Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen
Meenung

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen

Datt et op der Welt nach vill Plaze ginn –

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?
Meenung

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?

De Mustafa Kemal Atatürk huet 1923 mat der Ofschafung vum

money
Brexit: Finanzplaz erhofft sech 3.000 Aarbechtsplazen
Meenung

Brexit: Finanzplaz erhofft sech 3.000 Aarbechtsplazen

D‘Banken an aner Finanzinstituter a Groussbritannien wieren op de Brexit

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino

E Kommentar

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino

 

D’Golden Globes sti virun der Dier. An anescht wéi an de meeschte Jore stinn do manner d’Filmer an d’Serien am Virdergrond, déi ausgezeechent ginn. Nee, et ass éischter d’Metoo-Affär, déi hei an den Zentrum geréckelt gëtt. E wuel méi wéi néidegen Exercice, deen awer net vun enger Saach oflenke sollt: An der Filmindustrie war 2017 e ganzt erfollegräicht Joer fir Fraen zu Hollywood ass.

Dee Film, dee wuel de gréissten Erfolleg duerstellt, misst Wonder Woman sinn. Net nëmmen ass et den éischten Superhelde-Film vun der aktueller Well, wou eng Fra d’Haaptfigur ass, mee och de Stull vum Regisseur gouf hei vun enger Fra besat. Déi läscht dräi Star Wars Filmer setzen och méi op Fraen, wéi dat jeemools an der Serie de Fall war. War an der Original-Trilogie d’Carrie Fischer zimlech eleng, hu mer mëttlerweil eng grouss Zuel u weiblechen Haapt- an Niewefiguren. An d’Emma Watson huet a Beauty and the Beast eng staark Performance bruecht, déi sech an de Kinoskeesen weise loosse kann. Och datt des Rolle staark Persoune weisen, déi aktiv um Geschéie vum Film bäidroen, ass leider eng Seelenheet. Oft op Niewerollen reduzéiert kréie weiblech Figuren oft wéineg ze dinn. E Problem, dee glécklecherweis zeréck ze goe schéngt.

Dës Figuren sinn och Virbiller fir déi Jéngst – a solle weisen, datt alles fir se dran ass

Et ass net grad eng Niewesächlechkeet. Gender-Stereotype ginn och iwwert Medien renforcéiert (oder gebrach) an dowéinst ass et wichteg, eng Pluralitéit vu méigleche Geschlechterrollen ze weisen, anstatt ëmmer nëmmen an d’50er-Joren Dëppen ze gräifen. Wann dëst um grousse Schierm bedeit, datt och eng Fra mat engem Liichtschwäert ëmgoe kann oder mat engem Schëld duerch d”Niemandsland vum éischte Weltkrich muss lafen, dann ass dat eben esou. An datt am Géigesaz zum leschten (ganz uerdentlechen) Ghostbusters-Film keng riiseg dowéinst opgefouert ginn ass, ass da wuel och e Pluspunkt.

Kucke mer, wat d’Joer 2018 fir eis am Kino an op der Tëlee prett hält. Hoffentlech manner Skandaler, gutt Inhalter a méi Diversitéit.

Ähnlech Sujeten #metoo, Kino, Kultur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel