Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ungarn: Nei Gesetzer zu Aarbechtszäit a Justiz
International Kultur social dating apps india

a dating site for farmers

Am ungaresche Parlament sinn e Mëttwoch déi kontroverséiert Gesetzprojeten zu

Lëtzebuerg an Däitschland stelle sech géint d’Beiestierwen
International Kultur social dating apps india

Lëtzebuerg an Däitschland stelle sech géint d’Beiestierwen

Däitschland a Lëtzebuerg wëllen hir Zesummenaarbecht an der Ëmwelt- a

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun
International Kultur social dating apps india

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun

Zanter elo zwee Joer schéngt et mat der Konjunktur zu

20 Joer Technoparad zu Paräis: „Näischt stoppt e Vollek dat danzt!“

20 Joer Technoparad zu Paräis: „Näischt stoppt e Vollek dat danzt!“

Dat schlecht Wieder huet den dausende Party-Gäscht vun der Technoparad déi gutt Laun net kënne verdierwen. Déi huet e Samschdeg op der „Place de l‘Italie“ zu Paräis, ënnert dem Motto: „Näischt stoppt e Vollek dat danzt!“ hiren 20. Anniversaire gefeiert.

Schonn an der Mëttegstonn hat sech eng kompakt Mënschemass – de Groussdeel dovunner jonk Leit ënner 25 Joer – ronderëm déi 14 Ëmzuchsween versammelt. Ween, déi duerch hir Faarwen engersäits, an dem opgeluedene „Sound-System“ anersäits, bestiechen. All d‘Stréimunge vun der Techno-Musek sinn hei vertrueden. D‘Vedette 2018, den artistesch radikalen „Hardcore Techno“.

Technopol, esou de Numm vun der Vereenegung déi den Event organiséiert, gëtt un, datt sech op der Plaz eng 300.000 Leit um Event bedeelegt hunn. En Event op deem sech gutt 200 DJen op de Platinnen ofgeléist hunn. De ganzen Nomëtteg iwwer, hat sech de Quai François Mitterand, tëscht „Louvre“ a „Seine“ an en iwwerdimensionéierten „Dancefloor“ verwandelt.

E Won vun der SACEM?

Mat derbäi: de fréiere Kulturminister Jack Lang, grousse „Kämpfer fir d‘Kausa Techno“. Hien hat sech sengerzäit fir d‘Kreatioun vun der Technoparad agesat. Och déi Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo, huet um grousse Fest deelgeholl. Déi aktuell Kulturministesch, déi op „Tournée“ an der Provënz ass, huet sech misse vertriede loossen. Interesséiert huet et awer keen…

Interessant dogéint: et war déi alleréischte Kéier, datt en Ëmzuchswo vun der SACEM – deem Organ dat den Optrag huet d‘Geld vun den Autorerechter anzezéien an nees ze verdeelen – un dësem Ëmzuch deelgeholl huet. Offiziell gëtt déi Participatioun als Symbol vun der Unerkennung vun enger Museksriichtung bezeechent, déi laang Zäit „verdäiwelt“ ginn ass.

Technoparad

Laut Technopol, den Organisateur vun der Technoparad zu Paräis, hunn eng 300.000 Leit un der 20. Editioun vun dësem kulturellen Evenement deelgeholl. © Geoffroy Van Der Hasselt/AFP

Un de „Knäppercher“ um won vun der SACEM war den Arnaud Rebotini, Komponist vun der Filmmusek vun „120 Battements de Coeur“, deen 2018 de Cesar fir déi beschte Filmmusek erhalen huet. Och derbäi, DJ Sama, eng emblematesch Figur vun der palestinensescher „Underground“ Zeen. Si gëllt als déi éischt Fra, déi den „Techno-Mouvement“ zu Ramallah agefouert huet.

