Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zeckenzäit fir eis Muppen – reegelméisseg Kontroll ass wichteg!
Kultur Neiegkeeten

when do damon and elena finally start dating

De Fréijoer léist esou munch Gedéiesch nees opliewen. Mat vun

nigerian dating site
write a little about yourself for dating
Kultur Neiegkeeten

POST Lëtzebuerg: als Entreprise um gudde Wee?

Déi „Privat Entreprise mat Staatskapital“ POST Lëtzebuerg huet gëschter säi

Groussbritannien huet e… Mayxit!
Kultur Neiegkeeten

Groussbritannien huet e… Mayxit!

Endlech huet d‘Theresa May agesinn, datt hir Politik op kee

25 Joer Lëtzebuerger Weltierwen: Optakt vun de Feierlechkeeten

“Lëtzebuerg, Alstad a Festung” zanter 25 am UNESCO-Regëster

25 Joer Lëtzebuerger Weltierwen: Optakt vun de Feierlechkeeten

E Mëttwoch, den 3. Juli hunn d’Kulturministesch Sam Tanson, d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer souwéi d’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, d’Feierlechkeeten zum 25. Gebuertsdag vum Weltierwen “Lëtzebuerg, Alstad a Festung” am UNESCO-Regëster ageleet. An dësem Kontext huet een de Label “25 Joer Lëtzebuerg Weltierwen” a véier Sprooche presentéiert a rifft zugläich zur allgemenger Bedeelegung un de Feierlechkeeten op.

Iwwert de Site patrimoinemondial.lu kënnen ab elo kulturell, pädagogesch oder touristesch Projeten agereecht ginn. E Comité, bestoend aus Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg, dem Luxembourg City Tourist Office (LCTO), der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun an dem Kulturministère, verdeelt deen uewen ernimmte Label a wäert déi Projeten als Deel vum offizielle Festprogramm vermaarten. D’Feierlechkeete wäerte sech iwwert ee Joer erstrecken, ugefaangen de 17. Dezember 2019 a mam Schlusspunkt genau ee Joer drop.

D’Feierlechkeete sinn dobäi op 5 Themefelder verdeelt:

  • UNESCO Weltierwen an Educatioun
  • UNESCO Weltierwen a Konscht / Kulturvillfalt
  • UNESCO Weltierwen an nohalteg Entwécklung
  • UNESCO Weltierwen an nei Technologien
  • UNESCO Weltierwen an immaterielle Patrimoine

De Label soll offiziell déi héich Qualitéit vun den agereechte Projeten auszeechnen. Den Antrag an den offizielle Programm vun de Feierlechkeete ronn ëm dat 25. Jubiläum géif de feste Wëllen ënnersträichen, d’Bevëlkerung an d’Festlechkeete mat anzebannen, weist sech e Sam Tanson erfreet. A well Weltierwen eis all gehéieren, wier am Viraus kloer gewiescht, d’Feierlechkeete participativ ze gestalten, esou si weider.

UNESCO Weltierwen

De Label “25 Joer Lëtzebuerg Weltierwen” soll qualitativ héichwäerteg Projeten ronn ëm d’Feierlechkeeten auszeechnen.

Lëtzebuerger Weltierwen: Appell u Geschichtsfrënn & Co.

Iwwerdeems huet d’Lydie Polfer e klengen Ausbléck op de Startschoss um 17. Dezember 2019 geworf. Am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg mécht den UNESCO Visitor Center dann seng Dieren op. Deeselwechten Owend fënnt nach eng akademesch Sëtzung mat Expertevirträg zur Stadentwécklung am Weltierwe statt. Ausserdeem géif een 2020 e Bléck an d’Vergaangenheet woen. Sou zum Beispill mat enger Fotosausstellung vun der Stater Fotothéik iwwert d’UNESCO-Zonen zu Lëtzebuerg.

Do dernieft ginn eng Rei UNESCO-Entdeckungsweeër ageweit. Den éischten UNESCO-Vëlostour gouf jo scho mol dëst Joer am Abrëll ageweit. Ausserdeem erschéngt eng Spezialeditioun vun ons Stad zum Thema UNESCO.

Et géif ee sech doriwwer freeën, wa Kulturveräiner a Frënn vun der Stad- a Baugeschicht beim Programm eng Hand mat upake an d’Villfalt vu “Lëtzebuerg, Alstad a Festung” duerch zuelräich Projeten duerstellen géifen, erkläert d’Lydie Polfer.

Fir guidéiert Stadbesichtegungen, Virträg, Buch- an Artikelverëffentlechungen, Konschtopféierungen, touristesch a gastronomesch Offeren, wëssenschaftlech Studien a souguer fir App-Entwécklungen zur Vermaartung vum Weltierwe kann eng Ufro iwwert de Formulaire vum Site agereecht ginn. Gemengen, gemengnëtzeg Veräiner, Frënn vum Kulturierwen oder der UNESCO, grad sou wéi Eenzelpersounen, Schoulen, ëffentlech oder privat Ariichtungen, Entreprisen an touristesch Acteuren sinn agelueden, sech aktiv drun ze bedeelegen.

Wéi d’Simone Beck bestätegt, kënnen d’Projeten ab elo agereecht ginn. Soubal de Label verginn ass, gëtt de Projet als Deel vum offizielle Festprogramm an den Drock- an Digitalmedien vermaart.

Opmaacherfoto: © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten Alstad a Festung, Lëtzebuerg, Lydie Polfer, Patrimoine, Sam Tanson, Simone Beck, UNESCO, Weltierwen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel