Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwerall loossen si hiren Dreck leien
Kultur Neiegkeeten

Iwwerall loossen si hiren Dreck leien

Den Natur- a Geopark Mëllerdall (NGPM) ass wuel net déi

Tëscht der Demokratie an dem Staatsrot sti Welten
Kultur Neiegkeeten

Tëscht der Demokratie an dem Staatsrot sti Welten

Bei déi lénk ass een éischter verwonnert wéi rosen, well

Verstäerkt Video-Iwwerwaachung am Garer Quartier
Kultur Neiegkeeten

Verstäerkt Video-Iwwerwaachung am Garer Quartier

Fir d’Sécherheet vun de Bierger ze garantéieren informéiert de Minister

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner

Zu Puket an Thailand gouf d’Stad Lëtzebuerg mat sengen ale Quartieren a senge Festungsanlagen op d’Lëscht vum sougenannte “Weltkulturerbe – Patrimoine culturel mondial” vun der UNESCO gesat.

No 25 Joer ass et elo un der Zäit, e klenge Bilan ze zéien iwwert alles dat, wat an där Zäit geschafft gouf, fir d’Iwwerreschter vun onsem gréissten nationalen historesche Monument, d’Festung vu Lëtzebuerg, ze erhalen an och de Leit zougänglech ze maachen. Dat soll am Kader vun 2 Konferenze geschéien.

  • D’Festung Lëtzebuerg, Gëschter, Haut a Muer.
    Um 12. Mäerz 2020
    Dës Konferenz beliicht di mouvementéiert Geschicht vun onser Festung. Wéi ass se entstanen, wéi huet se sech entwéckelt, wéini ass se ofgerappt ginn a wat ass dervun iwwereg bliwwen? Wat ass mat den Iwwerreschter geschitt éier se vun der UNESCO op di faméis Lëscht gesat goufen? Wat ass dono u Projete realiséiert ginn a wéi behandele mer di Iwwerreschter elo? Wat kennt een nach weider dermat maachen?


  • Restauratioun vun der “Wenzelsmauer” an de Festungsiwwerreschter op der Rumm
    Um 26. Mäerz 2020
    Duerch dës Konferenz soll e klengen Abléck offréiert ginn an di sëllechen Aarbechten, déi noutwenneg sin, fir en historesche Site nees an d’Rei ze setzen an fir doduerch di ganz Anlagen fir d’Leit och zougänglech an erliefbar ze maachen. An de Joeren tëschent 2003 an 2008 sinn archeologesch Ausgruewungen op der Platz gemaach ginn. D’Étuden an d’Pläng sinn 2009 ausgeschafft ginn. D’Aarbechte selwer hu gedauert vun 2010 bis 2014 an de ganze Site gouf den 30. Juli 2015 feierlech ageweit.

Wéi, wat a wou?

De Konferenzzyklus um 12. a 26. Mäerz 2020 gëtt organiséiert vun der Gemeng Steesel, zesumme mat der Kulturkommissioun. Geleet ginn d’Evenementer vum Robert Wagner, Diplom-Ingenieur a President vun der Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg Asbl. Lass geet et jeeweils um 19:30 Auer am Kulturhaus Laval Tudor.

Ähnlech Sujeten 25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen, Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg, Gemeng Steesel, Geschicht, Konferenz, Robert Wagner, UNESCO, Wenzelsmauer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel