Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?
International Neiegkeeten

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?

Enn Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) am Uschloss

Den Trump begréisst am Xi e staarke Vertrieder vum Vollek
International Neiegkeeten

Den Trump begréisst am Xi e staarke Vertrieder vum Vollek

Den US-President Donald Trump, aktuell op Asien-Tour, huet um Freideg

„Upcycling“: Konscht als zäitgenëssescht Handwierk
International Neiegkeeten

„Upcycling“: Konscht als zäitgenëssescht Handwierk

An der Galerie „Beim Engel“ wou sech d‘Saison 2017/18 mat

25 Joer Schengen-Raum: Wa Fräiheete bedreet sinn

25 Joer Schengen-Raum: Wa Fräiheete bedreet sinn

Mir schreiwen de 26. Mäerz 1995. Viru 25 Joer, ganzer 10 Joer nodeems ënnerschriwwe ginn ass, trieden d’Bestëmmungen zum Schengener Ofkommes a Kraaft. Mat der Ofschafung vun de Grenzkontrollen konnt esou eng vun de gräifbarsten Moossnamen vun der europäescher Integratioun geschaaft ginn. Den Dram no Onofhängegkeet ass esou Stéck fir Stéck zur Realitéit ginn.

Mëttlerweil erfaasst de Schengen-Raum 26 Memberstaaten, dorënner och Island, d’Schwäiz, Norwegen a Liechtenstein, déi all net Member an der Europäescher Unioun sinn. Wärend d’Grenzkontrollen am Schengen-Raum ofgeschaaft sinn, gëtt et eng Verstäerkung vun de Grenzkontrollen un de sougenannte Baussegrenzen.

Schengen-Ofkommes

© SIP

Wann de Besëtz a Fro gestallt gëtt

Als Reaktioun op d’COVID-Pandemie sinn d’Grenzen, eng no där anerer, zougemaach ginn. Kilometer laang Stauen hunn d’Beweegung vun alle Bierger behënnert, déi nees Heem komme wollten, mee och déi Aarbechter, déi am Kampf géint de Virus un d’Front missten. Den Transport vun elementare Gidder ass beanträchtegt, liewesnoutwenneg medezinescht Material a Liewensmëttel kommen méi spéit un.

An dëse schwéieren Zäiten mécht Lëtzebuerg alles, wat a senger Muecht steet, fir d’Duerchrees vun de Grenzgänger ze erliichteren an de weideren Transport vun der Grondversuergung vum alldeegleche Besoin ze garantéieren. Haut hänkt d’Liewe vun eise Bierger vun der ongehënnerter Duerchrees vun dësen Transporten of.

Dobäi braucht et Solidaritéit. D’Reegele vum Schengen-Raum bilden de Kader fir eng Zesummenaarbecht, déi et eis erméiglecht, gemeinsam déi beispilllos Erausfuerderung vun der Pandemie ze bewältegen. Aus dësem Grond fuerdert den Europaminister Jean Asselborn, datt d’Fräiheeten, déi am Schengen-Regimm festgeluecht sinn, esou schnell wéi méiglech etabléiert ginn.

Sollten d’Kontrollen un de gemeinsame Grenzen tëscht bestëmmte Länner nees agefouert ginn, esou sollt dat just eng eemoleg an temporär limitéiert Moossnam sinn a muss an Iwwerteneestëmmung mat de Verträg duerchgefouert ginn.

Lëtzebuerg rifft dozou op, dëst Bauwierk, dat souwuel d’Symbol vun eiser Unioun, mee och vun eise Fräiheeten ass, a soumat eng wichteg Sail vu Solidaritéit a Wuelstand ginn ass, weiderhin ze erhalen.

Opmaacherfoto: © SIP

Ähnlech Sujeten 25. Gebuertsdag, Coronavirus, Covid-19, Grenzkontrollen, Jean Asselborn, Pandemie, Schengen-Raum, Schengener Ofkommes, Transport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel