Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

70 Joer NATO: de Jean Asselborn zu Washington
Kultur Neiegkeeten

70 Joer NATO: de Jean Asselborn zu Washington

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass dës Woch op Washington

dislike
De Budget 2018 an 9 Tweets
Kultur Neiegkeeten

De Budget 2018 an 9 Tweets

D’Presentatioun vum Budget ass eng vun de wéinegen Occasioune, bei

dislike
Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?
Kultur Neiegkeeten

Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?

Am volle politesche Chaos, bereet sech den italienesche President, Sergio

25 Joer Téi vum Séi: Déi regional Erfollegsgeschicht geet weider!

25 Joer Téi vum Séi: Déi regional Erfollegsgeschicht geet weider!

Wat vun Doheem kënnt, dat schmaacht nach ëmmer am Beschten! Esou ass et och mam Téi vum Séi, deen an dësem Joer ee véierels Joerhonnert Bestoe feiere konnt. Duerch eng eemoleg Chance regional Produite verschaffen ze kënnen, huet sech d’Mark zu Lëtzebuerg etabléiert a gëtt hautdesdaags mat immens positiver Resonanz geschat.

D’Kreatioun vu regionalen, iwwersiichtleche Strukturen als Géigenentwécklung zu „anonymme“ Liewensmëttel huet dem Naturpark Öewersauer 1993 eng eenzegaarteg Geleeënheet gebueden, fir mat der Aféierung vun der Rei u Produiten „vum Séi“ d’Regioun ze valoriséieren an d’Gemeinschaftsbewosstsinn vun den Awunner ze fërderen. Ee vun dëse Produite feiert an dësem Joer säi 25. Gebuertsdag (ganz genee gekuckt eigentlech schonn de 26ten). De stolze Jubiläum ass natierlech uerdentlech gefeiert ginn.

Téi vum Séi

Wat am klenge Kader ugefaangen huet, ka sech mëttlerweil weise loossen: Déi modern Téifabrik op der Schleef produzéiert de bekannten Téi vum Séi © Téi vum Séi

Ee kuerze Réckbléck

Um 30. November 1993 ass d’Kraidergenossenschaft Naturpark Uewersauer gegrënnt ginn. Demols hu sech insgesamt 8 Baueren um Projet Téi vum Séi bedeelegt, wouduerch ufanks eng Fläch, vu manner wéi engem Hektar, zum Ubau vun Heel- a Gewürzkraider genotzt ginn ass.

Vun 1994 bis 1996 konnt den éischten Téi am Lassenen ugebuede ginn, ier en schliisslech handlech ofgepakt ginn ass. Wat deemools eng Firma aus Capellen gemaach huet, gouf ab 2004 offiziell vun Téi vum Séi iwwerholl. Fir unzefänken hat een an eng Occasioun investéiert, fir de regionale Produit anstänneg an attraktiv ze verpaken. Wärend véier Joer ass d’Genossenschaft esou wäit gewuess, datt een éischte Mataarbechter agestallt huet misse ginn.

Wou 2011 de Puechtvertrag gekënnegt ginn ass, huet Téi vum Séi de Standuert wiessele missen. Eng modern Téifabrik ass an der Gemeng Wanseler, fir genau ze sinn an der Schleef gebaut ginn. Am Oktober 2016 dunn de feierleche Moment: Déi nei Raimlechkeete konnten offiziell ageweit ginn.

Téi vum Séi

Hannert dësen Dieren ensti regional an aromatesch Meeschterwierker © Téi vum Séi

Eng genësserlech Taass Téi

Bei Téi vum Séi dréint alles ëm Heel- a Gewürzkraider. Fir d’Produktioun gëtt just op d’Planze vum Naturpark Öewersauer, ouni den Asaz vu chemeschen Dünger- a Planzeschutzmëttel, zeréckgegraff. Am éischte Joer ass beispillsweis Peffermënz, Kamomill oder och Anis ugebaut ginn, wärend Sortiment mëttlerweil aus 20 verschidde Mëschungen am Säckelchen, 12 lassenen Zorten, souwéi 15 verschiddene Kichekraider besteet.

D’Begeeschterung ass grouss: Duerch déi héich Nofro gi mëttlerweil souguer XXL-Päck, mat 80 Säckelcher, ugebueden. Huet een dann nach net genuch, esou kann een op de MEGA-Pak a seng 120 Téisäckelcher zeréckgräifen. Mee net nëmme bei de Päck huet ee sech misse steigeren. Ugebaut ginn d’Produiten net méi op enger butzeger Fläch, mee op enger landwirtschaftlecher Fläch vun 8 bis 10 Hektar, wat enger Veraarbechtung vu 35 bis 40 Tonne Frëschplanzen entsprécht.

Téi vum Séi

Direkt vum Feld an d’Taass! © Téi vum Séi

D’Mark Téi vum Séi ass flächendeckend a ganz Lëtzebuerg ze fannen. Wéi wier et also grad elo, zur kaler Joreszäit, mat enger gudder Taass regionalem Téi vun der Mark Téi vum Séi. Do gi sécherlech net nëmmen d’Hänn an de Mo, mee och nach d’Häerz gewiermt!

Ähnlech Sujeten Heel- a Gewürzkraider, Kraider, Naturpark Öewersauer, Naturpark Uewersauer, Regional Produiten, Schleef, Téi vum Séi, Téifabrik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel