Search

You may also like

D’Justiz verbitt dem Trump seng „Géigner“ op Twitter ze blockéieren
Neiegkeeten

D’Justiz verbitt dem Trump seng „Géigner“ op Twitter ze blockéieren

Um Mëttwoch ass den Donald Trump vun der US-Justiz „enttäuscht“

Gutt Aussiichte fir d‘Rentner am Land
Neiegkeeten

Gutt Aussiichte fir d‘Rentner am Land

De Sozialminister Romain Schneider (LSAP) huet an senger Äntwert op

Bëlleg Provokatioun? – Net mat eis!
Neiegkeeten

Bëlleg Provokatioun? – Net mat eis!

Mir wëssen net wat sech de jonke Borscht dobäi geduecht

20. Juni 2020: De Friddensmarsch fënnt Statt!

Motto: „Brécke bauen, fir de Fridden an d‘Solidaritéit“

20. Juni 2020: De Friddensmarsch fënnt Statt!

Nodeems Mëtt Mäerz den Etat de Kris ausgeruff ginn ass, deen duerch d‘Covid19-Pandemie wuel och schéngt richteg gewiescht ze sinn, haten den OGBL an d‘Solidaritéitsplattform (FSPL) sech entscheet de Friddensmarsch, deen eigentlech hätt sollen den 28. Mäerz stattfannen, ze verleeën.

Eng Entscheedung, déi sengerzäit berechtegt war an elo, wou d‘Mesure vum Deconfinement et zouloossen, hu sech béid Organisatiounen op en neien Datum festgeluecht. Dee gouf awer net zoufälleg gewielt. Den 20. Juni 2020 och de Weltdag vun de Refugiéeën (Vereenegt Natiounen).

Well et awer och weiderhi wichteg ass, sech un d‘Gest Barrière ze halen, hunn sech d‘Organisateure fir eng Versammlung ouni Cortège entscheet. Et gëtt folgerichteg kee Marsch duerch déi Escher Uelzechtstrooss, mee ee grousse Rassemblement op der Stadhausplaz. Dat um 15.30 Auer.

D‘Organisateure weisen drop hin, datt bei dësem Event esouwuel d‘Maskeflicht, wéi och de Sécherheetsofstand, anzehale sinn. Eng Mesure déi am Sënn vun der Sécherheet vun alle Participante geholl ginn ass. OGBL an FSPL géifen et begréissen, wat deem Rechnung gedroe géif.

D‘Ziler vun dëser Aktioun, sinn vu béide veranstaltenden Organisatiounen an engem Flyer (einfach hei klicken) zesummegefaasst ginn. All Mënsch, Veräin oder Organisatioun, déi sech an dësem Appell erëmfannen, sinn häerzlech agelueden, sech dem Event op dësem 20. Juni unzeschléissen.

Mamm Fridden an der Solidaritéit ass et wéi mat der Demokratie, ee muss ee sech all Dag op en Neits dofir asetzen. A grad an dësen Zäiten, déi drop hindeiten, datt nach vill vun de Leit wäert ofverlaangt ginn, sollt een driwwer nodenke wéi een Hëllefe kann, an manner iwwert de Firwat.

Related topics Esch-Uelzecht, Firdden, Friddensmarsch, FSPL, OGBL, Solidaritéit
Next post Previous post