Search

You may also like

Lëtzebuerg huet d‘Zeremonie fir den internationale Solar-Präis 2019 zougestane kritt
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet d‘Zeremonie fir den internationale Solar-Präis 2019 zougestane kritt

Zanter 2002 aktiv an der Fërderung an der Verbreedung vun

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg

Am Virfeld vun de Parlamentswahlen, déi iwwert déi politesch Majoritéitsverhältnisser,

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn
International Neiegkeeten

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn

Dem Donald Trump seng Situatioun gëtt vun Dag zu Dag

200 Joer Karl Marx: Amplaz ze feieren, gëtt sech gestridden

200 Joer Karl Marx: Amplaz ze feieren, gëtt sech gestridden

Däitschland gesäit sech als Land vun de Dichter an Denker, net awer als Heemecht vum Karl Marx! Esou einfach kéint een d’Situatioun bei eisen däitschen Noperen ëmschreiwen, déi haut den 200. Gebuertsdag vum Philosoph am Sträit zelebréieren. 30 Joer nom Mauerfall ass den Auteur vun „Das Kapital“ nach ëmmer schwéier ëmstridden.

Zu Tréier, der Gebuertsstad vum Karl Marx, sinn net manner wéi 600 Evenementer – Concerten, Ausstellungen, Theaterstécker a Konferenzen – geplangt. Domatter soll en Iwwerbléck iwwert säi Liewen an dat wat hien der Gesellschaft hannerlooss huet, geschafe ginn. De Clou vun der Feier: d’Aweiung vun enger 5,5 Meter héijer Statue aus Bronze, e Kaddo vu China.

An dat geet dann och schonn duer, fir an engem Land, dat „wéinst dem Kommunismus“ Joerzéngte laang gedeelt war, an wou déi „rout Diktatur“ hir spueren hannerlooss huet, eng Gesellschaft ze splécken. Dofir hunn dann och „gewësse“ Veräiner a Parteien sech virgeholl géint „de Papp vun de kommunisteschen Diktaturen“ ze manifestéieren.

Eng eenzeg Provokatioun

„Mir wëlle mat vill Kaméidi géint d’Aweiung vun der Statue protestéieren, an eis Stëmme géint d’Glorifizéierung vum Marxismus erhiewen“, esou de Dieter Dombrovski, President vum „Verband vun de Affer-Gruppe vun der kommunistescher Tyrannei“. „De Marx huet d’Fundament geluecht op deem sech all d’kommunistesch Diktature bis haut opgestallt hunn“.

„Vergiesse mir net d’Affer vum Kommunismus. Schrauwe mir de Marx Lass!“ huet sengersäits déi riets-radikal Alternativ fir Däitschland (AfD) gefuerdert. Eng Partei déi de Faschismus nees „gesellschaftsfäeg“ maache wëll, a säin Erfolleg bei de leschte Bundestagswahle virun allem der Stëmmung an„neie“ Bundeslänner verdankt.

Géintiwwer dëser nationalistescher Formatioun, déi zu engem „stëlle Marsch“ an de Stroossen vun Tréier opgeruff huet, droleg Géigemanifestatiounen. Hei gëtt opgeruff esouwuel géint d’AfD wéi och géint d’Statue – déi vun enger „kommunistescher Diktatur“ gestëft ass – ze protestéieren. Et ass dann och ze fäerten, datt et zu Handgräiflechkeete kënnt.

De Buergermeeschter vun Tréier, Wolfram Leibe (SPD), verwerft d’Kritik, déi hie beschëllegt dës Statue ugeholl ze hunn, fir chinesesch Investisseuren an Touristen „unzelackelen“. Et wier „eenzeg an eleng e frëndschaftleche Geste säitens Peking“, betount hie géintiwwer der AFP. En ass sech awer bewosst, datt d’Statue riskéiert vandaliséiert ze ginn.

„Datt beonrouegt mech net iwwert d’Mooss. En enger grousser Stad ass dat ëmmer esou. Et wäert mech net drun hënnere roueg ze schlofen. Da muss eben alles gebotzt ginn“, esou de Versuch deem ganze „philosophesch“ ze begéinen.

Zäitlos

Iwwer 130 Joer no sengem Dout zu London (1883) ass den Auteur vum „Das Kapital“ a vum „kommunistesche Manifest“ (mam Engels) bleift de Karl Marx ee vun den am meeschte kommentéierten Denker vun dëser Welt.

E gesellschaftskritesche Visionär dee fir déi eng, fréizäiteg op d’Gefore vum Kapitalismus higewisen huet, fir déi aner d’Inspiratioun fir déi sowjetesch, chinesesch oder kambodschanesch Diktaturen. Woubäi Länner wéi China a Vietnam, nach ëmmer de Marxismus als ideologesch Grondlag revendiquéieren, wat awer oft politesch iwwerbewäert gëtt.

De chinesesche President Xi Jinping huet dann och e Freideg affirméiert: „Peking wäert och weiderhin de marxistesche Fändel héich halen“. Säi vietnameseschen Homolog, Tran Dai Quang, huet sengersäits betount, datt „de Marxismus-Leninismus déi materiell a spirituell stäerkt vum Vietnam sinn“.

Gejäiz statt Verstand

Dem Karl Marx säi Wierk, datt nom Mauerfall an der Opléisung vun der Sowjetunioun – wou et als „Bibel“ hiergehalen huet- diskreditéiert ginn ass, hunn awer déi mannsten, déi haut zu Tréier den Opstand prouwe gelies. De philosophesche Gedanke gëtt aus sengem Kontext, der Zäit vun der éischter industrieller Revolutioun gerappt.

Gutt ass dann awer, datt säi Wierk eng gewësse „Renaissance“ erlieft, wat dann och dem Mëssbrauch vum kapitalistesche System geschëlt ass, deen engersäits zur Finanzkris vun 2007/8 gefouert huet, an och haut nach ëmmer dozou bäidréit, datt d’Schéier tëscht Aarm a Räich sech weider opdeet. De Mënsch ass eben net „gläich“.

„Et gëtt beim Marx eppes wat een als Zäitlos muss gesinn“, an de Bicentenaire erlaabt et de Mënschen den Auteur vun „Proletarier aus alle Länner vereenegt iech!“ ze erklären. Dat ouni „dësen historesche Personnage ze glorifizéieren oder ze beschmotzen“ verséchert den Rainer Auts, deen d’Supervisioun vun den Ausstellungen huet.

De Bundespresident Frank-Walter Steinmeier vertrëtt d’Usiicht, datt de Karl Marx „e groussen Denker“ gewiescht ass. De Sozialdemokrat, betount dann och: „mir sollte keng Angscht virum Marx hunn, grad wéi mir him keng gëlle Statue sollten zougestoen. (…) An engem Wuert: de Marx muss Kontrovers bleiwen“.

Vermëssen deet een dann awer bei allen déi sech zum Karl Marx ausgeschwat hunn, datt et, iert een einfach mat der Mass jäizt, sënnvoll wier d’Wierk vum „kontroverse“ Personnage emol ze liesen. Wat net heescht, datt ee muss averstane sinn. Och bei den Diskussiounen an de Gestreits ëm de Personnage, gëtt versicht engem komplexe Sujet, mat einfache populistesche Parollen ze begéinen.

mat AFP

Foto: Um Virowend vum „Karl Marx“ Bicentenaire steet d’Statue, déi vu China un d’Stad Tréier geschenkt ginn ass, gutt agewéckelt op senger Plaz. D’Wierk vum chineseschen Artist Wu Weishan, weit 2,3 Tonnen an ass mam Sockel 5,5 Meter héich. Villen ass dëse „Kaddo“ en Dar am A. © Patrik Stollarz/AFP

Related topics AfD, Bicentenaire, Kapitalismus, Karl Marx, Kommunismus, Populismus, Tréier
Next post Previous post