Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nëmme wann s du hei 7 Froen richteg beäntwers, weess de iwwert de Weste vum Land Bescheed!
Neiegkeeten

Nëmme wann s du hei 7 Froen richteg beäntwers, weess de iwwert de Weste vum Land Bescheed!

Réiden ass den zweetgréisste Kanton vun eisem Land. An och

Editorial: Deng Sécherheet ass gefillt
Neiegkeeten

Editorial: Deng Sécherheet ass gefillt

Hei eng Saach, déi s de mengs ze wëssen: Deng

Fest vun der Natur – eng nei Traditioun
Neiegkeeten

Fest vun der Natur – eng nei Traditioun

Dat vun „natur & ëmwelt“ organiséiert Fest vun der Natur

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn

Op mannst gesäit een dat bei der Chamber vun de Fonctionnairen an den Employés Publics esou

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn

Wat d’Lëscht vun den Avisen zum Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch méi wiisst, wat ee méi Kritik héiere kann. Schonn e puer Mol krute mer ze héieren, datt et dem Gesetz u Präzisioun feelt. Och datt do vill Organisme geschafe ginn, deenen hier Missiounen net ëmmer eendeiteg vun eneen ze trenne sinn, ass en heefege Kritikpunkt. Den Avis vun der Chamber vun de Fonctionnairen an den Employés Publics stellt nach eppes anescht a Fro: Sinn 20 Joer ze vill fir e Plan d’action?

De Projet gesäit fir, datt d’Regierung en Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch adaptéiert. Dëse soll 20 Joer iwwerdaueren. Am Avis ass ze liesen, datt een dës Dauer zimlech iwwerdriwwe fënnt. Dobäi gëtt awer oppe gelooss, firwat een dat mengt. Zousätzlech wieren extrem wichteg Mesuren zwar am Text virgesinn, awer net am Gesetz konkretiséiert. Prezis Mesure sollten nach an de Gesetzestext kommen, kann een am Avis liesen.

Mee grondsätzlech betruecht fënnt een och hei, datt d’Initiativ vun de Regierung eng gutt ass. Och de Fait, datt de Statut vun der Lëtzebuerger Sprooch renforcéiert gëtt, fënnt hei vill Zoustëmmung. Dozou gehéiert och d’Aschreiwe vun der Sprooch an d’Verfassung wéi och eng Stäerkung um europäesche Plang.

Trotz all dëse kritesche Bemierkungen, déi een all am Detail am Avis noliese kann, weist sech och d’Chamber vun de Fonctionnairen an den Employés Publics d’Accord mat dësem Gesetz.

 

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel