Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!
International Neiegkeeten

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!

Fir net géint d’Wuelergoe vun den Déiere bei de laange

De Bichergeck – eng kleng Virstellung
International Neiegkeeten

De Bichergeck – eng kleng Virstellung

Wann ech an engem Molbuch krozelen, molen ech iwwert de

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen
International Neiegkeeten

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen

Kee Frënd vu Fussball? Du wëlls Russland net aus politesche

240.000 Stëmme fir europäesch Gewässer

240.000 Stëmme fir europäesch Gewässer

Momentan organiséiert d’EU-Kommissioun eng Biergerbefroung am Kader vun de Waasserrichtlinnen. Eng vun de wichtegsten Direktive vum Gewässerschutz kéint esou ofgeschwächt ginn, andeems d’Zieler fir d’Memberstaaten reduzéiert ginn. Genau dat wier de komplett falsche Wee, fir déi schlecht Qualitéit vun eise Gewässer an de Grëff ze kréien. Elo zielt all Stëmm!

D’Richtlinne vum Waasser (WRRL) aus dem Joer 2000 ass déi zentral EU-Direktiv zur Protektioun vun eise Gewässer. 2008 ass dës Richtlinn souguer an dat nationaalt Recht iwwerdroe ginn. Amfong war et schonn d’Ziel, fir bis 2015 europawäit ere gudde chemeschen, wéi och ekologeschen Zoustand vun de Gewässer op der Uewerfläch, wéi och vum Grondwaasser ze erreechen. Bis dato hu mir dëse But net erzielt.

Net nëmme fir Flëss, Baachen a Fiichtgebidder ass d’Richtlinn enorm wichteg, mee och fir den Erhalt vun der Villfalt vun eisen Déieren a Planzen. Just esou kann dat domadder verbonnenent Ökosystem nohalteg geschützt ginn. An awer muss ee bedenken, datt 2027 déi relevant Direktiv ausleeft, wouduerch d’Ëmwelt gefährt ass.

Mëttlerweil ass auszeschléissen, datt d’Qualitéit vun de Gewässer a ganz Europa sech bis zur Deadline 2027 wäert verbesseren. Op der enger Säit läit dat un der Ëmsetzung vu ville Moossnamen, déi sech als méi schwéier erweisen, wéi am Ufank ugeholl. Donieft huet et dann och immens laang gedauert, bis d’Moossnamen effizient a konsequent ugaange gi sinn. Et braucht deelweis Jore bis déi (positiv) Effekter am Gewässer a Grondwaasser antrieden.

Ee weidere Facteur ass de Klimawandel. Duerch déi verännert Klimaereegnisser si vill nei Aspekter dobäi komm, déi am Gebuertsjoer vun der Richtlinn nach net a Betruecht gezu gi sinn. Och aus dësem Grond konnten a ville Länner déi gesetzten Zieler nach net erreecht ginn.

Wéi et zu Lëtzebuerg ausgesäit

Am Grand-Duché gesäit d’Situatioun kritesch aus. Just 3% (!) vun eise Gewässer si momentan a guddem Zoustand. Obwuel de Waassermanagement no der Ëmsetzung vun der Direktiv am nationale Recht komplett reforméiert gouf, si mir nach ee risege Schratt vun eisem Ziel ewech. Schold dorunner huet awer net d’Richtlinn.

No der Ëmsetzung ass d’Personal fir d’éischt massiv opgestockt ginn, eng ganz Rei vu wëssenschaftlechen Etüden iwwert d’Qualitéit goufe gemaach an d’Resultater sinn analyséiert ginn. Esou war de Wëssensstand iwwert den Zoustand vun eisen heemesche Gewässer nach ni esou héich wéi elo.

Säit der leschter Legislaturperiod ënnerläit déi verantwortlech Administratioun dem Ëmweltministère. Am Joer 2017 ass een neit Waasserschutzgesetz gestëmmt ginn, aus enger Drénkwaasser-Schutzzon sinn der 22 ginn, weider 21 kommen an Zukunft an 8 Zonë kommen dëse Fréijoer dobäi. Domat sinn zirka 80% ofgedeckt. Et ass och fir d’éischt, datt de Landwirten d’Subsiden aus dem Waasserfond ausbezuelt goufen.

Matmaache gëllt!

Waasser ass ee wichtegt Element. Esou wier et de falsche Wee d’Zieler erof ze setzen. Et schéngt awer, wéi wann zu Bréissel verschidden Acteuren – dorënner e puer Memberstaaten an d’Aggrarlobby – an eng Richtung gedréckt ginn, déi net fir de Schutz vun de Gewässer steet.

Fir dëst ze verhënneren an ze weisen, datt den europäesche Bierger propper Gewässer wichteg sinn, rifft natur&ëmwelt Asbl dozou op, nach bis den 19. Mäerz 2019 bei der Biergerbefroung vun der EU-Kommissioun matzemaachen.

Bis elo hu ronn 240.000 Mënschen der Natur hir Stëmm ginn. Och Lëtzebuerg soll een Zeeche setzen, an dat mat op mannst 1.000 Ënnerschrëften. Matmaachen dauert just 30 Sekonnen!

Méi Informatioune ginn et ënnert www.naturemtlwelt.lu .

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, natur&ëmwelt, Waasserschutz, WRRL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel