Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta
Kultur Neiegkeeten

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta

Malta mécht d’Bestietnes op. Et kënnt enger Revolutioun gläich. E

Luxtram-Direktioun blockéiert weider d’Kollektivvertragsverhandlungen
Kultur Neiegkeeten

Luxtram-Direktioun blockéiert weider d’Kollektivvertragsverhandlungen

Och déi lescht Verhandlungsronn a Saache Kollektivvertrag fir d’Employéë vum

What the Fakt – Alles agepaakt beim Christo?
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Alles agepaakt beim Christo?

Duerch seng speziell Verhüllungskonscht ass de bulgaresche Kënschtler Christo bekannt

20 Auteure fir 20 Joer SERVIOR

20 Auteure fir 20 Joer SERVIOR

Passend zu der Editioun 2019 vun de “Journées du Livre et du Droit d’Auteur” war de 16. Abrëll den Optakt vun “20 Auteure fir 20 Joer SERVIOR am Festsall vun der CIPA op der Rhum. Ulässlech zum 20. Gebuertsdag vu SERVIOR ginn tëscht Abrëll an November vun dësem Joer Literaturliesunge fir d’Bewunner ugebueden. Dobäi liesen d’Schrëftsteller selwer aus hire Wierker.

Iwwer 30 Bewunner sinn an de Genoss vu gutt virgedroener Literatur komm, wéi d’Lëtzebuerger Schrëftstellerin Anja Di Bartolomeo aus hirem Buch “Chamäleons” virgelies huet. Mat dësem Wierk huet si 2017 den Nationale Literaturconcours an der Kategorie fir “Erwuessen Auteuren” gewonnen.

Literaturbegeeschtert mat bal 100 Joer

D’Madamm Jeanne Sanders-Donven wunnt säit véier Joer an de vu SERVIOR betreiten Ariichtungen. Op dësen Dag huet si sech ganz besonnesch gefreet. Als Literaturbegeeschtert huet d’Madamm Sanders-Donven hire Matbewunner d’Schrëftstellerin virgestallt. Si souz wärend der Liesung niewendrun an huet gespaant nogelauschtert. “Ech ka mech u schéine Sätz erfreeën, a schéi Sätz schreift d’Anja Di Bartolomeo”, sou d’Jeanne Sanders-Donven.

Si huet sech schonn ëmmer fir Literatur interesséiert, an dat huet och mat bal 100 Joer net nogelooss. A wann dann och nach eng Schrëftstellerin déi ee perséinlech kennt op Besuch kënnt, ass dat nawell eng schéi Saach. Schliisslech sinn dem Anja Di Bartolomeo hir Mamm an d’Madamm Sanders-Donven bescht Frëndinnen, sou déi Literaturbegeeschtert.

Servior

Och bei der Schrëftstellerin Anja Di Bartolomeo (lénks) a beim Jeanne Sanders-Donven (riets) kënnt de Projet no der Ried vum Direktiounsbeoptragten Bernard Braun (net am Bild) gutt un. © Melvin Hatto/moien.lu

Bei roueger Atmosphär sinn d’Bewunner mat op d’Rees vum Konstantin geholl ginn. De Konstantin ass den Haaptpersonnage an enger vun den aacht Erzielungen aus dem Buch. No bal enger Stonn haten d’Leit d’Méiglechkeet fir Froen ze stellen oder Feedback ze ginn. Nodeems sech am Ufank net direkt getraut gouf, hu sech dunn awer e puer Bewunner zu Wuert gemellt an d’Anja Di Bartolomeo beispillsweis fir hir Aart vu Sätz gelueft. Och gouf et eng Rei inhaltlech Kommentaren zu hirer Geschicht.

Sou war et wéineg verwonnerlech, datt no dësem positive Feedback d’Schrëftstellerin nach zéng Minutten aus hirem neie Wierk “Nicht zu spät” virgedroen huet. An dësem Kuerzgeschichteband geet et ëm déi verschidden Nuancë vun Ze-spéit-kommen. Dëse soll geschwënn am Mee beim Verlag op der Lay erauskommen.

Eng Bühn fir Lëtzebuerger Schrëftsteller

SERVIOR bitt senge Bewunner eng Villzuel u Programmer an Aktivitéiten un. Aus enger interner Ëmfro vum leschte Joer ass ervirgaangen, datt et e groussen Interessi u Literatur bei hinne gëtt, sou de Marc Jeck, Responsabele fir Kommunikatioun a Marketing. Si sinn un den Nationale Literaturzenter erugetrueden, fir eng Iddi auszeschaffen a gemeinsam ëmzesetzen.

Servior

Gespaant lauschteren d’Bewunner vun der Rhum der Geschicht no © Melvin Hatto/moien.lu

Zwar sinn et an de Raimlechkeeten op der Rhum scho virdru Virliesunge ginn, awer nach net vun den Auteuren héchstperséinlech. Soumat ass der ëmmer méi opbléiender Lëtzebuerger Literaturzeen och eng Bühn ginn. Dëse Projet soll awer net nëmmen eesäiteg sinn, mee ass och als intergenerationellen Austausch ze verstoen, betount de Marc Jeck. Well ënnert de Bewunner och eng Rei Schrëftsteller sinn, wäert beispillsweis am Juli de Rosch Krieps eent vu senge Wierker an enger Jugendherberg virdroen.

Hei eng Lëscht mat de weideren Auteuren, déi bei dësem Projet matmaachen:

– Ulrike Bail

– Finny Cazzaro

– Marc Graas

– Pol Greisch

– Gast Groeber

– Roland Harsch

– Jhemp Hoscheit

– Josiane Kartheiser

– Joseph Kayser

– Christiane Kremer

– Rosch Krieps

– Henri Losch

– Carla Luccarelli

– Claudine Muno

– Margret Steckel

– Claude Schmit

– Nora Wagener

– Mireille Weiten-de Waha

– Loll Weber

Foto: (v.l.n.r.) Bernard Braun, Direktiounsbeoptragten; Anja Di Bartolomeo, Schrëftstellerin; Jeanne Sanders-Donven, Bewunnerin a Literaturbegeeschtert; Corinne Theis, Direktesch fir Personalwiesen a Clientsdéngscht; Claude D. Conter, Direkter vum Nationale Literaturzenter (CNL) © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten 3. Alter, Auteuren, Bernard Braun, Bicher, Claude D. Conter, CNL, Servior
Nächsten Artikel Virrechten Artikel