Search

You may also like

Joe Biden hëlt Nominéierung als Presidentschaftskandidat un
International Neiegkeeten

Joe Biden hëlt Nominéierung als Presidentschaftskandidat un

Bei sengem Optrëtt um virtuelle Parteikongress, huet de Joe Biden

Covid19-Pandemie: Steet Paräis virum Lockdown?
International Neiegkeeten

Covid19-Pandemie: Steet Paräis virum Lockdown?

Et war ofzegesinn, datt d‘Autoritéiten den neien Infektiounszuelen zu Paräis

Chantier an der Sortie N°7 vum Echangeur Hamm
International Neiegkeeten

Chantier an der Sortie N°7 vum Echangeur Hamm

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der Bretelle vun der Sortie

20 Joer mam Euro: Der EU hire Bebe gëtt erwuessen

20 Joer mam Euro: Der EU hire Bebe gëtt erwuessen

Um 1. Januar 2019 ass d’Wärung vun Europa, den Euro, zwee Joerzéngten al. Viru genau 20 Joer hunn 11 EU-Memberstaaten heimadder eng eenheetlech Wärung agefouert an esou och eng gemeinsam Wärungspolitik ënnert der Leedung vun der Europäescher Zentralbank ageleet.

Dësen historeschen Dag symboliséiert ee grousse Schrëtt a Richtung Stabilitéit a Wuelergoen an Europa. Trotz senge jonke Joren ass den Euro scho bei 340 Milliounen Europäer an 19 Memberstaaten ze fannen. Dobäi huet den Euro den europäesche Privatmenagen, Entreprisen a Staaten immens vill Virdeeler abruecht: stabil Präisser, niddreg Transaktiounskäschten, sécher Erspuernisser, ee méi transparenten a kompetitive Marché, souwéi d’Ausweidung vum Handel.

Weltwäit hu ronn 60 Länner hir Wärung op déi eng oder aner Weis un den Euro gekoppelt. Et kann a wäert och nach méi dofir gemaach ginn, datt den Euro um internationale Buedem, déi him zoustoend Bedeitung kritt. Weider EU-Memberstaaten wäerten an Zukunft dem Euro-Wärungsgebitt bäitrieden, soubal si déi entspriechend Kritären erfëllen.

Zu dësem spezielle Jubiläum hu sech d’Presidente, vun de fënnef onmëttelbar fir den Euro zoustännegen EU-Organer a -Gremien, dat heescht vun der Europäescher Kommissioun, vum Europäesche Parlament, vum Europäesche Rot, der Europäescher Zentralbank an der Euro-Grupp, zu den éischten 20 Joer vun der Wärung, sou wéi och zur Zukunft geäussert.

De Jean-Claude Juncker, President vun der Europäescher Kommissioun erkläert: „Als eenzegen, nach politesch aktiven Ënnerzeechner vum Vertrag vu Maastricht erënneren ech mech un déi zéi, aner awer weeweisend Verhandlungen iwwert d’Kreatioun vun der Wirtschafts- a Wärungsunioun. Besonnesch erënneren ech mech un eis déif Iwwerzeegung, datt mir een neit Kapitel vun eiser gemeinsamer Geschicht opschloen dierfen – ee richtungsweisend Kapitel fir d’Roll vun Europa an der Welt an fir d’Zukunft vun all senge Bierger.

Nach 20 Joer duerno sinn ech haut dovun iwwerzeegt, datt dëst déi wichtegst Ënnerschrëft vu mengem Liewe war. Den Euro ass zum Symbol vun enger Eenheet, vu Souveränitéit a Stabilitéit ginn. En huet eise Biergerinnen a Bierger Wuelergoen a Schutz bruecht, a mir mussen dofir suergen, datt dëst och sou viru geet. Mir schaffen dofir weider intensiv un der Vollendung vun eiser Wirtschafts- a Wärungsunioun, sou wéi un enger weiderer Stäerkung vun der internationaler Roll vum Euro.“

Euro

Den Antonio Tajani, President vum Europäesche Parlament seet dozou Folgendes: „Den Euro ass haut esou beléift wéi nach ni. Dräi vu véier Biergerinnen a Bierger vum Euro-Wärungsgebitt gleewen, datt en sech positiv op eis Wirtschaft auswierkt. Fir datt d’Europäer onageschränkt vun den Aarbechtsplazen, dem Wuesstem an der Solidaritéit profitéiere kennen, déi, déi eenheetlech Wärung mat sech bréngt, musse mir eis Wirtschafts- a Wärungsunioun finaliséieren an zu dësem Zweck zu enger richteger Finanz-, Fiskal- a politescher Unioun ausbauen. Dat wäert et Europa och erméiglechen, seng Bierger an Zukunft besser viru potentielle Krisen ze protegéieren.“

„Wéi d’Befreiung vu Mëttel- an Osteuropa an déi däitsch Wiedervereenegung, war och d’Kreatioun vum Euro virun 20 Joer een aschneidende Moment vun der europäescher Geschicht“, sou den Donald Tusk, President vum Europäesche Rot. „Haut ass eis eenheetlech Wärung een Zeeche vun der politescher a wirtschaftlecher Kraaft, déi, déi Europäesch Unioun op der internationaler Bühn charakteriséiert. Den Euro huet sech trotz verschiddene Krisen als widderstandsfäeg erwisen. Vu senger Stäerkt profitéieren nieft den 11 urspréngleche Memberstaate vum EU-Wärungsbeitt och déi 8 nodréiglech bäigetruede Staaten. Ugesiichts um kontinuéierleche Wandel wäerte mir eis Wirtschafts- a Wärungsunioun weider ausbauen a stäerken.“

