Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Leschte Bali-Tiger virun 81 Joer erschoss
Neiegkeeten

What the Fakt – Leschte Bali-Tiger virun 81 Joer erschoss

De 27. September 1937 gouf op der klenger indonesescher Insel

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?
Neiegkeeten

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?

Dës Thees stellen op mannst d’Piraten an engem Communiqué op.

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament
Neiegkeeten

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament

Nach ass dem Donald Trump säi Protegé net Premierminister vu

2000 Quadratmeter fir eist Iessen

2000 Quadratmeter fir eist Iessen

E Mëttwoch ass, a Presence vun eiser Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, den offizielle Startschoss vum Projet „2000 m² für unser Essen – Förderung einer nachhaltigen Agrar- un d’ Esskultur in Luxemburg“ gefall. Duerch d’Finanzéierung vum Nohaltegkeetsministère gëtt natur&ëmwelt Asbl., Co-labor s.c. an IBLA op 2000 m² Zesummenhäng tëschent Ernierungsgewunneschten, landwirtschaftlecher Fläch an Ëmweltschutz unhand vun engem Feld beim Haus vun der Natur duergestallt a begéihbar gemaach.

Weltwäit stinn eis duerchschnëttlech 2000 m² Akerland fir eis Ernierung zur Verfügung. Des Zuel bezitt sech op d’Fläch, déi landeswäit all Awunner vu Lëtzebuerg als landwirtschaftlech Notzfläch ze gutt huet. Hei entsteet awer een globaalt Ongläichgewiicht, well eisen aktuelle Flächebedarf duerch den Import vu beispillsweis Bananne, Räis, Kaffi oder Tubak däitlech méi héich läit.

Deemno hunn aner Natioune manner Akerland fir d’Ernierung vun hirer Bevëlkerung zur Verfügung. D’Excessiv Notzung vun den Agrarflächen ass mat verantwortlech um rasanten Arteréckgank, Buedemerosiounen, Waasserverschmotzung a Klimawandel. Besonnesch mam Hannergrond vun enger wuessender Bevëlkerung bereet dëse Fait grouss Suergen.

2000 Quadratmeter fir eist Iessen

© natur&ëmwelt

Am Haus vun der Natur ginn op ganzer 2000 m² Zesummenhäng vun de verschiddenen Aspekter unhand vun engem Feld duergestallt. Eng nohalteg Ernierung ass op Basis vun natierleche Ressourcen op dëser Fläch méiglech. Mat dësem Hannergrond soll regional produzéiert Uebst a Geméis, verbonne mat faire Präisser, viru gedriwwe a gefuerdert ginn.

Ziel ass et, zum Nodenken iwwert déi eegen Ernierungs- a Konsumgewunnechten unzereegen an sech iwwert regional an nohalteg Landwirtschaft ze informéieren. D’Fläch soll fir seng Besicher awer och begéihbar gemaach ginn an unhand vu Flyeren, Tafelen an digitalen Informatiounsmaterialien erkläert ginn.

Beim traditionelle Fest vun der Natur gëtt de Projet dem Publikum presentéiert. Och eng Rei Workshopen zum Thema Gaardenaarbecht, Verwäertung, asw. sinn Deel vum Konzept.

Méi Informatioune ginn et HEI.

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Ernierung, Haus vun der Natur, Iessen, Landwirtschaft, natur&ëmwelt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel