Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi
Neiegkeeten

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi

Laut der leschter Ëmfro, steet fest: d‘EU ass esou beléift

Editorial: Alles am Kapp? Firwat Iddien am Moment am Mangel sinn.
Neiegkeeten

Editorial: Alles am Kapp? Firwat Iddien am Moment am Mangel sinn.

Fir déi, déi et nach net woussten: E Wahlkampf ass e Wettsträit

Emanzipatioun a Saudiarabien: Och eng Fra dierf mam Auto fueren
Neiegkeeten

Emanzipatioun a Saudiarabien: Och eng Fra dierf mam Auto fueren

A Saudiarabien ass eng historesch Entscheedung getraff ginn: am eenzege

Meteorologesch war 2017 ee „waarmt“ Joer

Meteorologesch war 2017 ee „waarmt“ Joer

D‘ASTA, de Wiederdéngscht vum Landwirtschaftsministère huet um Dënschdeg eng Evaluatioun fir 2017 zu de meteorologeschen Donnéeë virgeluecht. Déi ëmfaassen d‘Date vun den 30 Wiederstatiounen déi et am Land gëtt.

Méi prezis sinn am Verhältnes zu der Referenzperiod (1981-2010) véier Statioune verglach ginn: am Norden d‘Statioun vun Aasselbur, am Südosten d‘Statioun vu Kënzeg, an am Museldall d‘Statioune vu Réimech a Gréiwemaacher.

Aus de villen Donnéeën déi hei konnte verglach ginn, ass erauskomm, datt d‘Joresmoyenne fir 2017 iwwert der Referenzperiod geleeën huet. Hei dann och mat enger maximaler Anomalie vun 0,7° zu Kënzeg an enger minimaler Anomalie vun 0,4° zu Aasselbur.

Eng Analys vun de verschiddene Méint huet erginn, datt d‘Méint Februar, Mäerz, Mee, Juni, Oktober, November an Dezember, op alle véier Statioune vill méi waarm waren, géintiwwer der Referenzperiod. Januar, Abrëll a September waren dogéint eppes méi kal.

De Mount Mäerz weist déi héchste positiv Anomalie op. Zu Kënzeg a Réimech huet déi bei 3° geleeën. Déi negatiivsten Anomalie ass am Januar festgestallt ginn. Hei sinn zu Kënzeg a Gréiwemaacher eng Differenz vun -2,9° géintiwwer der Referenzperiod festgehale ginn.

Mol ze dréchen… mol ze naass…

Beim Nidderschlag, iwwert d‘ganzt Joer gesinn, huet 2017 no un der Moyenne vun der Referenzperiod geleeën. Also zumindest op de Statioune Kënzeg, Gréiwemaacher a Réimech. Eenzeg d‘Statioun vun Aasselbur wéisst eng Differenz vu -20% géintiwwer de Moyenne op.

Eng Analys vun den Zuele pro Mount, huet erginn, datt et vu Januar bis Juni en zolitten Nidderschlagdefizit ze notéiere gëtt. Mat enger Ausnam vum Mount Mee, awer och nëmmen op der Musel (Gréiwemaacher a Réimech).

Den zweete Semester 2017 huet sech dann ervirgedoen, mat engem „Iwwerschoss“ u Nidderschlag (Kënzeg, Gréiwemaacher a Réimech). Hei och eng Ausnam, de Mount Oktober. Zu Aasselbur huet just am Juli, August a September méi gereent, déi dräi lescht Méint dofir net genuch.

Am Juli ass zu Kënzeg déi gréissten Anomalie zu Kënzeg notéiert ginn. Géintiwwer der Referenzperiod (62 Millimeter) sinn hei 138 Millimeter Nidderschlag gemooss ginn.

Den Abrëll war op alle véier Statiounen den dréchenste Mount. Esou sinn zu Gréiwemaacher nëmmen 2 Millimeter Nidderschlag notéiert ginn. Dat steet am krasse Géigesaz zu de 47 Millimeter an der Moyenne vun der Referenzperiod.

Ähnlech Sujeten ASTA, Klima, Klimawandel, Landwirtschaftsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel