Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Réckbléck: 7. Editioun „Green Business Awards“ mat flotte Laureaten
https://moien.lu/signs-he-is-dating-you/ https://moien.lu/classified-hookup/

oslo hookup

Den 19. Oktober war et nees esou wäit, kuerz iert

mackie d8b hookup
https://moien.lu/signs-he-is-dating-you/ https://moien.lu/classified-hookup/

Editorial: Wie Wahlplakater zerstéiert ass geféierlech domm

Säit haut de Moien ass d‘Campagne fir d‘Chamberwahlen offiziell agelaut

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn
https://moien.lu/signs-he-is-dating-you/ https://moien.lu/classified-hookup/

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn

Den 13. Abrëll hat de Stolgigant ArcelorMittal bekannt ginn, datt

25 Doudeg Motocyclisten tëscht 2015 an 2018

25 Doudeg Motocyclisten tëscht 2015 an 2018

Aus dem Rapport vun der Statec geet ervir, datt tëscht dem 1. Januar 2015 an dem 31. Dezember 2018, 643 Motocyclisten an en Accident verwéckelt waren. 282 dovunner goufe schwéier, 311 liicht blesséiert. 24 Motocyclisten si ma Schreck dervu komm, 25 Motarde sinn ëm d‘Liewe komm.

Déi schwéierst Accidenter hunn sech am Norden an am Oste vum Land zougedroen. Bei den Delikter, ass et fir iwwert d‘Hallschent d‘Vitesse déi zu Grond muss geluecht ginn. Motocycliste sinn dofir méi verstänneg wann et ëm den Alkohol geet. „Nëmmen“ 3% vun hinnen si positiv kontrolléiert ginn (géintiwwer 17% bei den Automobilisten).

Motocyclisten

Hale mir nach fest datt d‘Motocyclisten eng „gefäerde Spezies“ sinn a 26% vun de schwéier Blesséierten am genannten Zäitraum ausmaachen. Zum Verglach si stellen nëmmen 8% vun de Liicht verletzten. Bei den „Affer“ handelt sech haaptsächlech ëm Männer (537), déi och zur grousser Majoritéit d‘Chauffere vun de Gefierer, während d‘Dammen éischter Passagéier sinn.

Iwwert déi lescht zéng Joer huet d‘Zuel vun den ugemellte Motorrieder ëm 36% zougeholl, d‘Zuel vun den affer ëm 25%. Am Schnëtt waren déi am genannten Zäitraum blesséiert oder verstuerwe Biker 40 Joer jonk. 17% hu manner wéi 25 Joer, a 17% sinn iwwer 55, woubäi déi meescht an der Altersklass tëscht 25 a 54 Joer sinn. 47% vun de Victime sinn net-Lëtzebuerger.

Motocyclisten

Déi meescht Accidenter geschéien zudeem bei beschtem Wieder. Och ass et de Weekend wou déi meescht Onfäll ze notéiere sinn. 43% vun den Affer haten en Accident op riichter Streck, 25% haten den Onfall an enger Kéier. Déi meescht (35%) haten en Accident ouni Friemawierkung. Déi sinn aus diverse Grënn entweder gefall oder gerutscht.

Am Rapport goufen dann awer nëmmen déi Accidenter berécksiichtegt, déi op enger ëffentlecher Strooss passéiert sinn, wou et zum Kierperschued komm ass a wou d‘Police intervenéiert. Och déi sougenannt „Quiglien“ (Mobylette bis 50 ccm) sinn an dëser Statistik net zréckbehale ginn.

Matgedeelt vum Statec, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Accidenter, Motocyclisten, Statec, Verkéierssécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel