel