Search

You may also like

Nee zur Ofschafung vun der Eisebunnsstreck Esch/Uelzecht – Audun-le-Tiche!
Kultur Neiegkeeten

Nee zur Ofschafung vun der Eisebunnsstreck Esch/Uelzecht – Audun-le-Tiche!

Op der eegleiseger Eisebunnsstreck tëscht Esch/Uelzecht an Audun-le-Tiche gouf den

12 Doudeger bei Äerdbiewen a China
Kultur Neiegkeeten

12 Doudeger bei Äerdbiewen a China

Bei engem schwéieren Äerdbiewen an der Provënz Sichuan huet et,

Ze vill Fräiheet an net genuch Eegeverantwortung
Kultur Neiegkeeten

Ze vill Fräiheet an net genuch Eegeverantwortung

Et war een eppes genervten Vizepremier dee sech de Moien

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Déi éischt Projete goufen opgeholl

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Déi éischt Projete goufen opgeholl

Ab dem 19. Dezember 2019 gëtt ee ganzt Joer laang d’Inscriptioun vu „Lëtzebuerg, Alstad a Festung“ am Register vum Unesco-Weltkulturierwe gefeiert. D’Stad iwwerzeegt zu dëser Zäit mat spannenden Evenementer ronderëm de kulturelle Patrimoine. An dësem Kader kruten déi éischt agereecht Projete mam Label „25 Joer Lëtzebuerg Weltkulturierwen“ ausgezeechent.

Dem ëffentlechen Opruff zur Presentatioun vu Projete sollt een immensen Erfolleg sinn. Elo huet de Jury enger éischter Grupp vun 19 Participanten de Label fir héich Qualitéit vun hire 26 Evenementer erdeelt. Dës Projeten entspriechen engem vun de fënnef Themenberäicher, déi nieft der Bildung a Konscht och d’Nohaltegkeet, nei Technologien an den immaterielle Kulturierwen abezéien.

Vu Fotoausstellungen a VR-Stadtouren, bis hin zu Konferenzen, Publikatiounen an Theaterstécker fir Kleng a Grouss, dës Rei un Evenementer erweist sech als villsäiteg. Eppes vereent si awer all: D’Lëtzebuerger Alstad a Festung, un där sech all Projeten inspiréiere gelooss huet. Volleksfester, wéi d’Émaischen si grad esou gutt vertrueden, wéi al Geschichten an Traditiounen. Digital Innovatioun an artistesch Blécker op d’Stadbild rënnen de Programm perfekt of.

D’Kulturministesch Sam Tanson ass vun der Diversitéit vun de Projeten immens begeeschtert: „Datt et elo schonn esou vill Projetsvirschléi ginn, an och aus ganz ënnerschiddleche Beräicher, ass immens erfreelech.“ De kompletten Agenda fir d’Jubiläumsjoer ass iwwregens op www.weltkulturerbe.lu ze fannen.

Wien gouf opgeholl?

Bichervirstellungen

  • Luxembourg Histoire et petites histoires (Camille Hammer)
  • Kanner o Kanner. Le quartier du Pfaffenthal-Siechenhof, Luxembourg (Jean-André Stammet, S. Kayser, F. Théato Ϯ u.a.)
  • Trambahn der Stadt Luxemburg (Romain Rech, Charles-Léandre Mayer, Michel Dondelinger, Marc Thoma)
  • Dat ass Lëtzebuerg ! Flânerie au cœur de la ville de Luxembourg (Emile Espen)

Digital Projeten

  • Fortress Luxembourg (Claude Goergen)
  • Eng Postkaart den Dag – 365 historische Stadtansichten (Claude Schmit)
  • Pickvillchen digital (Comité Alstad)
  • VR-Commerce historique dans la zone Unesco (Ville de Luxembourg)

Konferenzen

  • Kanner, o Kanner quel bonheur? Geschicht an Ausbléck (Syndicat d’intérêts locaux Pfaffenthal-Siechenhof)
  • D’Éimaischen als immateriellt Ierwen (Comité Alstad)
  • D’Festung Lëtzebuerg, gëschter, haut a muer (Frënn vun der Festungsgeschicht)
  • St Maximin – dat neit Regierungsgebai (Administration des bâtiments publics)
  • Konferenzzyklus « Voyage autour du monde grâce au patrimoine mondial » (Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’Unesco)
  • Luxembourg, vieux quartiers et fortifications (Unesco Site Management in Zusammenarbeit mit dem Unesco Visitor Center und der Association de l’éducation permanente)

Theater a Konscht

  • Marionettentheater am Kader vun der Éimaischen (Comité Alstad)
  • Jean Chalop – 1443 (Comité Alstad)
  • Concours d’aquarelles dans la zone Unesco (Confrèrie Saint-Michel)
  • Coffret de cartes de vœux à l’aquarelle de l’artiste Roger Bour (Confrèrie Saint-Michel)

Ausstellungen

  • Reproduction de l’Arc de Palmyre (CCR Neimënster/Institute of Digital Archaeology)
  • Unesco Visitor Center (Lëtzebuerg City Museum/Ville de Luxembourg)
  • Célébration du patrimoine mondial de la Chine et du Luxembourg (China Cultural Center in Luxembourg)
  • La ville de Luxembourg vers 1994 (Photothèque/Ville de Luxembourg)
  • Le Grund avant et après (Maison des Jeunes – Inter-Actions)

Stadféierungen

  • Uewen an ënnen, fréier an haut: Kierchen a Kléischter an der Stad (Luxembourg School of Religion and Society/ErwuesseBildung)
  • Kirchentour: St-Jean, Hospice civil, chapelle du Glacis (Service de l’enseignement de l’archevêché de Luxembourg)
  • Let’s Talk about Unesco im Rahmen der „Promenades architecturales du Dimanche“ (Musée 3 Eechelen)

Wann och Dir een interessante Projet hutt, deen d’Lëtzebuerger Weltkulturierwen entdeckt, nei interpretéiert oder einfach feiert, da mellt Iech. Egal op Veräin, Privatpersoun, Kulturariichtung, Entreprise oder Schoul, hei gi Participatioun a Kreativitéit gefrot. D’Weltkulturierwe gehéiert nämlech eis all a sollt der ganzer Bevëlkerung gewise ginn. Bis den 30. September 2020 kënne Projeten iwwert d’Internetsäit www.weltkulturerbe.lu agereecht ginn. De Countdown leeft!

Related topics 25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen, Alstad a Festung, kulturelle Patrimoine, Kulturministère, Lëtzebuerg, Projet, Sam Tanson, UNESCO
Next post Previous post