Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et soll sech net nëmmen, et muss sech och eppes änneren
Money Neiegkeeten

Et soll sech net nëmmen, et muss sech och eppes änneren

Am Kontext vum politesche Wëlle fir eng Reform vum Wahlgesetz,

Wéi gutt kenns du Ettelbréck?
Money Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Ettelbréck?

Iwwert Ettelbréck gëtt vill geschwat. Och am Kontext vun der

dislike
D’Xavier Naidoo Polemik, erkläert
Money Neiegkeeten

D’Xavier Naidoo Polemik, erkläert

Die Söhne Mannheims hunn den 20. Mee en Optrëtt an

money

20 Joer Euro: Ass wierklech alles méi deier ginn?

20 Joer Euro: Ass wierklech alles méi deier ginn?

Wéi den 1. Januar 1999 den Euro agefouert gouf, war net nëmmen uechtert Land d‘Gejéimers grouss, och bei eisen Nopere war d‘Angscht grouss, datt alles onkontrolléiert méi deier géif ginn. E gudde Grond sech deem unzehuelen an emol ze kucke wat dodrun ass.

Mir erënneren eis – zumindest déi eppes eeler – datt den Euro deemools ganzer 40 Frang wäert war an een, op ee wollt oder net, iergendwéi automatesch ëmgerechent huet, wann een eppes am Buttek kaf oder op der Bank iwwerwisen huet. En Phenomen dee sech haartnäckeg gehalen huet, a bei esou muenche bis haut „hänke“ bliwwen ass.

Elo 20 Joer méi spéit, ass et wuel eppes méi schwiereg d‘Deierecht vum Liewe mam Stand vun deemools ze vergläichen, mee et ass e Versuch wäert. Interessanterweis, muss ee feststellen, datt net alles an de leschten 20 Joer (vill) méi deier ginn ass. Woubäi e sëlleche Saachen sech präislech dann awer nach verduebelt hunn, an et sinn oft déi noutwennegst.

D‘Nofro bestëmmt de Präis

Mir liewen an engem kapitalistesche System, an schonn deemools hu se zu Bréissel keng Politik fir d‘Bierger gemaach. Den Euro, deen ënnert dem Virwand agefouert ginn ass, d‘Bierger vun Europa méi no beienaner ze bréngen, war eng Fuerderung vun Industrie a Wirtschaft, an deenen hir Lobbyisten hunn hir Handschrëft an de Grondlage vun dëser Währung hannerlooss.

Dat festgestallt, war et awer och fir déi Leit, déi vum Euro profitéiere konnten, a gewësser Mooss e gutt Geschäft. De Lëtzebuerger huet keng D-Mark méi gebraucht fir zu Tréier anzekafen, an datselwecht gëllt fir déi, wou bei de franséischen Nopere soss, mam „Franc“ bezuelt hunn. Wat et domatter op sech huet, datt villes méi deier ginn ass? Am Kapitalismus bestëmmt d‘Nofro de Präis.

Wa bei der Währungsëmstellung eng Mëtsch beim Bäcker nach 25 Frang (60 Cent) kascht huet, esou muss de haut frou sinn, wann s de eng ënnert 1,25 Euro fënns. Generell kann e behaapten – zumindest wann e vu Produite schwätzt déi e minimum u Qualitéit Opweises hunn – datt sech de Präis vu Liewensmëttel, egal op verschafft oder net, méi oder wéineger verduebelt hunn.

Vu Gewënner a Verléierer

Dat gëllt och beim Bensin, Diesel an dem Mazout. Zu Erënnerung: 1999 huet e Liter 95er och ëm déi 25 Frang kascht, an dat war gemooss un de Salairen, och net grad bëlleg. Haut bezilt een op der Pompel 1,11 Euro, also eppes méi wéi dat duebelt. Natierlech huet sech am selwechten Zäitraum d‘Akommes vun de Leit net verduebelt, ausser bei de Räichen an de Politiker.

Bei de Räichen ass et esou, datt si als Hiersteller oder Verkeefer, entweder iwwert de Präis vun de Produiten an/oder Déngschtleeschtunge bestëmmen, oder als Privatier iwwer genuch finanziell Ressource verfügen, datt si sech keng Gedanke maache mussen. D‘Politiker hirersäits, erhéijen sech d‘Pai selwer, a wien sech net domm ugestallt huet, kritt no senger Carrière en Job bei de Räichen.

De normale Bierger huet deen duerch den Euro erbäigefouerte Verloscht vun der Kafkraaft, ni opgefaange kritt, vun de Mënschen déi an de Lountabelle ganz ënnen opgefouert ginn, guer net ze schwätzen. Et ass mam Euro wei mat der TVA, et sinn déi „schwaach“ Menagen déi drënner leiden an déi grouss stéiert et net, déi meescht vun hinnen hunn eng Combine sech ze zréckzehuelen.

Eng klenge Fazit

Also jo, mam Euro ass alles méi deier ginn. An dat och da wann een berécksiichtegt datt et eppes wéi Inflatioun gëtt, et eng natierlech „Progressioun“ am Kontext vun der Präisentwécklung huet, an et jo och 2008 zu enger Finanzkris komm ass, déi derzou gefouert huet, datt d‘Verloschter vun der Solidargemeinschaft iwwerholl goufen, an déi „do uewen“ d‘Beneficer hu behalen dierfen.

Och d‘Tatsaach dat d‘EU seng Zentralbank an d‘Hänn vu Goldman Sachs iwwerginn huet, kann nëmmen enger Gesellschaftsschicht zerguttst kommen, an zu där zielen nach net emol déi kleng Patronen. Den Euro ass also de facto en zweeschneidegt Messer, an esou ähnlech sollt een och déi sëlleche Wahlverspriechen zu den EU-Wahlen am Mee betruechten, et sief et wier een zefridden.

Geséchert awer ass, datt den Euro d‘Schéier tëscht Aarm a Räich exponentiell ausenaner gedréckt huet. Dat war wuel net d‘Absicht vun der EU a senge „Politiker“ – woubäi der e puer genee gewosst hunn wouhinner d‘Rees goe géif, an déi setzen haut a Verwaltungsréit, si fir Stëftungen aktiv oder bezeechnen sech als „Beroder“, wa se net Dout oder an der Pensioun sinn – ass awer d‘Resultat.

Ähnlech Sujeten EU, Euro, europäesch Zentralbank, EZB, Goldman Sachs
Nächsten Artikel Virrechten Artikel