Search

You may also like

money
Frankräich fuerdert Reform vum Entsendegesetz
International Neiegkeeten

Frankräich fuerdert Reform vum Entsendegesetz

Um Donneschdeg huet déi polnesch Premierministesch Beata Szydlo bestätegt, datt

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine
International Neiegkeeten

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine

D‘Hunneg-Bei ass aus wirtschaftlecher Siicht een vun de wichtegste Bestäuber

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun
International Neiegkeeten

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun

Si ass mat Spannung erwaart ginn, egal a wéi engem

Europa kënnt den 2020 Ziler fir d’Erwerbstätegkeetsquot mi no

Och zu Lëtzebuerg kann eng positiv Entwécklung festgestallt ginn

Europa kënnt den 2020 Ziler fir d’Erwerbstätegkeetsquot mi no

2017 louch d’Erwerbstätegkeetsquot an der EU bei 72,2%. Domat ass een net méi wäit ewech vum 2020 Zil vu 75%. Néng Memberstaaten hunn hir Ziler schonn erreecht, esou Eurostat an enger aktueller Pressematdeelung mat frëschen Zuelen.

Dobäi gëtt et allerdéngs ëmmer nach e Gruef, wann een op d’Geschlechter kuckt. Bei de Männer ass d’Quot mëttlerweil bei 78% ukomm. Bei de Fraen läit se 2017 bei 65,3%, woubäi eng konstant Progressioun festgestallt ka ginn. Och bei den 55 – 64-järegen ass d’Quot gutt geklommen a mëttlerweil op 57,1% am Joer 2017 ukomm.

Mat der Ausnam vun Dänemark (- 0,5 Prozentpunkten) ass dësen Indikator also a ganz Europa geklommen. Déi stäerkste Verbesserunge waren a Bulgarien (+3,6 Prozentpunkten), Slowenien (+3,3 Prozentpunkten) a Portugal (+2,8 Prozentpunkten) ze fannen. Op eng Quot vun iwwer 75% komme Schweden (81,8%), Däitschland (79,2%), Estland (78,7%), d’Tschechesch Republik (78,5%), d’Vereenegt Kinnekräich (78,2%), Holland (78%), Dänemark (76,9%), Litauen (76%) an Éisträich (75,4%). Um aneren Enn vum Spektrum si Griicheland (57,8) Italien (62,3%), Kroatien (63,6%) a Spuenien (65,5%) ze fannen.

D’Geschlechterdifferenz ass deelweis nach staark ausgepräagt

Tëscht de Geschlechter ass, wéi ugangs schonn ze liese war, e Gruef ze fannen. Am klengste war deen zu Litauen (75,5% bei de Fraen, 76,5 bei de Männer) an am héchsten zu Malta (58% Fraen zu 84,1% Männer). Zu Lëtzebuerg fält des Diskrepanz net esou krass aus: Hei stinn 67,5% Fraen den 75,4% Männer entgéint. Insgesamt kënnt Lëtzebuerg op 71,5%, wat 0,8 Prozentpunkte méi sinn, wéi dat nach 2016 de Fall war.

 

 

Related topics Aarbechtsmarché, EU, Lëtzebuerg
Next post Previous post