Search

You may also like

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali
Neiegkeeten

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali

Mir all kennen den exzentresche Kënschtler duerch seng schmëlzend Aueren,

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen
Neiegkeeten

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen

Et war net nëmmen einfach „schlecht Wieder“,  Eleonor war en

Op d‘Strooss gesat
Neiegkeeten

Op d‘Strooss gesat

D‘Caritas Lëtzebuerg, där hir Missioun doranner besteet den Äermste bäizestoen

25 Indicateure fir de Klimawandel zu Lëtzebuerg ze verfollegen

25 Indicateure fir de Klimawandel zu Lëtzebuerg ze verfollegen

An de 5 leschte Joren ass déi duerchschnëttlech Jorestemperatur ëm 1,6 °C geklommen. Dobäi ass de Reenundeel ëm 5,6 % erofgaangen. Eleng am Joer 2015 konnt een neie Rekord zu Lëtzebuerg verzeechent ginn: ganzer 18 waarm Deeg, mat enger Temperatur iwwer 30 °C goufe festgehalen. Soumat huet een elo am Grand-Duché 25 Indicateuren erausgesicht, déi d’Relatioun tëscht den anthropogenen Aktivitéiten an dem Klimawandel duerstelle sollen.

Dëse Summer hu mir et nees gespuert: Extrem Wiederkonditioune sinn och zu Lëtzebuerg keng Seelenheet méi. D’Populatioun, a virun allem déi jonk Generatiounen, fuerdert no Handlunge säitens der Regierung. Dës wëll de Klimawandel awer éischter ofschwächen, wéi sech unzepassen.

Fir déi richteg Decisiounen ze treffen an d’Resultater ze verfollege braucht een zouverlässeg a pertinent Unhaltspunkten. No de Recommendatioune vun der UNECE huet ee soumat 25 Indicateure fir Lëtzebuerg opgestallt.

Méi waarm, manner naass

Am Ganze bezéien sech 4 vun de 25 Indicateuren op meteorologesch Evenementer: Anomalië bei den duerchschnëttlechen Temperaturen, Differenze beim Nidderschlag, Ännerunge bei de waarmen Deeg, sou wéi d’Evolutioun vun de Graddagszuelen (GDZ).

An de leschte Joren ass d’Temperatur nämlech 1,6°C eropgaangen, am Verglach zur Period 1961 bis 1990. An der selwechter Period ass d’Quantitéit u Reen dobäi ëm 5,6% erofgaangen.. Mat 18 waarmen Deeg (≥ 30°C) konnt 2015 een neie Rekord opgestallt ginn an och eis Wantere gi laut GDZ säit 25 Joer ëmmer méi mëll.

25 Indicateure

Fir de Grand-Duché huet een soumat nach ee 5ten Indicateur dobäi geholl: D’Proportioune vun de Prouwe vum Séisswaasser zu den disponibele Ressourcen. Den Niveau ass an de leschte Joren nämlech och weider zeréckgaangen an huet 2016 ee Wäert vun 2,7% ugeholl. Am Verglach zu den Nopeschlänner ass den Niveau immens déif, wouduerch een zu Lëtzebuerg momentan nach net vun engem gréissere Problem bei der Disponibilitéit vum Waasser ausgoe muss. Dobäi stellt de STATEC allerdéngs fest, datt d’Waasserreserven un der Saar-Musel am Summer 2015 nach ënnert der Grenz vum déifste Waasserstand waren.

Zäregasemissiounen ëm 23% zeréckgaangen

De Klimawandel gëtt duerch ze héich Konzentratiounen un Zäregas an der Atmosphär viru gedriwwen. Déi exzessiv Konzentratioun ass dobäi zum Deel zeréckzeféieren op d’Emissiounen édi zur Zäit vun der Industrialiséierung ausgestouss gi sinn. D’Statistiken zu den Zäregasemissioune ginn allerdéngs just bis op d’Joer 1990 zeréck.

Déi sechs Indicateure fir dëse Beräich ginn also eréischt ab dem genannte Joer analyséiert: Den Total vun den Zäregasemissiounen, d’Emissiounen an d’Intensitéit vun Zäregasemissioune bei wirtschaftlechen Aktivitéiten, direkt Zäregasemissioune vun de Menagen, Emissiounen duerch Buedembenotzung, sou wéi d’Emissiounen déi duerch d’Kraaftstoffer opkommen.

Heibäi stellt de STATEC fest, datt tëscht 1990 an 2017 d’Zäregasemissiounen am Ganzen ëm 23,2% erofgaange sinn. Am Joer 2005 huet ee mat 12.424 Tonnen CO2 ee Maximum erreecht. Virun 2 Joer louchen d’Emissioune bei 9.892 Tonnen. An der Period tëscht 1990 bis 2017 huet Lëtzebuerg insgesamt 305.013 Tonnen CO2 ausgestouss.

Kuckt een elo d’Verbrennung vu Kraaftstoffer, esou huet de Beräich Transport tëscht 2000 an 2017 am Duerchschnëtt 56,2% un Emissioune fräigesat.

18% un Emissioune komme vun de Menagen

Tëscht 2008 an 2016 huet déi national Wirtschaft ee Wäert vun 10.055 Tonnen CO2 erreecht. Virun allem den Transport mat Fligeren an d’Hierstellung vun net-metallesche mineralesche Produite sinn de gréisste Problem.

Tëscht 2008 an 2014 sinn d’Wäerter vun de Menagen zwar no an no erofgaangen, steigen awer och zënter 5 Joer nees un. Ervir hiewe muss een awer, datt eis Buedemnotzung ee positiven Afloss op d’Ëmwelt hëlt: Am Joer 2016 sinn 491 Tonnen CO2 absorbéiert ginn. Tëscht 1990 an 2016 konnt een am Ganzen eng Absorptioun vun12.993 Tonnen CO2 notéieren.

25 Indicateure

3 Tonnen CO2 pro Awunner

Bei de 25 Indicateure bezéien sech déi nächst 6 Stéck op: den totale Konsum un Energie, de Konsum un Energie vun de Menage pro Kapp, déi energesch Intensitéit vun den ekonomeschen Aktivitéiten, d’Intensitéit u Kuelestoff bei der Energie – souwuel bei der nationaler Ekonomie an de Menagen, sou wéi de Verkaf vu Kraaftstoffer un Net-Residenten am Total vum Verkaf.

Tëscht 2008 an 2015 ass de Konsum un Energie erofgaangen, ass awer 2016/2017 nees geklommen an erreecht ee Wäert vun 178.102 Terajoule (TJ). Bis 2016 konnt een de Konsum ëm 17,2% reduzéieren, sou datt een deemools op 52 Gigajoule pro Persoun komm ass. Trotz Bevëlkerungswuesstem ass dës Diminutioun stabil bliwwen.

25 Indicateure

Eng Äntwert op de Klimawandel?

Generell ginn et just zwou Reaktiounen zum Klimawandel: Ofschwächung oder Upassung.

Éischtes géif viraussetzen, datt d’Zäregasemissiounen, déi duerch mënschlech Aktivitéiten, reduzéiert ginn. Heivir misste mir all manner Energie verbrauchen an/oder se méi effikass notzen, fossil Energien duerch erneierbar Energien ersetzen an d’Quantitéiten un ausgestoussem CO2 reduzéieren. Dozou muss gesot sinn, datt een esou zukünfteg Emissiounen zwar reduzéiert, den aktuelle Stock un Zäregas an der Atmosphär awer net betraff gëtt.

5 Indicateure goufen an dësem Beräich ausgewielt: d’Zomm vun den Energietaxen, d’Zomm vun den Transporttaxen, den duerchschnëttleche Präis vum Kuelestoff, d’Zuel vun de gratis Emissiounzertifikater, d’Zuel vu kaaften Emissiounszertifikater an den totale Konsum vun erneierbaren Energien.

25 Indicateure

Entscheede mir, eis unzepassen, esou muss jiddweree säi Liewensstil a Konsumverhale limitéieren. Allerdéngs sinn hei d’Moossnamen nach ëmmer ze wéineg entwéckelt, wat – sou de STATEC – dorunner läit, datt den Impakt vum Klimawandel bei eis nach net esou spierbar ass.

Heivir goufe folgend 3 Indicateuren erausgesicht, déi sech virun allem op d’Notzung vum Waasser bezéien: d’Evolutioun bei der Effizienz bei der Waassernotzung, de Konsum u Waasser vun de Menage pro Kapp an de Verloscht u Waasser am Verglach zum Total vum gestellte Waasser.

Bis ewell sinn d’Observatiounen allerdéngs ze kuerz ausgefall, fir Réckschlëss ze zéien. Fir 2020 ass eng Aktualiséierung an dësem Beräich virgesinn. Soe kann een awer, datt an de leschten dräi Joer am Duerchschnëtt 47 m³/Awunner verzeechent gi sinn, sou wéi eng Perte vun 3,4% bei der Distributioun vum Waasser.

Related topics 25 Indicateuren, Erneierbar Energien, Hëtztwell, Klimawandel, Lëtzebuerg, Reen, Statec, Waasserverbrauch
Next post Previous post