Search

You may also like

Den oppene Bréif vun der Escher Fuesent
International Neiegkeeten

Den oppene Bréif vun der Escher Fuesent

Op der Facebooksäit vun der Escher Fuesent huet haut de

Den Ernie Hammes mam „Regiis Ostium“ zum groussherzogleche Gebuertsdag!
International Neiegkeeten

Den Ernie Hammes mam „Regiis Ostium“ zum groussherzogleche Gebuertsdag!

De Selektiounscomité huet den Ernie Hammes als Komponist vum musikalesche

Giel Gileten: de „Grand Debat“ eng „Kommunikatiounsoffensiv“?
International Neiegkeeten

Giel Gileten: de „Grand Debat“ eng „Kommunikatiounsoffensiv“?

Fir d‘Chantal Jouanno, Presidentin vun der nationaler Kommissioun fir den

22. international AIDS-Konferenz wierkt op Gesellschaft an

22. international AIDS-Konferenz wierkt op Gesellschaft an

Um haidegen Dënschdeg gëtt zu Amsterdam op der internationaler AIDS-Konferenz d‘Aarbecht an der Plenière opgeholl. Mat derbäi vill berühmt a renomméiert Personnagen, wéi de Prënz Harry aus Groussbritannien, d‘Actrice Charlize Theron (The Legend of Bagger Vance, Atomic Blonde…) mee och de Sänger Elton John.

Dausenden Delegéierter – Fuerscher, Militanten, Aktivisten, infizéiert Mënschen – sinn zanter dem Méindeg zesummekomm, fir un dëser Konferenz vu fënnef Deeg deelzehuelen. Op der Welt si bis zu 37 Millioune Mënsche vum Virus befal, a et gëtt sech Gedanke gemaach, well d‘Krankheet nees derbäi ass sech ze verbreeden.

Grond dofir: d‘Opmierksamkeet léisst no, preventiv Moossname ginn net méi ugewannt, an déi international Finanzementer si réckleefeg. Eng resurgence vum AIDS-Virus a verschiddene Länner vun der Welt, hänkt och mat de strengen Drogegesetzer zesummen, notamment wann sech méi Leit eng Sprëtz deelen. Och dat si Suergen déi am Fokus vun der Konferenz stinn.

Op der sich nom Geld

Fir d‘Konferenz si vill Staren a Berühmtheeten ageluede ginn. Nom Conchita Wurst, ass et haut um Prënz Harry, dem Charlize Theron an dem Elton John, d‘Leit ze ermonteren e spendabelt Häerz ze weisen. D‘Conchita Wurst, selwer „HIV-positiv“ huet bei der Erëffnungszeremonie drun erënnert datt nach ëmmer Millioune Mënsche keng Zougank zur Behandlung hunn.

De „Rekord“ vu 36,9 Milliounen infizéierte Mënschen op der Welt, besuergt d‘Experten. Si warne virdrun, de Problem ze verdrängen, och wann et vill Fortschrëtter bei der Fuerschung ginn huet. „An Osteuropa an zentral Asien, läit d‘Progressioun vun de neien Infektioune säit 2010 bei 30%“, esou d‘Linda-Gail Bekker, vun der internationaler AIDS-Gesellschaft.

Et sinn déi Regiounen op der Welt wou sech den AIDS am séierste verbreet, wat an den direkten Zesummenhang mam Drogekonsum mëttels Sprëtze gestallt gëtt. „Trotz der Tatsaach datt immens Fortschrëtter realiséiert goufen, vun enger Léisung si mir nach wäit ewech“, erkläert den Tedros Ghebreyesus, Direkter vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO).

D‘UNO verpasst déi gesaten Ziler

Den Tedros Ghebreyesus huet zudeem gewarnt, datt déi Ziler déi sech d‘UNO fir 2020 gesat huet, net méi ze erreeche sinn. D‘Ursaach ass u sech banal: et gëtt ze vill Plazen op der Welt, wou d‘Leit keen Zougang zur Preventioun an der Behandlung hunn. Hei muss ëmgeduecht, Geld an de Grapp geholl ginn, an och da géif nach Jore brauche fir Resultater virweisen ze kënnen.

Haaptsächlech iwwert d‘Blutt a de Geschlechtsverkéier iwwerdroen, huet de Virus zanter den 80er Joren eng 80 Millioune Mënschen erreecht. Iwwer 35 Millioune sinn dorunner gestuerwen. „Wéi ech virun 20 Joer mam Virus op d‘Welt komm sinn, huet déi epidemesch Landschaft nach ganz anescht ausgesi wéi haut“, erkläert d‘Mercy Ngulube, eng jonk Aktivistin.

„Et ass esou schéin e Liewe liewen ze kënnen, an deem ech net erwächen a mer d‘Fro muss stellen op mir dat néidegt Geschir hunn fir den HIV-Virus ze bekämpfen. (…) Mee et ass och traureg e Liewen ze liewen, vun deem ech weess datt et d‘Moyene gëtt fir de Virus ze bekämpfen, mee vill Leit keen Zougang zur Behandlung hunn“, resuméiert déi jonk Fra déi global Situatioun.

Wann d‘Legislatioun Schold huet

Laut UNAIDS wiere ronn siwe Milliarden US-Dollar pro Joer néideg, fir eng Chance ze hunn, datt AIDS bis 2030 net méi eng Gefor fir d‘Weltgesondheet ass. Mee Geld eleng ass net de Problem. Eng vun de Ursaachen, firwat sech den HIV-Virus nees verbreet, sinn déi restriktiv Drogegesetzer déi virun allem an Osteuropa an zentral Asien ugewannt ginn.

En Zesummeschloss vun Associatiounen, déi un der internationaler AIDS-Konferenz deel huelen, hunn eng Campagne ënnert dem Motto: „Sot nee zum Krich géint d‘Drogen“ an d‘Liewe geruff.

Bei der Konferenz sinn dann d‘Leit vun der internationaler AIDS-Gesellschaft geéiert ginn, déi u Bord vum Fliger MH117 vun der Malaysian Airlines waren, dee si hätt sollen zur Konferenz vu Melbourne (2014) bréngen. Dëse Fliger war matten am Fluch ofgeschoss ginn. E vun de Presidente vun der Konferenz, Peter Reiss: „D‘Welt verlaangt weider Justiz fir dat wat hei geschitt ass“.

mam Mariette Leroux an dem Sara Magniette/AFP

Foto: D‘Presidentin vun der internationaler AIDS-Gesellschaft, Linda-Gail Bekker, bei der Erëffnungszeremonie vun der 22. internationaler AIDS-Konferenz zu Amsterdam. © Robin van Lonkhuijsen/ANP/AFP

Related topics AIDS-Konferenz, Linda-Gail Bekker, Tedros Ghebreyesus, UNAIDS, WHO
Next post Previous post