Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger
Sport Stories

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger

Et ass e Projet, deen sech eppes Schwéieres virgeholl huet.

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA
Sport Stories

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA

Wéi OGBL an LCGB et um Freideg bekannt ginn huet,

Bildung: EU-Kommissioun mat Lëtzebuerg eigentlech zefridden
Sport Stories

Bildung: EU-Kommissioun mat Lëtzebuerg eigentlech zefridden

D‘lescht Woch huet d‘EU-Kommissioun e Rapport verëffentlecht, dee sech der

24 Stonne Vëlo Wëntger: Net wierklech eng Course, mee ee grousse Challenge

Eng weider erfollegräich Editioun

24 Stonne Vëlo Wëntger: Net wierklech eng Course, mee ee grousse Challenge

D‘Jubliäumseditioun vun engem vun de bedeitende Sportsevenementer zu Lëtzebuerg war, esou déi allgemeng Meenung vun de Participanten an dem Organisateur, ee vollen Erfolleg. Mat eppes iwwer 1.100 Coureuren ass a bleift „24 Stonne Vëlo Wëntger“ ee vun de wichtegsten Termäiner fir d‘Cyclisten. An dobäi dierf hei jidderee matfueren, woubäi et praktesch ass wann een e Vëlo huet.

Ambitionéiert oder just fir de gudden Zweck ?

Um Freidegowend 20 Auer huet de President Carlo Weber den Challenge lancéiert. Fir déi éischt Ronnen haten sech och ee puer Prominenter den 108 Equippen an 13 Solo-Fuerer Ugeschloss. Och de Romain Schneider (LSAP), Sportminister, huet et sech net huele gelooss ee puer Ronnen um Drotiesel hannert sech ze bréngen.

An et huet dann och Zolidd ugefaangen. Dat wann ee, wéi gesot, net wierklech vun enger Course am eigentleche Sënn schwätze kann, et sinn der ëmmer derbäi déi hir Uspréch hunn. Esou d‘Arméi, déi mat ganzer dräi Equippen ugetrueden ass. Da waren do natierlech eis Lëtzebuerger „Espoiren“, déi jonk Wëll, déi sech an deenen aneren et weise wollten. De Podium an der oppener Klass huet dat dann um Schluss och bestätegt.

D‘Gulf Racers waren absolut motivéiert an hunn hiert bescht um Parcours gewisen – © Martine de Lagardère/moien.lu

Verréckt bis couragéiert, vun allem konnt een op der Piste gesinn. Verréckt, esou sécherlech d‘Equipe déi fir déi Kriibskrank Kanner un de Start gaangen ass. Do war et sech näischt ze „Course-Vëloen“, hei ass ee mat schwéierem Material op de Parcours gaangen. Och ee „Vel‘oh“ aus der Stad war hei ze gesinn. Et gouf eis awer verséchert, datt dëse Locatioun-Drotiesel ganz legal a fir de gudden Zweck am Asaz war.

Vill gutt Grënn fir matzemaachen

D‘Equippe waren esou villfälteg wéi d‘Ursaache matzemaachen. Woubäi hei betount muss ginn, dat se sech all an engem Punkt eens waren. „24 Stonne Vëlo Wëntger“ ass virun allem ee Rendez-Vous vun der Freed an der Gesellegkeet. Kee muss engem aneren eppes beweisen, wichteg ass sech ze begéinen an ee schéine Moment zesummen ze verbréngen. Ee Punkt, deen d‘Cyclisten dann och mat den Zuschauer gemeng hunn.

De Philippe Mathieu, Mannschaftskapitän vum SIGI war um Enn ganz zefridde mat senger Equippe. Besonnesch houfreg och op de President vum Verwaltungsrot, Yves Wengler, deen als Solo-Fuerer eng éierbar Leeschtung ofgeruff huet – © Martine de Lagardère

Beim Team vum SIGI (Service Intercommunal de Gestion Informatique) hu mir de Mannschaftskapitän gefrot, wéi een op d‘Iddi kënnt bei esou engem Event matzemaachen. De Philippe Mathieu, dee mat weidere siwe Coureure scho fir déi fënneft Kéier zu Wëntger am Suedel sëtzt erkläert: „De Grondgedanken ass et Leit vum SIGI ronderëm en Evenement ze versammelen, méiglechst aus allen Departementer. Den Austausch deen hei stattfënnt wierkt sech ganz positiv op d‘Aarbechtsklima aus“.

An hien erënnert sech: „Mir hunn zu drëtt ugefaangen, an d‘Leit hunn sech gutt amuséiert. Dat huet weider Mataarbechter motivéiert. Et hunn sech der nach bis op déi läscht Minutt ugeschloss“. Wichteg ass den Teamgeescht, a nach méi wichteg ass et dem Kapitän, datt sech kee wéih deet. Ganz Houfreg ass de Philippe dann awer op de President vum Verwaltungsrot. Tatsächlech ass den Yves Wengler, Buergermeeschter vun Iechternach, Solo matgefuer. Mat 132 Tier zu 3,3 Kilometer huet hien een anstännege Bäitrag geleescht.

Entreprisen a Veräiner, vun allem eppes

Och Entreprisen hu gefalen um Evenement fonnt an ënnerstëtzen hir Mataarbechter déi deelhuele wëllen. Esou gesi bei der DEA (Distribution d‘Eau des Ardennes) déi mat 15 Coureuren zu Wëntger vertrueden ass. Si sinn elo och scho fir d‘véiert mat derbäi, wat zwar zum groussen Deel dee Vëlosfrënn an der Firma geschëlt ass. Mee „Team-Building“ ass hei eng Niewewierkung déi vu kengem ënnerschätzt gëtt, wourauser sech erginn huet, datt een deen aneren ugestach huet.

De Gusty, een vun de Schmuewelen: „Wann‘s de mat virbäi wëlls sinn, muss de trainéieren“ – © Martine de Lagardère

De Vëlosclub „Hirondelle“ vu Schëtter trëtt sengersäits mat zéng Mann un. De Gusty huet eis hei erkläert, datt „en 30er Schnëtt schonn zu de Performance gehéiert an déi mat engem 36er wierklech schnell sinn“. Esou eppes erreecht een allerdéngs net ouni Training. „Ech hunn fir dëst Joer scho ronn 4.500 Kilometer hannert mir, soss kanns de hei net mat der Spëtzt mathalen“ betount de frëndleche Mann. Säi Veräi kënnt dann och op eng gutt 25. Plaz am General. D‘Jongen hunn 230 Tier mat engem Schnëtt vun 31,658 Km/H gemaach.

Beim „Verband“ steet de Spaass um Podium. Sportlech ënnerwee am Frëndeskrees suergt fir ee gutt Versteesdemech op der Aarbecht – © Martine de Lagardère

De Verband ass mat zwielef Coureure fir d‘zweet derbäi. Hire Motto ass denkbar einfach: „Anerer bréngen et fäerdeg, da packe mir dat och!“, erzielt eis den Eric Leners, Sekretär a verantwortlech fir d‘Zelt an seng Innereien. Hei geet schonn aus Prinzip an éischter Linn ëm de Spaass. „Et ass eng flott Geleeënheet mat de Kollegen eng ze ënnerhuelen an sech besser kennenzeléieren“.

Jonk, frech mat gudde Manéieren an zackeg ënnerwee

Esou an net anescht dierf, soll a muss een d‘Jongen a Meedercher vun der „Jugend vu Biereng“ ëmschreiwen. Et ass net fir näischt, datt esouguer de President vum Organisatiounscomité si als „Stëmmungskanoune“ bezeechent. Si suergen um Circuit fir gutt Laun déi ustiechend ass, schëdden sech wuel och esou munchen Happ-Téi an d‘Gesiicht, mee et passt een op deen aneren op. Dat ass entscheedend an ënnersträicht den Zesummenhalt.

De Sam an de Jo sinn (och) d‘Jugend vu Biereng. Bei deenen dierf ee sécher sinn, datt se et net bei engem zweeten Optrëtt beloossen. 2018 allerdéngs wäerten se dann awer Usproch op déi iewescht Träppche stellen – © Martine de Lagardère

De Sam Prickerts an de Jo Philipps hunn eis dann erzielt, datt si zu zwielef endlech déi éischt Plaz wëllen erreechen. D‘Läscht Joer waren si déi zweet an hirer Kategorie ginn, fir déi 10. Editioun hunn si den Usproch op déi éischt Plaz erhuewen. Allerdéngs muss een hei soen, datt den Training um Comptoir leider net den erhofften Erfolleg bruecht huet. Et ass och dës Kéier nëmmen d‘Sëlwermedail ginn. Mee egal, dofir hunn se gefeiert wéi wann se de General gewonnen hätten, an ass dat da vläicht keng Leeschtung?

Virun zéng Joer hat een eng Iddi…

Datt „24 Stonne Vëlo Wëntger“ en erfollegräiche Sportsevenement ass an eng ganz schéi Visittekaart fir Lëtzebuerg, dat huet seng Ursaach. Engersäits déi sëlleche Fräiwëlleg déi dem Comité uerdentlech de Réck stäipen an esou de Garant fir d‘Gelénge sinn. Anersäits déi ganz Equipe vun der Gemeng mat hirem liewensfroue Buergermeeschter. An net ze vergiessen all d‘Participanten déi zanter zéng Joer op Wëntger pilgeren, sief et fir ze fueren oder als Supporter.

E Jubiläum ass awer och d‘Geleeënheet fir drun ze erënneren, datt een huet missen mat der Iddi dohier kommen. An dat war 2007 keen anere wéi den Aloyse Habscheid. Selwer Cycliste mat Palmarès – ëmmerhin huet hien 1970 eng Etappe vun der Fléche du Sud gewonnen a war 1975 Vize-Champion bei den Amateuren – bréngt hien et an der Pedall nach all Joers op ronn 10.000 Kilometer. Dat am zaarten Alter vu 69 Joer, do dierf een den Hutt zéien.

Hei den Aloyse Habscheid (ganz riets) nieft dem aktuelle Landesmeeschter am Mountainbike, Gusty Bausch – © Martine de Lagardère/moien.lu

Den Aloyse huet dann och vill gutt Grënn ergraff ze sinn. Aus engem klenge Challenge 2007 ass elo en Evenement entstanen, deen duerchaus zur Traditioun gewuess ass. Hien ass awer och besuergt. An Zäite wou sech jonk Lëtzebuerger nees op der internationaler Zeen weisen, ginn et am eegene Land ëmmer manner Coursen.

Richteg bosseg fënnt hien och, dat elo wou d‘Federatioun matkritt huet, datt „24 Stonne Vëlo Wëntger“ gutt leeft, si sech ee Stéck vum Kuch huelen. Si hunn den Event einfach als „Cyclo“ agestuuft a verlaange vum Organisateur 1€ pro Coureur. Dat kléngt wéineg, och bei eppes méi wéi 1.100 Participante. Mee et sinn dann awer och ee ganze Batz Suen déi net méi kënnen un d‘Veräiner vun der Gemeng verdeelt ginn. Zur Erënnerung, et ass a proprement parler, keng Course an déi meescht, déi hei matfueren hu mat der Federatioun näischt ze dinn. Bei iwwer dausend Euro fir näischt maachen, ausser zwou Minutten investéiere fir e Link an de Kalenner ze setzen, ass dat eng stramm Leeschtung.

Och en Challenge huet seng Gewënner

Nodeems d‘Coureuren dann ee Samschdegowend um 20 Auer eng leschte Kéier iwwert d‘Linn d‘Arrivée gefuer waren, konnt een zu der Präisiwwerreechung iwwergoen. Dat net ouni nach eng grouss Familljefoto ze maachen. Duerno waren der vill frou eng Dusch ze huelen an nach e Maufel z‘iessen. Et huet deemno geheescht sech ze gedëllegen, wat kengem wierklech schwéier gefall ass. Z‘iessen an ze drénke war masseg do.

Bei de Solo-Fuerer stoung den Jamros Boguslaw, mat 204 Tier um ieweschten Träppchen – © Martine de Lagardère/moien.lu

Um hallwer zéng dann awer war et esou wäit. De Carlo Weber krut e Micro an de Grapp gedréckt an huet sech mam Camille Gadold – laangjärege Speaker vum Event – ofgewiesselt fir d‘Gewënner an de verschiddene Kategorien op de Podium ze ruffen. Dat awer net ouni virdrun ee sëllechen a verdéngte Mercie lass ze ginn. D‘Pompjee, d‘Secouristen, déi ganz Fräiwëlleg, de Comité, den Public, natierlech alleguerten déi matgefuer sinn a zu gudder Läscht net ze vergiessen déi 70 Sponsoren.

Geéiert ginn ass awer och de Serge Hoffmann, deen d‘Coupe designt a gemaach huet. Och de Carlo Weber krut fir seng zéngte „Presidence“ ee Kaddo. Dee wuel leschten, wëll hien huet ugekënnegt, datt hien de Staf wëll weider reechen. Zéng Joer wieren eng laang Zäit an et kéint net schueden, wann ee jéngeren den Zepter géif iwwerhuelen.

D‘Schlusswuert ass dann dem Carlo Thommes, Buergermeeschter vun der Gemeng Wëntger iwwerlooss ginn. Den huet zefridde festgestallt, datt „wien hei war, war frou an zefridden“. Hien huet der Organisatioun säi Respekt zum Ausdrock bruecht, well zéng Joer laang esou erfollegräich ze sinn ass net einfach. De Carlo weess awer och, datt de Site all Viraussetzungen erfëllt, woubäi et ouni den Asaz vun all eenzelen net geet.

E ganz gléckleche Marathonleefer huet den Haaptpräis, gesponsert vu LS-Sports, mat heem geholl – © Martine de Lagardère/moien.lu

Bis an déi fréi Moiesstonne gouf am an ronderëm d‘Zelt gefeiert. Keen ass verluer gaangen an déi meescht dierften och 2018, um 27. Juli, nees hir Zelter zu Wëntger opschloen. Et ass wei gesot, keng Course am eigentleche Sënn, mee en Challenge. En Challenge fir déi wou sech all Joers nees op de Vëlo setzen, awer och en Challenge fir den Organisateur an déi vill Fräiwëlleg. Hinne gehéiert dann och de grousse Merci. Ee merci besonnesch vun der L.A.R. (Luxembourg Air Rescue) deenen dëst Joer de Scheck vu 5.000 Euro zoukomm ass.

Kuckt och eis Galerie!

Den Detail vun de Resultater fannt dir hei http://ris-timing.be/24-h-velo-wincrange-28-29-july-2017/

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

 

Ähnlech Sujeten 24 Stonne Vëlo Wëntger, Vëlo, Wëntger
Nächsten Artikel Virrechten Artikel