E klénge Réckbléck

Déi éischt Paräisser Technoparad war den 19. September 1998 organiséiert ginn, nodeems den Jack Lang den Inneminister Jean-Pierre Chevènement, an d‘Kulturministesch Catherine Trautmann, vum „bienfondé“ vun dëser Veranstaltung iwwerzeegt hat. Sënn an Zweck vun der Technoparad war et, dëse Museksgenre bekannt ze maachen, an administrativ Problemer ze denoncéieren.

20 Joer no dësem éischten Event, begréissen d‘Acteure vun der Techno-Musek déi artistesch Unerkennung. Si protestéieren allerdéngs nach ëmmer déi administrativ Schwieregkeeten, déi d‘Organisatioun vu Festivaller behënnert.

Och géint déi nach ëmmer present Viruerteeler an de Käpp vu regionale Politiker, ass protestéiert ginn. Säit e puer Méint „verrechent“ den Inneministère den Asaz vun der Police, déi esou Events encadréieren. Doduerch ass d‘Organisatioun vun esou Fester quasi onméiglech, oder zumindest a Fro gestallt. Fir d‘Sécherheet vun den Hooligans bei Fussballsmatcher, bezilt d‘Allgemengheet.

„Techno“ ass dat Kultur?

„Dësen 20. Anniversaire kléngt wéi de glécklechen Ofschloss fir all d‘Acteure vun der Techno. Näischt ass esou schéin ze gesinn, wéi d‘Gléck vun den dausende Leit déi sech un dësem grousse Fest bedeelegen. Hir Passioun fir d‘Musek an dem Liewen ass immens“, esou den Jack Lang.

„Mir hunn dësen Event 1998 erfonnt, fir datt d‘Techno, erniddregt a geschleeft, an dat richtegt Liicht gestallt gëtt: eng lieweg a brillant Musek, mat engem häerzleche Public“, betount de fréiere Minister, deen sech der Verrechnung vun de Police- oder Gendarmerie-Asätz entgéint stellt. „Kultur ass en ëffentleche Service, och d‘Evenementer déi op privat Initiativ organiséiert ginn“.

Technoparad

Op der Paräisser Technoparad ass Stonnelaang gedanzt ginn. © Philippe Lopez/AFP

De Jack Lang huet dann och drun erënnert, datt déi elektronesch Musek schonn an de 50er Joren am Frankräich Fouss gefaasst huet. D‘Pionéier sengerzäit waren ënnert anerem de Pierre Schaeffer an de Pierre Henry. Grouss Figuren, déi nach haut an der Zeen respektéiert ginn.

Eng „newer ending“ Party

Ënnert den „VIP-Gäscht“ vun dëser 20. Technoparad, déi direkt vun der Berliner „Love Parade“ inspiréiert ass, war de franséische Komponist, Marc Cerrone. Hien huet géintiwwer der AFP gemengt: „d‘Techno ass eng echt Kultur, am Häerze vun der „Dance“, eng Musek fir de Kierper, déi et erméiglecht aus sech erauszegoen“.

Wéi ech mat der „Disko-Musek“ ugefaangen hunn, huet mech d‘Welt fir verréckt erkläert… Déi verréckt vu gëschter sinn d‘Majoritéit vun haut. D‘Dance-Musek, vun där den Techno en Deel ass, ass haut eng onëmgänglech musikalesch Expressioun. Dësen Anniversaire kléngt wéi eng Feierlechkeet“, esou d‘Siicht vum Marc Cerrone.

De groussen Ëmzuch, deen de Louvre géint 16 Auer verlooss huet, sollt sech géint 19 Auer op der Place de l‘Italie opléisen. Domatter war d‘Fest nach laang net eriwwer. Eng ganz Serie un „After-Partyen“, wéi de Festival „Dream Nation“, hu Paräis fest am Grëff gehalen. Donieft leeft jo och nach vum 26. bis 28. September, d‘Paris Electronic Week.

mam Jean-François Guyot/AFP

Foto: D‘Technoparad zu Paräis huet um Samschdeg seng 20. Editioun geféiert. © Jacques Demarthon/AFP

Ähnlech Sujeten Jack Lang, Kultur, Paräis, Techno, Technoparad
Nächsten Artikel Virrechten Artikel