De President vun der Europäescher Zentralbank, Mario Draghi, ënnersträicht, datt den Euro eng logesch an noutwenneg Konsequenz aus dem Bannemart ass. Et erliichtert Reesen, den Handel, sou wéi déi ënnerschiddlechst Transaktiounen am Euro-Wärungsgebitt an doriwwer hinaus. „No 20 Joer ass elo eng Generatioun opgewuess, déi keng aner Landeswärung méi kennt. Wärend dëser Zäit ass d’EZB hirer Haaptaufgab nokomm an huet fir d’Präisstabilitéit gesuergt.“

Des weideren erkläert hien, datt si sécheren an innovativ Geldschäiner entwéckelten, sécher Bezuelsystemer fërderen, am Kader vun der Bankenopsiicht d’Widderstandsfäegkeet vun de Banke garantéieren an d’Finanzstabilitéit vum Euro-Wärungsgebitt iwwerwaachen. Esou gëtt d’Wuelergoe vun den EU-Bierger(innen) garantéiert.

Zu gudder Läscht seet de Mário Centeno, President vum Euro-Grupp: „Déi eenheetlech Wärung gehéiert zu de gréissten Erfolleggeschichte vun Europa. Un der Bedeitung an dem Ausmooss an den éischten zwanzeg Joer vu sengem Bestoe kann et keen Zweiwel ginn. Dat nächst Kapitel vun dëser Geschicht muss awer nach geschriwwe ginn, wouduerch mir eng historesch Responsabilitéit droen. Den Euro, an déi doraus resultéierend enk wirtschaftlech Zesummenaarbecht sinn am Laf vun der Zäit méi staark ginn, sou datt um Wee verschidden Hindernisser iwwerwonne konnte ginn.“

Hie betount weiderhin, datt den Euro säit senger Aféierung ee wäite Wee zeréck geluecht huet. Wärend der Wirtschaftskris huet en wichteg Verännerungen erlieft, déi dobäi gehollef hunn, d’Kris ze iwwerwannen. De Prozess ass nach net ofgeschloss a fuerdert kontinuéierlech Reformbeméiungen. Et muss ee weider op méiglech Zukunftszeenarien virbereet sinn – dat ass ee senge Biergerinnen a Bierger wuel schëlleg.

Euro

Hannergrond

D’Aféierung vum Euro markéiert d’Enn vun engem laange Wee. Déi weltwäit wärungspolitesch Turbulenze vun de 70er an 80er Joer haten eenzel europäesch Länner schwéier getraff. Eng europäescher Léisung gouf verlaangt. No der Kreatioun vun engem gemeinsame Marché géif d’Aféierung vun enger eenheetlecher Wärung d’Aarbecht an den Handel erliichteren.

No joerzéngtelaange Virgespréicher doriwwer, wéi eng Wirtschafts- a Wärungsunioun erreecht kéint ginn, gouf 1988 den Delors-Ausschoss ageriicht. Ënnert dem Virsëtz vum deemolege Kommissiounspresident Jacques Delors si gezielt d’Moossnamen, déi zu enger eenheetlecher Wärung féieren, gepréift. Op der Grondlag vum dorausser verfaasste Bericht, sou wéi den uschléissende Verhandlungen hunn déi politesch Entscheedungsdréier 1992 zu Maastricht eng Konventioun ënnerschriwwen, mat der déi eenheetlech Wärung an d’Liewe geruff gouf.

D’Ënnerschreiwe vun der Konventioun vu Maastricht ass domadder ee symbolesche Moment vun der Aféierung vum Euro ginn. 1994 huet dat Europäescht Wärungsinstitut (EWI) zu Frankfurt virbereedend Aarbechten opgeholl, fir der Europäescher Zentralbank (EZB) d’Realisatioun vun hirer Responsabilitéit fir d’Wärungspolitik am Euro-Wärungsgebitt ze erméiglechen. Um 1. Juni 1998 huet d’EZB schliisslech hir Aarbecht opgeholl.

Um 1. Januar 1999 ass den Euro als Buchwärung agefouert an déi geldpolitesch Zoustännegkeet op d’EZB an den Eurosystem iwwerdroen. Domadder ass den Euro an 11 Memberstaaten déi amtlech Wärung ginn. Nodeems den Euro dräi Joer laang op Bankextraiten nieft der nationaler Wärung ugi war, hunn 12 Länner d’Euro-Schäiner a Mënzen agefouert. Et war déi gréisst Wärungsëmstellung an der Geschicht.

Déi éischt Membere waren d’Belsch, Däitschland, Finnland, Frankräich, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Holland, Éisträich, Portugal a Spuenien. 2001 ass Griicheland nogezunn. Zënterhier hu siwe weider Memberstaaten (Estland, Lettland, Litauen, Malta, d’Slowakei, Slowenien an Zypern) den Euro agefouert.

Weltwäit ass et déi zweetwichtegst international Wärung, well se vu ronn 60 Länner benotzt gëtt oder si hir eege Wärung un den Euro koppelen. De Wäert ass säit dem Rekordhéich läscht Joer konstant bliwwen. Mëttlerweil behaapte 74 % vun de Befroten, datt den Euro gutt fir Europa ass.

Weider Informatiounen

Related topics Antonio Tajani, Donald Tusk, Euro, Europa, europäesch Zentralbank, Jean-Claude Juncker, Mario Centeno, Mario Draghi, Memberstaaten
Next post Previous post