Search

You may also like

money
Ab 2019 ginn am Québec verschidde grouss Internetkonzerner besteiert
International Neiegkeeten

Ab 2019 ginn am Québec verschidde grouss Internetkonzerner besteiert

Fir verschidde grouss Internetkonzerner, wéi beispillsweis de Streaming-Déngscht Netflix oder

Google: Spannend Gemengerotssëtzung zu Biissen erwaart
International Neiegkeeten

Google: Spannend Gemengerotssëtzung zu Biissen erwaart

Wann déi eelef Kommunalpolitiker sech haut den Owend zu Biissen

Transportsecteur: Den LCGB fuerdert en endgültegt Enn vun der Ongerechtegkeet!
International Neiegkeeten

Transportsecteur: Den LCGB fuerdert en endgültegt Enn vun der Ongerechtegkeet!

Als éischt emol äussert den LCGB seng Suergen iwwert déi

Polen bereet 2 Milliarde fir eng US-Militärbasis ze bezuelen

Polen bereet 2 Milliarde fir eng US-Militärbasis ze bezuelen

Polen ass bereet wéinstens 2 Milliarden US-Dollar op den Dësch ze leeën, fir d‘Ariichte vun enger amerikanescher Militärbasis op sengem Buedem. Eng Offer déi vum Wäissen Haus mat grousser Opmierksamkeet studéiert gëtt.

De polnesche President Andrzej Duda „huet eis wäit méi ugebuede wéi 2Milliarden US-Dollar“, fir d‘Installatioun vun enger Militärbasis an sengem Land, esou den US-President bei der gemeinsamer Pressekonferenz mat sengem Homolog am Wäissen Haus.

Eppes méi fréi am Oval Office, virun der Entrevue vun de Staatsmänner, huet den Donald Trump wësse gelooss: „Polen ass e signifikative Bäitrag ze leeschten, fir datt d‘USA eng Presenz a Polen kréien. Wa si bereet sinn dat ze maachen, dann ass dat eppes wouriwwer geschwat muss ginn“.

„Mir wäerten dat mam néidegen Eescht analyséieren“, esou den US-President, dee preziséiert, datt d‘USA dës „polnesch Demande“, an éischter Linn vum militäresche Verdeegedungsgesiichtspunkt aus betruechten. Et geet allerdéngs och ëm d‘Geld, an dat schéngt Warschau ze hunn…

US-Optiounen

Am Owend huet dat Wäisst Haus mëttels Communiqué wësse gelooss, datt „d‘USA sech engagéieren, all Optiounen ze ënnersichen, fir eng gréisser Roll vun der US-Arméi a Polen ze erméiglechen. Mir wäerten och eis Berodungen intensivéiere fir de Konzept ze determinéieren“.

„D‘Resultater vun dësen Efforten droen net nëmmen zu enger besserer Verdeedegung vun Zentral Europa bäi, mee och vun der Allianz am Ganzen“, esou déi amerikanesch Exekutive, déi sech bei dëser Ausso op d‘NATO bezitt, wou jo Polen och Member ass.

Bei der Pressekonferenz, hat de polnesche President den Donald Trump gebieden, méi US-Zaldoten a Polen ze stationéieren. „Ech hoffen datt dir d‘Entscheedung trefft méi Leit a Material an eisem Land ze stationéieren (…) Ech géif gären eng stänneg Basis, a Polen gesinn“, esou den Duda.

Den hat dann och nach an engem Niewesaz virgeschloen, dëser Militärbasis de Numm: „Fort Trump“ ze ginn. Den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis, huet eppes méi Spéit d‘Efforte vu Polen begréisst, de Militärbudget konsequent ze erhéijen.

Keng Decisioun

De Jim Mattis huet allerdéngs drop insistéiert ze betounen, datt eng Decisioun zur Ariichtung vun enger Militärbasis nach net ka geholl ginn. „Et stinn nach vill Froen am Raum“ esou de Jim Mattis. „Wéi dir wësst, geet et net nëmmen ëm eng Basis. Et geet och ëm Trainingszonen, Infrastrukture fir d‘Maintenance innerhalb der Basis a villes méi. Dat sinn alles Saachen an Detailer, déi mir mat de Polen studéiere mussen. Also ass och nach keng Decisioun geholl ginn“, erkläert de Jim Mattis.

Un der Säit vum Donald Trump, huet de polnesche President laang op dat „aggressiivt Verhalen“ vu Russland higewisen. Esou ass d‘Situatioun vu Georgien oder der Krim ugeschwat ginn, déi, esou den Andrzej Duda „e bestännege Verstouss vum internationale Recht“ duerch Moskau duerstellen.

„Et gëtt eng ganz Panoplie un Argumenter, déi fir eng Presenz vun der US-Arméi an dëser Regioun schwätzen. (…) Ech sinn iwwerzeegt, datt et keng besser Method gëtt fir e Krich ze verhënneren, wéi ze weisen, datt mir bereet sinn zu all Ament eng Attack zréckzeschloen“, esou den Duda.

Dem polnesche President seng Ausso gëtt vum Donald Trump gestëtzt: „Et gëtt vill Aggressivitéit an dëser Situatioun. Russland huet sech aggressiv beholl. Si respektéieren d‘Muecht. (…) A mir hunn déi gréisste Muecht op der Welt, besonnesch an dësem Moment“.

Elo ass dem Andrzej Duda säi „Virstouss“ riskant. Sollt sech seng Initiativ konkretiséieren, kéint et innerhalb der NATO zu Spannunge kommen. Och déi europäesch Verdeedegungsstrategie géif op d‘Kopp geworf ginn. Zudeem dierft Moskau esou eng Moossnam als „Provokatioun“ betruechten.

mat AFP

Foto: „Talkronn“ am Oval Office: den US-President Donald Trump an de polnesche President Andrzej Duda, zesumme mat hire respektive Fraen, hunn sech mat ausgewielte Journalisten iwwert eng méiglech (permanent) US-Presenz a Polen ënnerhalen. © Nicholas Kamm/AFP

Related topics Andrzej Duda, Donald Trump, Militärbasis, Polen, USA
Next post Previous post