Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muss dat sinn?
best dating apps iphone

Muss dat sinn?

Et ass déi Froh, déi ech mer all Joer fir

high school hook up download
best dating apps iphone

questions to ask a guy when you start dating

Iwwert de Beholl vun der Privater Entreprise mat ëffentlechem Kapital,

Kulturfabrik: Esch calling! Vol. 1
best dating apps iphone

Kulturfabrik: Esch calling! Vol. 1

Den 12. Juli gëtt iech d’Kulturfabrik Rendezvous mat der éischter

2000 Quadratmeter fir eist Iessen – Deel 2

2000 Quadratmeter fir eist Iessen – Deel 2

Deelt een hei am Land déi verfügbar landwirtschaftlech Fläch duerch d’Awunnerzuel, da sti jidderengem 2000 m² Akerland zur Verfügung, esou d’Erklärung vum “2000 Quadratmeter-Projet”. Lescht Joer am Oktober war beim Haus vun der Natur op der Kockelscheier de Startschoss vun dësem Projet. Mëttlerweil huet sech scho sou munches op der Notzungsfläch gedoen…

Ursprénglech zu Berlin entstanen, huet dës Iddi et och bis op Lëtzebuerg gepackt. D’natur&ëmwelt A.s.b.l., Co-labor souwéi d’IBLA këmmere sech ëm dee vum Ëmweltministère finanzéierte Veranschaulechungs-Projet. Mat dësem Projet wéilt ee gäre weisen, datt 2.000 m² landwirtschaftlech Notzfläch duerginn, fir sech ee Joer laang kënne regional, nohalteg a biologesch ze ernieren. Op där beim Haus vun der Natur ugeluechter Fläch soll veranschaulecht ginn, wéi sech déi “eege” landwirtschaftlech Notzfläch zesummestellt, wat dëst fir de Verbrauch vu Liewensmëttel a weidere Rohstoffer bedeit a wat fir een Afloss doduerch all eenzelen souwuel op déi regional wéi och op déi global Landwirtschaft huet.

© Shari Pleimelding/moien.lu

Problem: Jidderee benotzt méi Fläch wéi en eigentlech bräicht

Huet den Terrain am Oktober lescht Joer nach “plakeg” gewierkt, esou deet sech ëmmer méi eppes op dëser Notzungsfläch. Zwar hunn d’Wiederkonditiounen net bei allem an d’Kaarte gespillt, ma esou ass dat ebe bei biologeschem Ubau: De Grondsteen fir eng erfollegräich Recolte muss am Virfeld duerch éierlech Aarbecht a gutt Buedemverhältnisser geluecht ginn. Anescht wéi beim konventionellen Ubau kann een net einfach mol séier e bëssen Nitrat hei oder aner Nährstoffer do zoufügen.

Esou koum et beispillsweis dozou, datt d’Sonneblummen, aus deenen een Ueleg gewanne wollt, déi kal Temperaturen an der lescht net gutt verdroen hunn. Beim Uebst hätt ee sech fir den Ubau vun Äerdbieren, Hambieren a Kréischelen entscheet. Aus zäitleche Grënn – de Projet sollt elo mol ee Joer laang lafen – wier et net machbar, en Uebstbam unzeplanzen. Et wier een allerdéngs dobäi, beim Ëmweltministère fir e weidert Joer unzefroen, esou d’Sabine Keßler vum IBLA.

2000

Nach ganz plakeg huet d’Notzungsfläch lescht Joer virum Start vum Projet ausgesinn. © natur&ëmwelt

Eng Aachtel Kou am Joer misst duergoen

Ware fréier d’Schwäin nach oft eng Zort “Poubelle”, huet een hinne jo einfach d’Reschter ze friesse ginn, sou gëtt dat hautdesdaags gréisstendeels anescht gehandhaabt: extra Fläch gëtt fir hiert Fudder ugebaut. Konsuméiert de Lëtzebuerger duerchschnëttlech iwwer 30 kg Schwéngefleesch am Joer, sou géife laut dem Projet 12 kg am Hibléck op eng ausgewogen Ernierung duergoen. Dës 12 Kilogramm wieren den Equivalent zu 150 m², erkläert d’Sabine Keßler. Soumat bräicht ee manner wéi d’Halschent vun der Fläch, an dat gëllt net nëmme beim Schwéngchen.

Lëtzebuerg wier éischter e Standuert fir Kouhaltung, wat dann och erkläert, firwat d’Halschent vun der Projet-Notzfläch fir de “Muhbaizi” virgesinn ass. Een Aachtel vun enger Kou souwéi een Aachtel vun hirem Källefche géifen de Joresbedarf u Mëllechproduiten inklusive Konsumfleesch (25 kg) decken. Dobäi wäert et sech awer wuel als schwiereg gestalten, eng Aachtel Kou opzedreiwen…

Et dierft een also gespaant sinn, wéi d’Felder sech an den nächste Méint entwéckelen. Ënner anerem de 15. an de 16. Juni 2019 beim “Fest vun der Natur” soll dëse Projet engem méi breede Public gewise ginn.

Ähnlech Sujeten 2000, 2000 Quadratmeter, co-labor, IBLA, natur&ëmwelt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel