Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coolsurprise
De John Oliver zerleet Impfgéigner
Kultur Neiegkeeten

De John Oliver zerleet Impfgéigner

De John Oliver hëlt sech verschiddensten Themen an senger Last

ADR-Wahlkongress: Den Erfolleg baséiert op dräi Sailen
Kultur Neiegkeeten

ADR-Wahlkongress: Den Erfolleg baséiert op dräi Sailen

Eppes iwwer honnert Memberen, Kandidaten a Militanten haten um Samschdegowend

lovesurprise
Schwätzt dir Lëtzebuergesch?
Kultur Neiegkeeten

Schwätzt dir Lëtzebuergesch?

Mat zwee neie Bicher kann sech de nationale Sproochen-Institut (INL)

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht

Et ass schonn déi 24. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg, een Event fir grouss a kleng Bicherwierm vun all Genre. Vum 17. bis den 18. November kënnen Auteure, Kënschtler an Institutiounen erëm mam Publique zesummen treffen, Liesungen ofhalen an, an den Discours mat Bicherfrënn goen. Och dëst Joer gëtt nees mat iwwert 12.000 Visiteure gerechent.

Fir eis Lëtzebuerger ass, nieft der Frankfurter Buchmesse, dëst Event an der Gemeng Walfer ee kulturellt an immens spannend Event. Wien kennt net de Geroch, wann een duerch Bicher bliedert, no enger neier spannender Geschicht sicht, déi een unhand vum Klappentext eraus siche muss an d’Gefill eng nei Geschicht mat Heem ze huelen. Do bidden d’Walfer Bicherdeeg déi perfekt Kuliss, fir un Liesungen deel ze huelen, u Workshoppen deel ze huelen an d’Ambiance mat Musek ze genéissen.

Walfer Bicherdeeg

Zur donkeler Joreszäit ass et ëmmer schéin sech mat engem Schoki an engem gdude Buch ënnert Decken ze verkrauchen an eng aner Welt ze betrieden. © Gemeng Walfer

Dëst Joer ass de Motto „Kultur ierwen, Kultur verierwen“, an dat kënnt net vun ongeféier. Et stellt sech d’Fro, op mir Verwalter oder Gestalter vun dësem Ierwe sinn. Et ass do och keen Zoufall, datt 2018 zum europäesche Joer vum Kulturierwen deklaréiert ginn ass. Aus dësem Grond kritt dir hei nieft Literatur ee räiche Programm un Animatioun, Workshoppen a Konscht gebueden.

Grousse Succès an engem klenge Land

Dat ehemolegt klengt Fest huet sech zu engem nationalen Event kristalliséiert. Um risege Site sinn d’Aktiounen iwwert 2 Halen an, an engem Zelt verdeelt. Mat insgesamt 838 Meter u Stänn, 96 Verkeefer an 53 Auteuren ass hei fir jiddwereen eppes dobäi.

Een decke Programm steet un

D’Organisateuren hunn et sech net huele gelooss ee räichhaltege Plang op d’Been ze stellen. Hinne war et besonnesch wichteg, fir all Alterskategorie eppes un ze bidden. Aus dësem Grond hunn d’Kanner hei hiren ganz eegene Beräich wou si mat Bicher, Liesungen an Animatioun ënnerhale ginn.

Walfer Bicherdeeg

Et ass méi wéi just Literatur. Hei profitéiert Kleng a Grouss vu Liesungen a fir d’Auteuren ze treffen. D’Claudine Trauden ass mat Leiw a Seil dobäi. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ee weidere wichtegen Haaptpunkt ass de Buchpräis, den et scho säit 2006 gëtt an lescht Joer reforméiert ginn ass. Aus 3 Kategorien (Literatur, Kanner- a Jugendbicher, Sachbuch a Bildband) wielt souwuel de Jury, wéi och de Publique déi bescht Geschichten eraus.

Wiem dat net duergeet sollt onbedéngt un engem vun de Workshops deelhuelen. Zesumme mam Tullio Forgiarini erkläert de „romain noir“ a weist unhand vun Übunge, wéi ee gewëssen Effekter an eng Geschicht mat era bréngt. Donieft gëtt awer och de Film „Baby(a)lone“, den d’Geschicht vun zwee Jugendlechen um spannende Wee zu sech selwer erzielt, gewisen.

Ee besonneschen Highlight ass awer definitiv de Songwriting-Workshop mam Claudine Muno. D’Lëtzebuerger Schrëftstellerin a Sängerin weist alle Wëssensgieregen, wéi een ee Liddertext schreift a wéi ee vun den éischte Skizzen an Iddie bis hin zum fäerdegen Optrëtt kënnt.

Moderéiert ginn d’Walfer Bicherdeeg vun der Literaturstudentin Christine Mandy. Hatt ass houfreg fir des Tâche gefrot ginn ze sinn an ass faszinéiert vun onserer Diversitéit an der Literatur, schonn eleng unhand vun den ënnerschiddleche Sproochen. Dëse Fait erlaabt der Schreifkonscht ee räiche Spektrum un Handlungen, sief et elo Fantasy, ee Krimi oder ee Roman iwwert Léift.

Walfer Bicherdeeg

Als Literaturstudentin beschäftegt sech d’Christine Mandy all Dag mat der Diversitéit vun der Literatur. Fir eis bleift villes spannend, wëll déi meescht Bicher eréicht nei eraus kommen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wat dierf natierlech net feelen? Richteg, déi legendär Dictée mam Jhemp Schuster. Hei geet et méi ëm de Spaass, wéi ze gewannen, eleng wëll d’Lëtzebuerger Sprooch nach keng genau Grammaire huet. Dëst ännert sech awer am Januar. Hie wëll hei definitiv net als Proff ugesi ginn, mee op seng eegen Aart a Weis fir eng flott Ambiance suergen.

Walfer Bicherdeeg

Wei wäit kennt Dir Iech mat eiser Sproch aus? Hei hudd Dir d’Méiglechkeet et ze testen. © Gemeng Walfer

Literatur ass eng Konscht. Do kann also eng Ausstellung u Biller net feelen. Ënnert der Leedung vum Här Tomassini hunn d’Schüler aus dem Lycee Technique des Arts et Metiers Portraite vu verschiddenen Auteure gemoolt. Dobäi missten si sech mat den Auteuren a Verbindung setzen, fir uschléissend ee Konschtwierk entstoen ze loossen.

Walfer Bicherdeeg

Ee Bild ass och eng Aart vun Narratioun. All Bild vermëttelt seng Geschicht. Dofir engagéiert sech den Här Tomassini mat senge Schüler. © Martine de Lagardère/moien.lu

Besonnesch freet eis d’Kollaboratioun mat der Wolzer Nuit des Lampions. Déi immens dekorativ Lampionen aus dem Atelier Protegé ronnen d’Bild of an loossen eng speziell Ambiance entstoen. An dat ënnert anerem och wéinst den „Eastern Beats an d’Bites“, wou et ëm d’Integratioun vum Orient geet, mat Musek an der Richtung Balkan Beat an typescht Iessen, wéi beispillsweis Falaffel.

An? Interesséiert?

Alleguerten déi wichteg Informatiounen an de Programm fannt Dir um Site vun de Walfer Bicherdeeg. Samschdes ass op vun 10:30 Auer bis 18:00 Auer. Den Dag drop kann ee schonn ab 10:00 Auer stöbere kommen.

Ähnlech Sujeten Claudine Muno, Konscht, Literatur, Musék, Walfer, Walfer Bicherdeeg, Workshop
Nächsten Artikel Virrechten Artikel