Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grënnung vun enger neier Partei*
Kultur Neiegkeeten

Grënnung vun enger neier Partei*

Geéiert Ligepress, Mir vun der Partei d’PARTEI wëllen Iech doriwwer informéieren dass

Eng Fusioun mat sozialem Sprengstoff
Kultur Neiegkeeten

Eng Fusioun mat sozialem Sprengstoff

Aus engem Communiqué vum OGBL geet ervir, datt déi zwee

money
Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher
Kultur Neiegkeeten

Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher

Eigentlech leeft d‘Konzessioun vum Munnerefer Casino 2000 eréischt am Juni

2.Editioun vum Kulinareschen Trëppeltour zu Holtz

2.Editioun vum Kulinareschen Trëppeltour zu Holtz

Dir wollt schonn ëmmer emol Kulinarik an Natur matenee verbannen, een einfache Picknick ass ze langweileg an d’Wanderschong verstëbse leider am Keller? Dann ass de kulinareschen Trëppeltour wuel genau dat Richtegt fir Iech!

Als klenge Virgeschmaach gëtt Samschdes, den 20. Juli 2019 ab 18:00 Auer de Grill ugeschmass. Am Schoulhaff vun Holtz gëtt dann um 19:30 Auer mat de Foulschter Strëpp och eppes fir d’Ouer gebueden. Gutt gestäerkt kann et jo elo weider goen! Méi dozou HEI.

7 lecker Etappen

Beim kulinareschen Trëppeltour, dee vun der Fanfare Holtz organiséiert gëtt, erwaart Iech eng Streck vu ronn 12 Kilometer, déi a 7 schmackhaft Etappen opgedeelt sinn. Départ ass ab 10 Auer am Duerf, an no der sportlecher Leeschtung fir Féiss a Bauch geet et Nomëttes um 16:30 Auer weider mam Concert vun der Harmonie Klengbetten. Méi dozou HEI.

Umellen net vergiessen!

Nach bis e Freideg, de 5. Juli 2019 kann ee sech fir dëst Evenement, wat Sonndes, den 21. Juli stattfënnt, umellen. Dofir sollt een entweder d’Internetsäit www.houltz.lu besichen, eng E-Mail schreiwen un marchegourmande@houltz.lu oder tëscht 18:00 an 20:00 uruffen ënnert der Nummer 621 648 028. Erwuessener kënne fir 47 € op de Kapp deelhuelen, bei Kanner (6-12 Joer) läit de Präis bei 20 €. Kanner ënner 6 Joer kënne gratis matgoen.

Mir wënsche vill Freed a gudden Appetit!

Ähnlech Sujeten Fanfare Holtz, Grillowend, Harmonie Klengbetten, Holtz, Kulinareschen Trëppeltour
Nächsten Artikel Virrechten Artikel