Search

You may also like

Sachsen-Anhalt: Attentat op Synagog!
International Neiegkeeten

Sachsen-Anhalt: Attentat op Synagog!

Bei Uschléi a Sachsen-Anhalt si virun enger Synagog an engem

Vëloreparatur-Atelier vum LVI – et muss rullen!
International Neiegkeeten

Vëloreparatur-Atelier vum LVI – et muss rullen!

Wéi këmmeren ech mech richteg ëm mäin Vëlo? Wéini musse

Den RSR Walfer war de Samschdeg ouni Chance
International Neiegkeeten

Den RSR Walfer war de Samschdeg ouni Chance

Um spéide Samschdeg Nomëtteg hat déi zweet Equippe vum Volleyballclub

Iwwer 2 Milliarden Euro fir d’Verbesserung vun der europäescher Verkéiersinfrastruktur

Iwwer 2 Milliarden Euro fir d’Verbesserung vun der europäescher Verkéiersinfrastruktur

Mat enger weiderer Finanzsprëtz well d’EU elo d’Verkéiersinfrastruktur um ganze Kontinent verbesseren a gläichzäiteg op de Green Deal hischaffen. Mat engem Betrag an Héicht vun 2,2 Milliarden Euro ginn 140 wichteg Projeten ënnerstëtzt, déi d’Zil verfollegen fir déi feelend Verkéiersverbindungen opzebauen, den nohaltege Verkéier ze fërderen an Aarbechtsplazen ze schafen.

De gréngen Opschwong gëtt erméiglecht iwwert d’Mëttel, déi duerch „Connecting Europe“ (CEF) zur Verfügung gestallt ginn. Iewescht Prioritéit soll dobäi d’Verbesserung vum Schinneverkéier hunn. Grenziwwerschreidend Verbindungen, wéi och Verbindungen zu Häfen a Fluchhäfen géifen eng däitlech besser Dynamik fir de multimodale Verkéier mat sech bréngen.

Eleng op d’Strooss well ee sech awer net beschränken. Am Séiverkéier solle kuerz Strecke mat alternativen Energiedréier ënnerstëtzt ginn. Mat enger sougenannter landsäiteger Stroumversuergung vun den Häfen kéinten d’Emissioune vun de Schëffer reduzéiert ginn.

Heizou erkläert d’Adina Vălean, EU-Kommissärin fir Verkéier: „De Beitrag vun der EU vun 2,2 Milliarden Euro fir dës wichteg Verkéiersinfrastruktur wäert der wirtschaftlecher Erhuelung Dynamik ginn a viraussiichtlech Investitiounen an Héicht vu 5 Milliarden Euro generéieren.“

Ënnerdeelt ass d’Finanzhëllef zum Engen an 1,6 Milliarden Euro, déi fir 55 Projeten zum transeuropäesche Verkéiersnetz (TEN-V) virgesi sinn. Esou soll beispillsweis de Rail-Baltica-Projet oder och grenziwwerschreidend Zuchstreck tëscht Dresden (DE) a Prag (CZ)gefërdert ginn.

Ma, weider 142 Milliounen Euro ginn an 19 Projeten gestach, déi den Iwwergang zu méi ëmweltverdréigleche Kraaftstoffer erliichtere sollen. Domat gëtt ënnert anerem den Ëmbau vu Schëffer finanzéiert, sou datt si mat flëssegen Äerdgas fuere kënnen.

Och am Stroosseverkéier ass de Wee hin zu alternative Kraaftstoffer oppen. D’Installatioun vu 17.275 Luetstatiounen an den Asaz vun 355 neie Busser soll der Ëmwelt hëllefen. Natierlech…

Weider 9 Projeten lafen iwwert den Europäesche Eisebunnverkéierleetsystem (ERTMS), fir esou an Zukunft en interoperabelen Eisebunnssystem a reiwungslosen Zuchverkéier a ganz Europa garantéieren ze kënnen. Ënnert anerem ginn déi 49,8 Milliounen Euro dofir agesat, een eenheetleche System opzestellen, Reeszäiten ze verkierzen an d’Gleisnotzung z’optiméieren.

Opmaacherbild: © Campbell Boulanger / Unsplash

Related topics 2 Milliarden, Adina Valean, Ausbau, Busser, Connecting Europa, EU-Kommissioun, Green Deal, Infrastruktur, Schëffer, Schinnennetz, Verbesserung, Verkéier, Zuch
Next post Previous post